RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Hollywood Reporter

Tv LB ↓ 138 episodes

D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: play.rtl.lu

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Tv

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Nov 19, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

Hollywood Reporter vum 30. November 2025, 30/11/2025 30.11.2025

Meryl Streep krut e weideren Oscar, wann och inoffiziell. An de Pit Biwer interesséiert sech fir e méi onbekannte Filmpräiss, den "Henrietta".

Hollywood Reporter vum 27. November 2025, 27/11/2025 27.11.2025

De Roland Emmerich huet dem Pit Biwer seng Passioun zum Kino erklärt awer och, firwat Hollywood "The Place To Be" ass

Hollywood Reporter vum 13. November 2025, 13/11/2025 13.11.2025

Eng besonnesch Frëndschaft steet haut am Mëttelpunkt, déi vum Ben Affleck an dem Matt Damon.

Hollywood Reporter vum 9. November, 09/11/2025 09.11.2025

Haut dréint sech bei eisem Hollywood Reporter Pit Biwer alles ëm de Steven Spielberg a säi Liblingskomponist, den John Williams.

Ein schrecklicher netter Interviewpartner, 06/11/2025 06.11.2025

Um Mikro vum Pit Biwer; de legendären Ed O'Neil.

Wéi ass et wa Mamma oder Pappa Hollywood-Stare sinn?, 03/11/2025 03.11.2025

Ënner anerem de Michael Douglas kann e Lidd dovu sangen

Hollywood Reporter, 30/10/2025 30.10.2025

Paien an Filmrolle fir Frae sinn zu Hollywood nach laang net déi nämmlecht wéi fir Männer. Wat sinn d'Inegalitéiten? Wou kënnt deen Ënnerscheed hier? De Pit Biwer mat e puer Äntwerte vun Hollywood. 

Hollywood Reporter, 26/10/2025 26.10.2025

Wéi sportlech ass d'Hollywood-Prominenz? De Baseball ass fir vill Staren grousse Kino wéi de Pit Biwer weess. 

Hollywood Reporter, 16/10/2025 16.10.2025

2 staark Fraen, déi och vill opweises hunn, huet de Pit Biwer an den Hollywood News derbäi, déi 2 amerikanesch Actricen Shirley Maclaine a Susan Sarandon.

Hollywood Reporter vum 12. Oktober, 12/10/2025 12.10.2025

Schräiner, Han Solo, Indiana Jones. Esou kéint een d'Ufäng vum Harrison Ford senger Karriär graff resuméieren. De Pit Biwer vun Hollywood mat engem Porträt.

Hollywood Reporter, 09/10/2025 09.10.2025

Den George Lucas mécht e Musée op, nee net iwwer Star Wars. Mä et soll e Musée ginn dediéiert der d'Konscht allgemeng an all senge Facetten. Et ass de Lucas Museum of Narrative Art zu Los Angeles an deen huet hie mat senger Fra Mellody Hobson gegrënnt. De Pit Biwer huet mam US-Kult-Regisseur a Produzent geschwat.

Hollywood Reporter, 05/10/2025 05.10.2025

E puer knuspereg Geschichte vun Hollywood huet de Pit Biwer fir eis, dat vu richtege Superstaren, ugefaange mam Bette Davis a mir kommen do nach op de Leonardo DiCaprio. Dertëscht hu mir nach d'Meryl Streep an den George Clooney.

Hollywood Reporter, 02/10/2025 02.10.2025

Beim Pit Biwer, eisem Hollywood-Reporter, geet et haut ëm e ganz engagéierte Schauspiller, Produzent, a Regisseur, an: ëm eng Legend...

Hollywood Reporter, 28/09/2025 28.09.2025

Wéi denken Filmstaren iwwer de Filmbusiness? Ginn et genuch gutt Rollen? Wat sinn déi wichtegst Viraussetzungen fir e gelongene Film? De Pit Biwer huet grouss Staren wéi Julia Roberts, Kevin Costner, Dustin Hoffman oder Jennifer Lopez am Interview.

Hollywood Reporter, 25/09/2025 25.09.2025

De Jan de Bont bekannt duerch de Film Twister an de Paul Verhoeven huet Basic Instinct realiséiert. Deemno zwee europäesch Regisseuren, déi et fäerdeg bruecht hunn an Hollywood Fouss ze faassen. De Pit Biwer verréit och firwat Basic Instinct e wichtege Film an der Karriär vum Michael Douglas war.

Hollywood Reporter - De Robert Redford ass dout, 18/09/2025 18.09.2025

De legendäre Schauspiller, Regisseur an Ëmweltaktivist ass am Alter vun 89 Joer doheem am Utah gestuerwen.

Hollywood Reporter, 14/09/2025 14.09.2025

Hënt ginn zu Los Angeles nees d'Emmy Awards iwwerreecht, déi wichtegst US-amerikanesch Präisser fir Tëlees Produktiounen. Wéi eng Serië kéinten e Präis kréien? De Pit Biwer vun Hollywood.

Hollywood Reporter, 11/09/2025 11.09.2025

Ouni Martin Scorsese géifen et net d'Filmer wéi ''Taxi Driver'', ''Casino'' oder och nach méi rezent ''Killers of the Flower Moon'' ginn, fir elo just déi ze nennen. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt mat wiem den amerikanesche Regisseur am léifste schafft.

Hollywood Reporter: Werner Herzog, 07/09/2025 07.09.2025

Den däitsche Acteur an Auteur Werner Herzog hat virun 2 Deeg Gebuertsdag. Obwuel vill Filmer net laanscht Hollywood kommen, gesäit dat beim Werner Herzog liicht anescht aus. Den Hollywood Reporter Pit Biwer hat de Schauspiller virum Mikro.

Hollywood Reporter, 04/09/2025 04.09.2025

Dës Damm gehéiert zu de feste Gréissten am Filmbusiness zu Hollywood.  Haut konzentréiert sech de Pit Biwer op déi amerikanesch Actrice Julianne Moore.

Hollywood Reporter: Jennifer Aniston & Danny DeVito, 28/08/2025 28.08.2025

Net all Karriär zu Hollywood fänkt direkt um grousse Schierm un. Beispiller ginn et der genuch, ënner anerem d'Jennifer Aniston an den Danny DeVito. Dat sinn dës Kéier d'Haaptrolle beim Pit Biwer.

Hollywood Reporter: e Bléck hannert d'Kulissen, 24/08/2025 24.08.2025

De Pit Biwer hëlt eis déi Kéier mat an e ganz spezielle Kino, dee vum Quentin Tarantino.

Hollywood Reporter, 21/08/2025 21.08.2025

Haut geet et ëm grouss Nimm aus Hollywood déi net nëmmen um roude Teppech, mee och anescht en Zeeche setzen: de Leonardo DiCaprio mat Milliounenhëllef fir d’Ëmwelt, de Morgan Freeman mat engem Appell un d’Politik an de Steve Martin, deen als Komiker, Schauspiller a Banjo-Spiller souguer Grammys ofgeraumt huet. Eng Mëschung aus Klima, Politik a Musek an dat alles mat engem Hauch u Glitzer.

Hollywood Reporter, 17/08/2025 17.08.2025

De Pit Biwer huet eng zoufälleg Bekanntschaft am Fliger gemaach ...

Hollywood Reporter, 24/07/2025 24.07.2025

Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer konzentréiert sech haut virun allem op d'Aarbecht hannert der Kamera an zwar déi vum Realisateur.

Listen to the RTL - Hollywood Reporter podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.