Winmi
Plottwist
Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay Video 05.07.2026 58:57
An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab. Mir schwätzen och iwwer Supergirl , déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haa...
YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe Video 21.06.2026 48:35
n dëser Episod schwätze mir iwwer eng spannend Woch am Kino: Scary Movie 6 huet eis bal komplett verluer, Disclosure Day weist nach ëmmer e bëssen Spielberg-Magie, mee bleift um Enn frustréierend oppen, an Backrooms beweist, dass aus engem Reddit-Mythos an YouTube-Kuerzfilmer richteg staarke Kino entstoe kann. Mir schwätze doriwwer, firwat Backrooms an Obsession grad esou vill Opmierksamkeet kréie...
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession Video 24.05.2026 58:05
An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu , deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger , deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst. Am Mëttelpunkt steet awer Obsession : e Film,...
Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi Video 10.05.2026 59:54
An dëser frëscher Plottwist -Episod sprange mir duerch déi aktuell Film- a Serien-News, wou et gefillt iwwerall no „2“ richt: The Devil Wears Prada 2 steet am Raum – mir schwätzen doriwwer, wat eng Fortsetzung iwwerhaapt muss kënnen, fir net just Nostalgie ze sinn. Dono geet et mat voller Wucht an d’Arena: Mortal Kombat 2 – méi Fatalities, méi Spektakel, mee och d’Fro, ob et dëst Kéier wierklech e...
Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael Video 26.04.2026 59:58
An dëser Episod vu Plottwist , ärem Filmpodcast op Lëtzebuergesch, schwätze mir iwwer zwee vun de spannendste Releases: Lee Cronins *The Mummy an _ Michael _ (2026), de Film iwwert Michael Jackson. Mir kucken, wat The Mummy moderniséiert, wéi gutt d’Atmosphär a Spannung fonctionnéieren, an ob d’Neiinterpretatioun dem Mythos wierklech e frësche Kick gëtt. Duerno gi mir op Michael* an: Wéi wierkt d’...
The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster Video 12.04.2026 59:54
Wat hu Super Mario, d'Zendaya, eng brutal Ronn Hide-and-Seek an de Steve Carell gemeinsam? Si sinn alleguer Deel vun eiser neier Episod hei bei Plottwist! Dës Woch hu mir nees e richtege Mix aus Animatioun, psycheschem Thrill, Horror an HBO-Comedy fir iech zesummegesicht. Hei ass eise Programm fir dës Episod: The Super Mario Galaxy Movie: Mir huelen iech mat an de Weltraum a kucken, ob den Nintend...
Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary Video 29.03.2026 1:01:55
Wëllkomm zréck bei enger neier Plottwist Episod! Dës Kéier huele mir déi aktuell Filmwelt komplett auseneen an diskutéieren iwwer dat, wat am Moment jidderee beweegt. Mir schwätzen iwwer d'Oscars, dozou gëtt et all d'Infos an eis Meenung zum mega Sci-Fi-Projet Project Hail Mary . Fir d'Horror-Fans hu mir They Will Kill You am Gepäck, an et gëtt richteg emotional mat der Verfilmung vu Reminders of...
E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears" Video 22.03.2026 28:36
Dës Kéier ass et eppes ganz Besonnesches: Den talentéierte lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ass zu Gaascht a stellt eis säin neiste Wierk vir – de Coming-of-Age Roadmovie "Apples & Pears" . Am Film begleede mir d'Sofia, eng 18-järeg jonk Fra, op engem emotionalen an onberechenbaren Trip duerch Europa. Mat nëmmen engem Rucksak am Gepäck fänkt eng ongewëss Rees un, déi si op d'Sich no sech...
Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride Video 15.03.2026 54:08
An dëser neier Episod vu Plottwist tauche mir nees déif an d'Welt vum Kino an! Mir kucken eis d'News an d'Erwaardungen zu deene neiste Projeten un, déi d'Filmwelt grad bewegen. Haut um Programm: Marty Supreme: Wat kënne mir vum Josh Safdie sengem neie Film mam Timothée Chalamet erwaarden? The Testament of Anne Lee: Mir analyséieren d'Hannergrënn vun dësem mysteriéise Projet. The Bride: Eng frësch...
Vun der grousser Léift bis zum puren Horror Video 15.02.2026 1:00:02
Wëllkomm bei enger neier Episod vum Plottwist ! Haut hu mir e programmatesche Mix preparéiert, dee vun emotionalen Abgrënn bis hin zu purem Horror geet. Mir huelen dës dräi Filmer genee ënner d'Lupp: Wuthering Heights: Mir kucken eis dës nei Adaptatioun vum Emily Brontë sengem Klassiker un. Ass d'Atmosphär esou düster wéi am Buch? Rental Family: E faszinéierenden Abléck an d'Welt vun de geléinte R...
Tëscht emotionaler Déiftheet a purem Chaos Video 01.02.2026 57:14
An dëser neier Episod vum Plottwist gëtt et eng bunt Mëschung aus emotionalen Highlights a spannenden Neiegkeeten. Mir huelen dës Kéier véier ganz ënnerschiddlech Projete méi genee ënner d'Lupp: Hamnet: Mir dauchen an d'Welt vum Shakespeare sengem Jong an diskutéieren déi déifgräifend Storytelling-Elementer. Nuremberg: E Bléck op d'historesch Dramatik an d'Ëmsetzung vun dësem gewaltege Sujet. Prim...
Wann d'Hausmeedchen op Zombien trëfft Video 18.01.2026 55:26
Wat hunn Ping-Pong-Profi Marty Reisman, e verdächtegt Hausmeedchen an eng post-apokalyptesch Welt gemeinsam? Si sinn all Thema an eiser neister Episod! Mir diskutéieren iwwer de Stil vu "Marty Supreme", d'Geheimnisser vun "The Housemaid" an ob "28 Years Later: The Bone Temple" den Horror-Genre nees nei erfënnt. Spoiler-Alarm: Et gëtt intensiv.
Lassloossen leieren mat Stranger Things Video 04.01.2026 1:07:01
An dëser Episod schwätze mir iwwer d’Enn vu Stranger Things a wat et heescht, sech vun enger Serie ze verabschieden, déi eng ganz Generatioun begleet huet. Mir kucken dobäi op d’Themen Erwuessen-ginn, Nostalgie an d’Konscht vum Lassloossen. Als Géigespill brénge mir Eternity an Twinless an d’Gespréich – zwee Filmer, déi op hir Manéier Verloscht, Zäit a mënschlech Verbindungen thematiséieren. Eng E...
Grouss Franchise, kleng Iwwerraschungen Video 21.12.2025 1:10:21
An dëser neier Episod vun Plottwist , eisem Filmpodcast, gi mir eemol quer duerch déi aktuell Kino- a Serienlandschaft. Vun risegen Franchise-Titelen bis bei méi kleng, perséinlech Filmer – hei ass fir jiddereen eppes dobäi. Mir schwätzen ënner anerem iwwer Avatar: Fire and Ash a wat James Cameron dës Kéier mat Pandora virhuet. Zootropolis 2 steet och um Programm an d’Fro, ob de Charme vum éischte...
Timo Wagner: Säi Wee an d'Schauspillerei Video 07.12.2025 1:08:44
An dëser Episod schwätze mir mat dem Lëtzebuerger Schauspiller Timo Wagner iwwer säi ganze Wee an d’Schauspillerei. Hie erzielt éierlech, wéi alles ugefaangen huet, wou d’Struggle waren, a wéi hien et gepackt huet, sech an enger klenger awer ëmmer méi wichteger Filmszen duerchzesetzen. Vun deenen éischte Schrëtt bis bei professionell Produktionen – eng Rees voller Passioun, Zweifelen an Erfolleger...
Del Toros Frankenstein, Make it Short & Wicked Video 23.11.2025 1:01:24
Dës Episod vu Plottwist féiert dech duerch dräi ganz ënnerschiddlech Filmwelten. Mir schwätzen als éischt iwwer Frankenstein vum Guillermo del Toro op Netflix – eng frësch Interpretatioun, déi vill méi Häerz huet wéi ee vu sou engem Monster erwaarde géif. Dono geet et weider mat Make it Short , der kuerzer, mee immens kreativer Sammlung vu Filmer vum Andy Bausch, déi kloer weist, wéi vill Faarf a...
Dem Lanthimos säin Wahnsinn geet weider Video 09.11.2025 1:06:41
An dëser Episod schwätze mir iwwer Regretting You , The Smashing Machine , Bugonia an Welcome to Derry . Vun emotionalem Drama bis zu brutalem Sportfilm, mir huelen alles ënnert d’Lupp.
De Grabber rifft zeréck an de Springsteen gëtt emotional Video 26.10.2025 1:06:14
An dëser Episod geet et em follgend Filmer: Black Phone 2 Springsteen: Deliver Me from Nowhere Nouvelle Vague
Tron, Monster & Big Bold Beautiful: Eng Rees duerch Kino & Serien Video 12.10.2025 1:10:56
An dëser Plottwist-Episod schwätze mir iwwert de Sci-Fi Blockbuster Tron: Ares , d’Netflix-Serie Monster déi sech dës Kéier ëm den Ed Gein dréint, an A Big Bold Beautiful Journey . Et geet ëm Cyberwelten, grujeleg True Crime a Gefiller, déi direkt un d’Häerz ginn. Eng Mëschung aus Filmkritik, Serien-Analyse a Leidenschaft fir dat wat eis virum Écran fesselt.
Battle, Breakup, Beach & Bad Guys Video 28.09.2025 1:01:31
An dëser Episod vu Plottwist huele mir véier ganz ënnerschiddlech Filmer ënnert d’Lupp: One Battle after Another, d’romantesch Komedie Splitville, d’Rees duerch Natur a Selbstfindung an The Salt Path an en animéierte Film mat The Bad Guys 2. Mir kucken, wat d’Filmer ausmécht, wou se iwwerraschen a wéi se sech géigesäiteg am Kinojoer ofsetzen.
Tëscht Exorzismus an Exil Video 14.09.2025 56:15
An dëser Episod vu Plottwist huele mir dräi ganz verschidde Kino-Erfarungen ënnert d’Lupp: The Conjuring: Last Rites – Den neie Kapitel an der populärer Horror-Rei, deen d’Warrens nach eng Kéier an en däischteren Fall féiert. Mir schwätzen driwwer, wéi de Film un déi viregt Deeler uknëppt, wat en nei bréngt an ob d’Franchise nach ëmmer frësch bleift. Eden – E Film iwwer Idealismus a Muechtspill op...
Zesumme bis et blutt – getrennt bis et knuppt Video 31.08.2025 55:55
An dëser Episod vun Plottwist schwätze mir iwwer zwee Filmer, déi d’Grenze vun der Léift op brutal Aart a Weis ausloten. Am Together mam Dave Franco an Alison Brie gëtt eng Bezéiung sou intensiv, datt d’Partner lues a lues kierperlech zesummewuessen – Body-Horror als Metapher fir Co-Ofhängegkeet. Am Géigendeel dozou geet et an The Roses mat Benedict Cumberbatch an Olivia Colman ëm eng Hochzäit, dé...
Weapons an aner Kino-Kuriositéiten: Freaky Friday, Karate Kid & K-Pop Dämonen Video 17.08.2025 1:13:54
🎬 An dëser Plottwist-Episode schwätze mir iwwer Weapons (2025) – de vill diskutéierte Psycho-Horror vum Zach Cregger, wou eng kleng Stad an d’Däischtert gezunn gëtt, nodeems 17 Kanner an enger Nuecht verschwannen. Mir kucken, firwat de Film esou vill Opmierksamkeet kritt, wéi hie mat Trauma an Horror spillt. Als Bonus huele mir iech mat op eng verréckt Kino-Rees: vum Kierpertausch am Freaky Frida...
Fantastic Four, Naked Gun & Summer-Schocker Video 03.08.2025 1:08:03
An dëser Episod diskutéiere mir déi nei Versioune vu Fantastic Four , The Naked Gun an I Know What You Did Last Summer . Muss alles nei gemaach ginn? Wéi vill Nostalgie ass nach dran – a wéi vill feelt?
Superman flitt zeréck & Ari Aster dréit of Video 21.07.2025 1:02:32
An dëser Episod vu Plottwist schwätze mir iwwert de neien Superman-Film vum James Gunn – wat erwaart eis, a wéi eng Neiinterpretatioun bréngt hie mat? Dono geet et ëm Eddington , de mysteriéise neie Film vum Ari Aster. Als Regisseur, deen eis ëmmer nees beschäftegt, stelle mir eis d’Fro: Geet hien nach eng Kéier an eng nei Richtung oder bleift hien dem Horror trei? Eng Episod fir all Filmfreaks dé...
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.