RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Hollywood Reporter
D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Hollywood Reporter, 28/09/2025 28.09.2025 3:05
Wéi denken Filmstaren iwwer de Filmbusiness? Ginn et genuch gutt Rollen? Wat sinn déi wichtegst Viraussetzungen fir e gelongene Film? De Pit Biwer huet grouss Staren wéi Julia Roberts, Kevin Costner, Dustin Hoffman oder Jennifer Lopez am Interview.
Hollywood Reporter, 25/09/2025 25.09.2025 2:49
De Jan de Bont bekannt duerch de Film Twister an de Paul Verhoeven huet Basic Instinct realiséiert. Deemno zwee europäesch Regisseuren, déi et fäerdeg bruecht hunn an Hollywood Fouss ze faassen. De Pit Biwer verréit och firwat Basic Instinct e wichtege Film an der Karriär vum Michael Douglas war.
Hollywood Reporter - De Robert Redford ass dout, 18/09/2025 18.09.2025 2:43
De legendäre Schauspiller, Regisseur an Ëmweltaktivist ass am Alter vun 89 Joer doheem am Utah gestuerwen.
Hollywood Reporter, 14/09/2025 14.09.2025 2:37
Hënt ginn zu Los Angeles nees d'Emmy Awards iwwerreecht, déi wichtegst US-amerikanesch Präisser fir Tëlees Produktiounen. Wéi eng Serië kéinten e Präis kréien? De Pit Biwer vun Hollywood.
Hollywood Reporter, 11/09/2025 11.09.2025 2:52
Ouni Martin Scorsese géifen et net d'Filmer wéi ''Taxi Driver'', ''Casino'' oder och nach méi rezent ''Killers of the Flower Moon'' ginn, fir elo just déi ze nennen. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt mat wiem den amerikanesche Regisseur am léifste schafft.
Hollywood Reporter: Werner Herzog, 07/09/2025 07.09.2025 3:00
Den däitsche Acteur an Auteur Werner Herzog hat virun 2 Deeg Gebuertsdag. Obwuel vill Filmer net laanscht Hollywood kommen, gesäit dat beim Werner Herzog liicht anescht aus. Den Hollywood Reporter Pit Biwer hat de Schauspiller virum Mikro.
Hollywood Reporter, 04/09/2025 04.09.2025 2:31
Dës Damm gehéiert zu de feste Gréissten am Filmbusiness zu Hollywood. Haut konzentréiert sech de Pit Biwer op déi amerikanesch Actrice Julianne Moore.
Hollywood Reporter: Jennifer Aniston & Danny DeVito, 28/08/2025 28.08.2025 2:37
Net all Karriär zu Hollywood fänkt direkt um grousse Schierm un. Beispiller ginn et der genuch, ënner anerem d'Jennifer Aniston an den Danny DeVito. Dat sinn dës Kéier d'Haaptrolle beim Pit Biwer.
Hollywood Reporter: e Bléck hannert d'Kulissen, 24/08/2025 24.08.2025 2:48
De Pit Biwer hëlt eis déi Kéier mat an e ganz spezielle Kino, dee vum Quentin Tarantino.
Hollywood Reporter, 21/08/2025 21.08.2025 2:32
Haut geet et ëm grouss Nimm aus Hollywood déi net nëmmen um roude Teppech, mee och anescht en Zeeche setzen: de Leonardo DiCaprio mat Milliounenhëllef fir d’Ëmwelt, de Morgan Freeman mat engem Appell un d’Politik an de Steve Martin, deen als Komiker, Schauspiller a Banjo-Spiller souguer Grammys ofgeraumt huet. Eng Mëschung aus Klima, Politik a Musek an dat alles mat engem Hauch u Glitzer.
Hollywood Reporter, 17/08/2025 17.08.2025 2:57
De Pit Biwer huet eng zoufälleg Bekanntschaft am Fliger gemaach ...
Hollywood Reporter, 24/07/2025 24.07.2025 2:57
Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer konzentréiert sech haut virun allem op d'Aarbecht hannert der Kamera an zwar déi vum Realisateur.
Hollywood Reporter, 20/07/2025 20.07.2025 2:48
Vill bekannt Gesiichter aus der Filmwelt genéissen et och fir vun Zäit zu Zäit op der Bün ze stoen. De Pit Biwer huet e puer Perséinlechkeeten vun Hollywood déi soen firwat Theater hinne sou gutt gefält.
Hollywood Reporter, 17/07/2025 17.07.2025 2:48
Hollywood huet esou seng Gesetzer a bei e puer Staren bleift eng Roll fir ëmmer un hinne pechen. Bei der Julia Roberts ass et Pretty Woman. Egal wat si duerno nach gespillt huet. Bei villen bleift si déi jonk Fra am roude Mantel an den héije Stiwwelen. Mee wat déi mannst wëssen: Den Original-Zenario hat guer näischt mat Romantik ze dinn.
Hollywood Reporter, 10/07/2025 10.07.2025 2:41
Hie spillt Banjo, hie schreift Bicher, an e mécht Komedie. Elo seet hien: Et kéint duergoen. De Steve Martin zielt ouni Zweiwel zu de grousse Kultfigur'en an den USA. Mat sengem Alter vu bal 80 Joer gëtt et ëmmer méi roueg ëm hien… oder vläicht och net? De Pit Biwer geheit e Bléck op seng lescht Serie, seng lëschteg Aart a säi Wëllen säi Wëssen un déi Jonk weiderzeginn.
Hollywood Reporter, 06/07/2025 06.07.2025 2:33
Bekannten Hollywood Acteuren an Actricen, déi Pub maachen. Haut dat normaalst vum Normalen, ma dat war net ëmmer esou. Pit Biwer.
Hollywood Reporter, 03/07/2025 03.07.2025 2:45
Haut gesi mir se an hire Villaen a mat Designer-Kleeder um rouden Teppech. Mä et war net ëmmer esou. Net all Acteur ass räich op d’Welt komm. Fir vill war et en haarde Start mat Geldsuergen, klengen Appartementer a grousser Hoffnung. Sarah Jessica Parker, Mark Wahlberg oder Hilary Swank. Si alleguer hunn eng Geschicht, déi net mat Glanz ugefaangen huet. De Pit Biwer kuckt sech déi méi rau Ufäng vu...
Hollywood Reporter, 26/06/2025 26.06.2025 2:23
Wat fir Normalstierflecher en Taxi ass, ass fir Filmstaren d'Limousine. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer hëlt eis mat hanner d'Kulissen...
Hollywood Reporter, 22/06/2025 22.06.2025 2:38
Als Promi huet een e gewëssen Afloss op d'Leit. Vill bekannt Dammen an Hären profitéieren vun hirem bekannten Numm fir gutt Causen ze ënnerstëtzen. Wien sech alles fir de gudden Zweck asetzt, richteg bekannt Nimm, huet den Hollywood-Reporter lo gläich am Gepäck.
Hollywood Reporter: Billy Wilder, 19/06/2025 19.06.2025 2:40
De Pit Biwer war dës Kéier mol a seng Archive kucken an ass do op en Interview mam Billy Wilder gestouss, deen dëst Joer 119 Joer al gi wär. Mam Billy Wilder verbënnt ee Filmer wéi Some Like It Hot, Sunset Boulevard oder The Apartment. Den Hollywood Reporter hat d'Legend virun hirem Doud am Joer 2002 virum Mikro.
Hollywood Reporter, 12/06/2025 12.06.2025 2:26
Si si bekannt aus Hollywood an net just op der grousser Leinwand doheem. E puer vun hinne kënnen méi, wéi nëmmen Dialogen auswenneg léieren: Si si Méisproocheg, hunn Ofschlëss vun Elitteuni’en a publizéieren akademesch Aarbechten. An dat ganz ouni Stuntdouble. De Pit Biwer kuckt op déi Acteuren, déi net nëmme mat Talent, mee och mat engem bemierkenswäerte Kapp iwwerzeegen. E puer Nimm wäerte Iech...
Hollywood Reporter, 08/06/2025 08.06.2025 2:38
Och d'Filmwelt zu Hollywood ass net virum amerikanesche President sécher. Och do wëll hien e Machtwuert matschwätzen. Detailer huet eisen Hollywood Reporter Pit Biwer.
Hollywood Reporter, 05/06/2025 05.06.2025 2:21
Hollywood feiert 100 Joer Tony Curtis. Eng Legend, Fräigeescht an e Faibel fir d'Konscht. Hien stoung net just op der Bün, hien eng Ära definéiert. Säi Liewen: wéi seng Rollen – expressiv, onkonventionell, a voller Faarf. De Pit Biwer
Hollywood Reporter, 01/06/2025 01.06.2025 3:05
Et gëtt kee Star, deen eisen Hollywood Reporter Pit Biwer net virun de Mikro kritt. Haut stinn e puer méi Käerzen um Kuch...
Hollywood Reporter, 29/05/2025 29.05.2025 2:23
Dréiaarbechten vun Horizon 3 lafen an de Kevin Costner erkläert wourop et bei him ukënnt, fir sech fir en Dréibuch ze entscheeden. Och d'Ëmwelt spillt zu Hollywood eng grouss Roll bei den Acteuren, de Pit Biwer mat Nimm, déi sech staark fir den Ëmweltschutz asetzen a munch engem och finanziell ënnert d'Äerm gräifen.
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.