RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Am Takt
100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
DJ Serie: HUV, 05/06/2023 05.06.2023
Wat wier d'Sendung an der Tëschenzäit ouni eisen DJ vun der Woch? Dës Kéier gëtt et "groovy" mam Nicolas Havé, och ënnert sengem DJ-Numm HUV bekannt.
Am Takt: The No Name Experience, Miss Sappho & Michel Meis, 22/05/2023 22.05.2023
Prog-Rock? Jazz? Oder awer léiwer Elektro? Alles kee Problem an alles an enger Stonn Am Takt ënnerzekréien. Déi Kéier mat dobäi The No Name Experience, d'Miss Sappho an de Michel Meis.
Am Takt: Iguana, Mylène & Ogazón, 15/05/2023 15.05.2023
Fusion-Jazz vun Iguana, d'Singer-Songwriterin Mylène, eng Lëtzebuerger DJane déi dacks zu Berlin optrëtt an ënner anerem nei Musek vun The Tame and The Wild an Nosi.
Am Takt: Maz, ThemLights, Sublind, Miles to Perdition an DJ Bisi, 08/05/2023 08.05.2023
Mir haten eng Woch Paus gemaach, ma d'Lëtzebuerger Museker waren an där Zäit awer fläisseg.
Am Takt: CHAiLD an Turnup Tun, ShadoWhispers, All Reitz Reserved an Der Alte Jäger, 24/04/2023 24.04.2023
Et geet weider mat engem voll gepaakte Programm an dräi Invitéen. Den CHAiLD an den Turnup Tun hunn dat 7.Lidd aus der Serie "Eis Stëmmen" geschriwwen a produzéiert. D'symphonesch Metal Band ShadoWhispers erziele vun hirem konzeptuellen Album "Poe" dee se am Kader vun hirem Projet "Don't Be Poe" produzéiert hunn, an de Chris Reitz presentéiert e Samschden am Ale Stadhaus zu Déifferdeng säin neie P...
Am Takt: Marcy, Morfaz, Freshdax, A-55 a Big Band Opus 78, 17/04/2023 17.04.2023
Net manner wéi 5 verschidden Artisten hate sech fir den éischt Méinden no der Ouschtervakanz ugemellt. A se sinn all komm ;) Mam Marcy gouf déi 5. Woch vun "Eis Stëmmen" agelaut. Morfaz an A-55 spillen en Donneschden (20/04/2023) op der nächster Rocklab Live Session an der Rockhal. Freshdax hunn Ufanks Mäerz hir nei Plack "Kanner vum Groove" virgestallt. An d'Big Band Opus 78 reest en Donneschden...
Am Takt: C'est Karma, Versus You, Boy From Home & Sami Dilla, 27/03/2023 27.03.2023
Lidd Nummer 3 vun "Eis Stëmmen", e rockege Moment mat Versus You a S.K.O.R. zu Maarnech, nei Musek vu Boy From Home an de Sami Dilla an der DJ-Rubrik. D'Bud voll People an esou.
Am Takt: Alfalfa, De Läb, Amii Watson an Jimmi Harvey & Next Deed, 20/03/2023 20.03.2023
Volle Programm fir den Episod vum 20. Mäerz. Mat u Bord; Alfalfa déi dat 2. Lidd am Kader vun "Eis Stëmmen" stëften. De Läb war do fir iwwert de Release vu "Ween ass am Haus-gemaach?" ze poteren. D'Amii Watson an den Jimmi Harvey waren de 16. Deel vun der DJ-Rubrik a mat Next Deed huet sech och nach eng nei Band, mat bekannte Gesiichter, virgestallt déi den 1. Abrëll an d'Rockhal invitéiert.
Am Takt: Turnup Tun, Foreigners, Iceleak & The X, 13/03/2023 13.03.2023
Dat war nees e gutt gefëllte Cru fir sou e Méinden Owend. Mat u Bord den Tun Tonnar, aka Turnup Tun, mat deem de Projet "Eis Stëmmen" virgestallt ginn ass. Foreigners an The X si sech virstelle komm, well d'nächst Woch (23/03/2023) eng Rocklab Live Session mat hinnen an der Rockhal ass an d'DJ-Rubrik war déi Kéier fir Iceleak reservéiert.
Am Takt: Josh Island, Netty Hugo & Gilles Grethen, 06/03/2023 06.03.2023
Full House och am Mäerz Am Takt. Déi Kéier mat dobäi den Josh Island dee mol erëm Zäit fir e Concert zu Lëtzebuerg huet. Wie frou mat Techno ass, kënnt hei zu Lëtzebuerg net laanscht den Duo Netty Hugo a mam Gilles Grethen huet dann och den Jazz seng Plaz an der Sendung.
Am Takt: Shacha, 27/02/2023 27.02.2023
Mir si beim DJ Nummer 13 ukomm, respektiv geet et dës Kéier erëm ëm een DJ-Duo. Am Géigesaz zu de viregen Duo'en, läit de Fokus dës Kéier awer op zwou Dammen. D'Shania Schaber a Charlotte Elsen hu sech iwwer déi lescht zwee Joer eng Reputatioun opgebaut als Shacha a sinn an der Tëschenzäit dee bekanntste weiblechen DJ-Duo am Land. D'Valeria Wiwinius huet déi zwee bësse besser kenne geléiert.
Am Takt: Praetor, Fais Le Beau & Dieter D., 20/02/2023 20.02.2023
Trash-Metal, Elektro oder awer Fuesmusek? Op Fuesméindeg ass alles méiglech. Praetor stellen e Samschden an der Rockhal hiren Debutalbum vir, de Fais le Beau ass den DJ vun der Woch an no 10 Joer Paus ass den Dieter D. erëm do.
Am Takt: Chasey Negro, Médar & Leo Friedrich, 06/02/2023 06.02.2023
Volle Programm. Och fir déi éischt Editioun am Mount Februar. D'nächst Woch (16. Februar) presentéiere sech 2 Artisten am Kader vun de Rocklab Live Sessions um Floor vun der Rockhal. An dësem Episod Am Takt léiert dir den Chasey Negro an de Médar kennen, donieft geet dann och d'Serie vun den DJen hei zu Lëtzebuerg weider, déi Kéier steet de Leo Friedrich am Fokus.
Am Takt: Rocklab Live Sessions & WazToo, 30/01/2023 30.01.2023
Am leschten Episod fir de Mount Januar gëtt et ënner anerem fir Gruppen an Artisten interessant, déi sech nach besser, oder iwwerhaapt, etabléiere wëllen. De Rocklab kann do eng Hand upaken zum Beispill mat hire Rocklab Sessions, aus deenen dann elo d'Rocklab Live Sessions ginn. Nei Musek gëtt et och net ze knapps; vum Angel Cara, Edsun an Tuys. An a punkto DJ maache mir Statioun beim Waztoo, deen...
Am Takt: The Tangerine Trees & Rec-Two, 23/01/2023 23.01.2023
Alt erëm eng gutt gefëllte Sendung; déi Kéier mat Indie-Rock vun The Tangerine Trees, Techno vu Rec-Two an Alternative Rock vun Next Deed, engem Release-Concert vu Bartleby Delicate an enger neier Single vum Chaild.
Am Takt: Noah, Master Error & Turnup Tun feat. Chaild, 09/01/2023 09.01.2023
"*Happy New Year*" wéi se a Frankräich soen. Da si mir erëm do fir vill Musek vun heiheem kennenzeléieren a virzestellen. Bekannte Gesiichter sinn am éischten Episod vun dësem Joer dobäi, den Tun Tonnar (Turnup Tun) dee mam Chaild e Lidd opgeholl huet, et gëtt och nei Musek vum Luc Spada, da léiere mir den Tom Scheer kennen, dee mat Drum'n'Bass ronderëm d'Welt reest an och den Noah dee seng Zelter...
Am Takt: The Tame and The Wild & Cdric, 19/12/2022 19.12.2022
Lescht Sendung vum Joer. Net traureg sinn, Am Takt kënnt erëm, spéitstens den 9. Januar 2023. Déi Kéier mat Virfreed op déi nächst The Tame and The Wild-Single, mol erëm op däitsch, engem neie Lidd vu Superdrive, e Stéck vun Them Lights awer reworked an e puer Chrëschtdagslidder vun Heiheem.
Am Takt: Moofest, Mathias Treinen & Hall O Metal, 12/12/2022 12.12.2022
De Lex invitéiert erëm an d'Rockhal op d'Moofest, selbstverständlech ass den Erléis fir de gudden Zweck. Mam Mathias Treine si mir ewell beim DJ Nummer 6 an eiser Serie ukomm an Attitude invitéierten e Samschden an d'Hal op Uewerkuer fir Hall O Metal.
Am Takt: John Rech, Rome & Maximillion, 05/12/2022 05.12.2022
E Chrëschtdagslidd vun De La Mancha, eng nei Single vum Turnup Tun, den John Rech am Interview wéinst 15 Joer Opderschmelz, e Preview op de Podcast Podpourri vun dëser Woch mat Rome an de Lëtzebuerger DJ Maximillion deen no laange Joren zu Hamburg seng Zelter erëm zu Lëtzebuerg opschléit.
Am Takt: Herr Bender, Nosi, Pascal Dechmann, Misoley & T The Boss, 28/11/2022 28.11.2022
Chargéierte Programm fir déi lescht Sendung am November. Herr Bender waren dobäi, grad ewéi den Nosi mat senger neier Single, de Pascal Dechmann war sech erëm dem Sonna Rele seng Stëmm op London fänken, de Misoley stoung och an der Vitrinn an den T The Boss huet eng nei EP dobaussen.
Am Takt: Daniel Balthasar, Rick&Rough & Serena Romero, 21/11/2022 21.11.2022
Dës Kéier mat neien Téin vu Rome, Tyra an d'Josh Island; d'Serena Romero huet sech virgestallt; an der Serie ronderëm d'DJen zu Lëtzebuerg ware mir bei Rick&Rough an den Daniel Balthasar hat et an Norwege verschloen.
Am Takt: The Cookie Jar Complot & Ariel, 07/11/2022 07.11.2022
Ganz intressant wat d'Kaz den Owend virun d'Dier geluecht huet; instrumentale Post- respektiv Mathrock (ouni sech awer elo op eng Richtung ze fokusséieren) vun The Cookie Jar Complot, et gëtt eng nei Serie ronderëm d'DJen zu Lëtzebuerg ugefaangen, den T The Boss bréngt Enn dës Mounts eng nei EP eraus an Herr Bender hu mam Mike Tock geschafft. Wéi huet déi Kaz dat alles gepackt?
Am Takt: My Own Ghost, 24/10/2022 24.10.2022
Dësen Donneschden (27/10/2022) ass The Floor an der Rockhal fir My Own Ghost reservéiert. Nodeems den Album Shadow People Mëtt dës Mounts offiziell erauskomm ass, gëtt et Zäit dat 3. Wierk vun de Lëtzebuerger och Live ze presentéieren.
Am Takt: One Last Time & Serge Tonnar, 17/10/2022 17.10.2022
Double-Date; net nëmmen den Owend Am Takt, mä och nach e Samschden eng Kéier. One Last Time bréngen dës Woch hir éischt EP eraus an e Samschde stelle se déi och nach Live am Rocas an der Stad vir. De Serge Tonnar huet sech déi lescht 2 Joer sou seng Gedanke gemaach an dorausser den Album Jo an Amen an d'Liewe geruff, och déi Plack ass fäerdeg a gëtt och e Samschden, awer an der Kulturfabrik zu Esc...
Am Takt: De La Mancha & Blanket Hill, 10/10/2022 10.10.2022
Wat soll et da sinn? Rock? Oder léiwer Metal mat e bëssen Hardcore? Oder einfach déi 2? Passt! Zwou Bands waren op Besuch fir sech an hir Musek virzestellen. Op där enger Säit De La Mancha, déi awer net ëmmer sou geheescht hunn, an op där anerer Säit Blanket Hill, déi den 21. Oktober hiren Debutalbum The Courage of Hopelessness an der Schungfabrick virstellen.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.