RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Am Takt

Music LB ↓ 100 episodes

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Music

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jul 6, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Am Takt: Laura Thorn & Zero Point Five, 06/01/2025 06.01.2025

De Countdown fir déi grouss Show leeft. An och "Am Takt" ass am LSC-Modus. Déi nächst Woche léiert Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest kennen, ugefaange mam Laura Thorn & Zero Point Five.

Am Takt: Kevin Misci & Englbrt, 16/12/2024 16.12.2024

Am leschten Episod vum Joer huet sech de Kevin Misci virgestallt. Hien ass Member vu Serpent Bite an zënter kuerzem huet hien de Projet Kivo van Twist an d'Liewe geruff. An de Georges Goerens (Seed To Tree, Bartleby Delicate & Englbrt) huet d'Loscht op säi leschte Concert vum Joer gemaach.

Am Takt: Pol Dahm a Blue-ish, 19/02/2024 19.02.2024

No enger kuerzer Fuesvakanz si mir erëm do, dat och direkt mat zwee Invitéeën.

Am Takt: Kid Colling Cartel, 05/02/2024 05.02.2024

Zu New Orleans, do wou seng musikalesch Virléiften doheem sinn, huet de Steph Colling sech fir säin 2. Album inspiréiert. An deen ass elo endlech fäerdeg a kënnt dëse Freiden eraus.

Am Takt: Scarlet Anger, 15/01/2024 15.01.2024

Et war eng Grëtz méi rau dës Kéier Am Takt.

Am Takt: Yona an Don Gio, 08/01/2024 08.01.2024

Fir déi éischt Sendung vum Joer hu mir eng schéin Mëschung aus Pop-Folk a Reggae-Hip Hop um Menü.

Am Takt: The Tame and The Wild, 18/12/2023 18.12.2023

Fir de lescht Sendung vum Joer hu sech The Tame and The Wild ugemellt. D'Grupp schléisst 2023 mam Titel Save Our Daughters iwwert deen dann och diskutéiert ginn a selbstverständlech hat de Flëpp d'Gittar, an d'Seja seng Stëmm jo souwisou, dobäi.

Am Takt: Mylène, FUMAGE an Uncle Leaf, 04/12/2023 04.12.2023

Eng instrumental Band, eng nei Sängerin an een internationale Grupp: dat steet um Menü op dëser éischter Episod am Dezember.

Am Takt: Them Lights & The Ferocious Few, 27/11/2023 27.11.2023

Leschten Episod fir de Mount November. 2 Artisten hate sech dës Kéier ugemellt; de Sacha Hanlet, bekannt duerch Mutiny On The Bounty an Them Lights, an de Francisco Fernandez vun The Ferocious Few.

Am Takt: Jjay, Mæhila a Culture The Kid, 20/11/2023 20.11.2023

Eng nei Single, eng nei EP an een neien Album - dat alles gouf den Owend "Am Takt" thematiséiert, gläich mat 3 Invitéeën.

Am Takt: Cool Feet & All Reitz Reserved, 13/11/2023 13.11.2023

2 Gäscht am Episod vum 13. November; eng Kéier mat engem Buch, déi aner Kéier mat enger Gei.

Am Takt: The Cookie Jar Complot, Flowmaart an The Rusty Chair, 06/11/2023 06.11.2023

Falls den Titel nach keen Indiz war: et ass eng gutt gepaakten an diversifiéiert Sendung dës Kéier.

Am Takt: Alfalfa & The Horse Blinders, 23/10/2023 23.10.2023

Nieft e puer Lidder déi an d'Course geschéckt goufe fir Lëtzebuerg d'nächst Joer zu Malmö beim ESC ze vertrieden, waren dës Kéier och Alfalfa an The Horse Blinders bis op de Kierchbierg komm.

Am Takt: Fallen Lies, Trouble in Paradize an Turnup Tun, 16/10/2023 16.10.2023

Dës Kéier si mir e klenge Rock-Mix um Start, plus zwou Album-Releasen.

Am Takt: Nicool, Lata Gouveia a Catherine Elsen, 09/10/2023 09.10.2023

Et geet ëm nei Musek, mental Gesondheet an den Anniversaire vum "Women Life Freedom Movement" am Iran op dësem 9.Oktober.

Am Takt: David Planes an Chazo, 02/10/2023 02.10.2023

Et schéngt d'Sendung vun den Newcomer dës Kéier ze sinn.

Am Takt: MiSoLey, Brooze an 20 Joer SACEM, 18/09/2023 18.09.2023

Dës Woch ass e bëssen eng méi lass hei zu Lëtzebuerg, deemno och bei eis am "Am Takt".

Am Takt: Josh Island, 11/09/2023 11.09.2023

Am Episod vum 11. September war erëm fir jiddereen eppes dobäi; nei Musek vu Versus You, Stelise steieren op den nächsten Album duer, e Lidd iwwert den FC Marisca Miersch an den Josh Island war do fir iwwert säin éischten Album ze schwätzen

Am Takt: Seed to Tree a LOA Festival, 04/09/2023 04.09.2023

No enger klenger Summerpaus si mir erëm do mat engem liicht adaptéierte Konzept an enger Partie neie Releasen.

Am Takt: Daniel Balthasar, Bye Bye Bay, Buffalo C. Wayne & Eastcoast Festival, 10/07/2023 10.07.2023

Fir den 10. Juli hate sech erëm eng helle Wull Leit virum Studio versammelt an et ass och jiddereen eragelooss ginn. Den Daniel Balthasar huet vu senge Reesen an Norwegen an Island erzielt, de Maji huet de Programm vum Eastcoast Festival virgestallt, mam Buffalo C. Wayne ass et ëm déi nei Plack No Boundaries gaangen an de Pierre Bihl, Bye Bye Bay, huet elo erëm Zäit fir nei Musek.

Am Takt: Le Vibe, ZANA an JEMMS, 03/07/2023 03.07.2023

Haut um Menü hätte mir e bësse Reggae, däitsche Pop an R&B vun heiheem.

Am Takt: Irem, Dreamcatcher & DJ Cavallino, 19/06/2023 19.06.2023

D'Lëtzebuerger Museker ware fläisseg déi lescht Wochen, also si mir et och!

DJ Serie: Sureno Beatz, 12/06/2023 12.06.2023

Eng nei Woch, en neien DJ. Dës Kéier geet et ëm de 26 Joer ale Luca Ender Frings, och als Sureno Beatz bekannt.

Am Takt: C.D.S. 13 El Nino, Esancy, Jjay a Sureno Beatzz, 12/06/2023 12.06.2023

Vu Rap iwwer Pop an R&B bis hin zu House an Afrobeat - soll nach ee soen, d'Lëtzebuerger Musekszeen wier net diversifiéiert!

Am Takt: Kitshickers, DJ HUV an de Projet "Eis Stëmmen", 05/06/2023 05.06.2023

E Sonnde sinn déi grouss Gemengewalen 2023, also bereede mir eis musikalesch schonn emol dorop vir.

Listen to the RTL - Am Takt podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.