Harmonie Municipale Differdange

Haut, Muer an Deemools

Music LB ↓ 16 episodes

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.

Author

Harmonie Municipale Differdange

Category

Music

Podcast website

www.hmdifferdange.lu

Latest episode

Jun 11, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Speziell Episod - Live am Park 11.06.2026

Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen. Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat...

Episod 14 - Eugène Schmitz 29.05.2026

An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi...

Speziell Episod - 1. Mee Feier 01.05.2026

Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin hale...

Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert 30.03.2026

An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert  Dreams & Fantasy , deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt. Produktioun:  Harmonie Municipale Differdange Animatioun:  Louis Elsen a Gilles Krein Technik:  Mi...

Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3 12.03.2026

No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet. An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin. Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent...

Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3 21.02.2026

An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck. Produktioun:  Harmonie Municipale Differdange Animatioun:  Louis Elsen a Michel...

Episod 10 - Fränz Goergen - Deel 2 09.10.2025

An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek  Harmonie Prince Guillaume  an iwwert d' Déifferdenger Big Band , mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek. D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära. Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lau...

Episod 9 - Gilles Krein - Deel 3 26.09.2025

An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass. Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin. Dëst ass och déi längste Folleg...

Episod 8 - Gilles Krein - Deel 2 31.07.2025

An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen. Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer. Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtte...

Episod 7 - Gilles Krein - Deel 1 18.07.2025

Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigent vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek....

Episod 6 - Martine Goergen - Deel 2 03.07.2025

An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen d'Martine wéi et ass d'Fra vum Präsident vun der Déifferdenger Musek ze sinn an och wat hatt...

Episod 5 - Martine Goergen - Deel 1 17.04.2025

An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen. D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze Parcours innerhalb mee och ausserhalb vun der Déifferdeng Musek. Dëst ass déi éischt vun dräi Episode...

Episod 4 - Raphael Mosar - Deel 2 03.04.2025

Haut hu mir nees d'Éier eise Vizepresident ze begréissen. De Raphael Mosar ass fir eng zweet Episod dobäi. Déi leschte Kéier war net genuch Zäit fir seng laang Geschicht an der Déifferdenger Musek ze erzielen. Produktioun:  Harmonie Municipale Differdange  Animatioun:  Louis Elsen a Michel Pereira  Technik:  Dominique Mosar  Opgeholl de 25. Januar 2025 am Sonotron.

Episod 3 - Raphael Mosar - Deel 1 06.03.2025

Haut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënnt mat eis schwätzen. Hien huet bei eis 2004 um Saxofon ugefaangen an huet sech vum Jugendmuseker bis zum Vizepresident erop geschafft, wéi et dozou komm ass dass hien als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt dir an dëser Folleg gewuer. Produktioun:  Harmonie Municipale Differdange  Animatioun:  Louis Elsen a Michel Pereira ...

Episod 2 - Nicolas Elsen 13.02.2025

An dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn spillt an iwwert d’Reesen déi mir mat deenen zwee Veräiner gemaach hunn. Loosst iech dëst Episod net en...

Episod 1 - François Goergen - Deel 1 31.01.2025

An eiser éischter Episod schwätze mer mam Fränz Goergen. De Fränz ass schonn iwwer 70 Joer bei eis am Veräin an huet esou munch Anekdoten ze erzielen. An dëser éischter Nummer vun eisem Podcast fänke mir an de 40er Joer un a gi mat him duerch bal 4 Joerzéngte vun eisem Veräin. Mer kréie witzeg Anekdoten erzielt, wéi si als Bouwen an Italien op ee Concours gefuer sinn, bis hin zu de schwéieren Zäit...

Listen to the Haut, Muer an Deemools podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.