Jill & Yannick

Paus.

Comedy DE ↓ 236 episodes

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Author

Jill & Yannick

Category

Comedy

Podcast website

soundcloud.com

Latest episode

Jun 27, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#110 Dee Mam Milka - Schokoland 10.09.2023

Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee...

#109 Dee mat der Spuerkeesschallenge 27.08.2023

Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd...

#108 Dee mat den Äppel an der Seezeitlodge 14.08.2023

Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A w...

#107 Dee mat de 4 Joer 04.08.2023

Hi Barbie! Haut viru 4 Joer koum déi éischt Folg "Paus." eraus an dofir schwätzt äre favorite Philosophie-Duo an enger Spezialepisod iwwer alles anescht ewéi de Podcast: Backstorys, Tampons an den Zänn, kleng Schnittercher an der Villa Vauban a kee Bock méi op d'Christentum. De Götte, d'Annette Frier an d'Taylor Jenkins-Menkins sinn och mat dobäi. D'Spice Girls si verluer gaangen, genee esou ewéi...

#106 Dee mam Anne-Marie Zemmer 23.07.2023

Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie...

#105 Dee mat de Lëtzebuerger Avengers 10.07.2023

Surprise, surprise! Paakt den Didgeridoo aus a steiert – wann och en Dag ze spéit – mat ärem léifste fraefeindleche Podcast an eng Episod voller Concertsdrama, Miniatur-Hoerstylisten a provokant Leit mat Gitaren. Niewt Festival-Fantasien, Arctic Monkeys Lyrics an engem däregen Dossier aus dem Supermarché, hunn är Buh-Leit och nach d'Star-Performance vum nächsten ESC parat. An de Kategorien "random...

#104 Dee mam Medusa 25.06.2023

De Lord Voldemort, den Dieter from East Berlin an e Yorkshire Terrier setzen an der Stuff... Pünktlëch zum Pride Month geet äre Pick-Me-Girls hieren Dram an Erfëllung: si ginn opgedragt. Keen aneren ewéi d'Medusa Venom herself suergt fir d'Renaissance vu Paus.! Et gëtt net nëmmen gepäscht, gemoolt a gepuddert, mee o nach iwwer Furunkel, Spotify Verwirrungen a Pride-Preparatiounen geschwat. Natierl...

#103 Dee mat der City Concorde 13.06.2023

Sehen und gesehen werden oder awer Rapp a Klapp? An der Concorde gëtt et näischt, wat et net gëtt! D'Jill ass leider verhënnert, mee et ass fir kompetenten Ersatz gesuergt, deen zwar keng Anung huet, mee dofir awer de Yannick komplett an d'Verzweiwlung dreift: Live aus dem Lëtzebuerger Lifestyle-Center beobacht äre neie Power-Duo gutt coifféiert Leit, Dammen en parme, Yoga-Mammen a Best-Ager. Si h...

#102 Dee mam Kand… a mam Dribble d'Or… a mam Pride Month 01.06.2023

Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eur...

#101 Dee mam satanistesche Ritual an der Zoufftger Strooss (a mam Toni-Winner) 14.05.2023

Op der haiteger Table Ronde sëtzen ënner anerem den Disney-Loïc, d'Frëndin Lizzy an e bauchdanzende Bräutigam an esouwuel déi schlëmmst ewéi och déi bescht Buschauffeuren. Är lieblings Texas Girls sinn mat engem bloen Aen dovukomm (zumindest zu 50%) a beschäftegen sech dës Kéier iwwerraschend vill mat Diskriminéierung am Sport. Et gëtt och e Paradigmenwechsel am Beräich vun der Aarbechtsmoral (net...

#100 Dee Mat Der Nonna Cristina 30.04.2023

Et ass déi 100. Episod… an déi muss gefeiert ginn: Bei der Schëfflenger Pizzeria-Legend "Chez Toni" gëtt et "Pizza, Pasta und Amore" fir äre Lieblingspodcast. Firwat flitt d'Jill bal aus dem Restaurant? Ass de Yannick deemnächst d'nei Damm vum Haus? A wéi oft kann ee "scusi" an enger Folg soen? Schmiert iech eng Bruschätta, huelt d'Paschtaschutta oder d'Gnotschi eraus a maacht iech en Expresso – w...

#99 Dee mam Stalking um Lampertsbierg 16.04.2023

Et ass eriwwer mat der Vakanz! Paakt de Selbstbräuner aus a maacht iech prett fir besonnesch vill Shoutouts, Froen an d'donkel Säit vun TikTok. Weieng Stars just Aen fir eis haten, wat mir maachen, wann de Pedro Pascal bei der Uebstthéik am Cactus waart an weie Rapper eis perséinlech enttäuscht huet – all dat gëtt et just haut bei äre léifsten Egozentriker*innen. D' Quoten-Gays stinn op der Wallës...

#98 Dee mam EchEchEch 02.04.2023

"Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht l...

#97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit 19.03.2023

It's award season! Mir sinn Oscar... an um highway to the judgement zone: Haut ginn et schounungslos Analysen vu Bezéihungsmuster um Influencerinne-Beispill, e wëssenschaftlechen Kardashian-Bieber-Exkurs an e groundbreaking Hochzäitsknigge. Maacht iech prett fir eng besonnesch rau Episod (zumindest stëmmlech) mat enger Buergermëeschtësch, déi vläicht geschwënn enttrount gëtt a kriminellem Tubakhan...

#96 Dee mam Masseur 05.03.2023

Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. O...

#95 Dee mam Uelzechtkanal 19.02.2023

Have your heard(ed)? De beschte Fernsehsender aus dem Land war op Besuch an huet ärem Lieblingspodcast iwwer d'Schëller gekuckt! D'Venus an d'Serena vum Uelzechtkanal suergen fir Entertainment an Intellekt, d'Tagesschau-Prinzessin an de neie Besëtzer vun Dubai schwätzen iwwer Lëtzebuerger Leitkultur. Sécher keng Dëppefest Vibes, mee dofir sinn awer affrontéiert Banken, Nippelgate an d'Podcast-Pens...

#94 Dee mam Vältesdag 14.02.2023

Um Dag vun der Léift gëtt et eng Iwwerraschungsdosis Podcastléift (inklusive neier Coverfoto) mat enger Liebeserklärung un d'Britney, Drag-Doppelgänger an engem Hochzäitslidd vum Tony Parker. An der grousser Amnesie-Episod räisse mir no an no d'Weltherrschaft un eis, ginn iech e Best Of Lovesongs an Drama an der Kanalstrooss. D'Susi vun "Herzblatt" zerwéiert iech Häerzklappen mat engem Soupçon Mal...

#93 Dee mat der Hex beim Gassigoen 03.02.2023

Dank technesche Probleemer bal eng Woch méi spéit... mee trotzdeem gëtt et nees Spaass fir d'ganz Famill, léif GenossInnen. Mat der schéinster Heterostëmm geet et haut em Chipsen un der Léngt, d'Currywurst 90210 a vegane VIP-Feeling zu Berlin. Eventuell ass och den Här Mendes zeréck a mir hu Filmer ouni Gebrauchsanweisung dobäi. Niewt neien Dubai-Skandaler a (geplatztenen) Sponsordreem spille mir...

#92 Dee mat de Silvester-Nazien 14.01.2023

Ënnert dem Motto "zimmlech sexistesch mee cool" gëtt et haut eng XXL-Episod mat maximaler Triggerwarnung. Et kann ee vill falsch maachen – virun allem als Mann. Mir entféieren iech an d'Roud Millen, analyséieren d'Golden Globes a froen eis, wéi e richtege Christian ausgesäit. Passt op, wat dir manifestéiert, wëll soss mutéiert Lëtzebuerg op eemol zur Buenos Aires. Wéi ass den Dresscode an der Duer...

#91 Dee mam 2022-ABC 31.12.2022

2022 geet op en Enn… mee don't worry, darlings: Bei eis kritt dir e Réckbléck vun allem, wat wichteg ass. Mat dobäi ass d'Famill de Sousa, de Flocke mam Moët, eng TikTok-Curatrice an eng guest appearance vum ale Yannick. Mir streeë Salz iwwer dëst Joer an hunn d'Virsätz, mat méi Blummeprints an d'neit Joer ze starten an d'Krichsproblematik ze léisen. Äre Liblings-Duo zielt iech, wéi d'Stären 2023...

#90 Dee mam Promifeeling am Spidol 25.12.2022

Merry Crisis! Wann dir es haut scho genuch hutt mat der Feierdagsbesinnlëchkeet, sidd dir hei genee richteg. An ärem Lieblingspodcast ginn et ausserierdesch Pappen, eng rëffeg-schéin Libesgeschicht a Fremdscham als Persoun. D'Top-Themen um 25. Dezember sinn Kannibalismus, d'lëtzebuergescht Meghan Markle an dem Jesus seng Affär mam Da Vinci. Bei eis ass qualitativ Berichterstattung garantéiert ewéi...

Dier 24 24.12.2022

Dier 24 by Jill & Yannick

Dier 23 23.12.2022

Dier 23 by Jill & Yannick

Dier 22 21.12.2022

Dier 22 by Jill & Yannick

Dier 21 21.12.2022

Dier 21 by Jill & Yannick

Listen to the Paus. podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.