Jill & Yannick

Paus.

Comedy DE ↓ 236 episodes

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Author

Jill & Yannick

Category

Comedy

Podcast website

soundcloud.com

Latest episode

Jun 27, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#135 Dee mam Télévie-Marielle 11.08.2024

It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink...

#134 Dee mat Hamburg a Berlin 07.08.2024

E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn. Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht.  Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Di...

#133 Dee mam mysteriéis-royale Gaascht 28.07.2024

Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepack...

#132 Dee mat den enttäuschten "Tokio Hotel"-Fans 21.07.2024

Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms. Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf. Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi...

#131 Dee mat der Khaki Straight Parade 30.06.2024

Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod. Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmm...

#130 Dee mat der Mamm um Broadway 15.06.2024

Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten"  ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et g...

#129 Dee mat der Kippi 01.06.2024

Bedéngt duerch den Jetset-Lifestyle gëtt et eng Episod, déi zwar ganz fréi opgeholl gouf, mee awer mat gewinnt vill Traumatainment©! Mir fuere mam Zecken-Hop on-Hop off-Bus a Richtung Broadway an hunn de Gregor Samsa (inklusive Death Drop), den amerikanesche Schoulsystem (but make it funny) an iconic Merch (fir Teenies) mat dobäi. Niewt Gossip-Schäiss aus dem Culture Forest a vum "Usina", feelende...

#128 Dee mam Europapaus 19.05.2024

Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn.  Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fi...

#127 Dee mam Loïc 21.04.2024

We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess...

#126 Dee mat der Ouschterfamill 07.04.2024

Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang,...

#125 Dee mat de biologesche Vollidiot*innen 17.03.2024

Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Car...

#124 Dee mat den zerstéierten Tomorrowland-Dreem 03.03.2024

Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schr...

#123 Dee mam Veltinsdag 18.02.2024

Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!

#122 Dee mam Luxembourg Song Contest 04.02.2024

Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et a...

#121 Dee mam RTL1 21.01.2024

De Fanger an d'Luucht an d'Aen zougepëtzt, well elo gëtt et wichteg! Ären nischege Podcast ass a senger Kebab-Ära an diskutéiert alles, wat am neie Joer wichteg ass: e Periodendrama (literally), Broadway-Dreem, Basketsmammen op der Musel an After Work am Musée. Mir fueren a Richtung22 a begéinen Doktere mam Sailor Moon Stab, de Gossip Guy vum ESC a popkulturell Ignoranz. Huelt äre siwente Sënn era...

#120 Dee mam ale Joer 31.12.2023

Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de so...

#119 Dee mat der Happy Hippaus 24.12.2023

Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurtei...

#118 Dee mam ES-Tea (a mam Tania) 17.12.2023

Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.

#117 Dee mam Beréieren un der Monica 03.12.2023

Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralesc...

#116 De mam Flaggalaggadingdong 19.11.2023

Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesc...

#115 Dee mat der Sisi-Schéisserei 05.11.2023

Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an d...

#114 Dee mam Nicool (A MAT DER VILLA VAUBAN) 21.10.2023

Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert...

#113 Dee Mam Exorzismus Am Kinossall 08.10.2023

Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Pl...

#112 Dee mam Atelier sengen 2000er 01.10.2023

Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft....

#111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu 24.09.2023

RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat ie...

Listen to the Paus. podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.