radio 100,7

Konferenzen

News LB ↓ 50 episodes

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Dec 10, 2023

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich 01.01.2022

Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Ges...

L'éthique dans la société de l'information 17.10.2021

Les normes éthiques comptent-elles en ligne ? Est-ce que les moeurs et valeurs sont respectées dans la société de l'information ? Ou avons-nous besoin d'une réévaluation de ce qu'on considère comme éthiquement correct dans ce domaine à l'heure actuelle ? Cette conférence fera lumière sur des phénomènes tels que le discours de haine, la " cancel culture " ou bien notre dépendance de la fonction " J...

Guy Wagner - Winterreise 16.05.2021

Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erz...

Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter 13.05.2021

"This is Fake News" - Die bewusste Verbreitung falscher Informationen ist ein historisches Phänomen, doch durch die Digitalisierung der Medien beschleunigte sich auch die Verbreitung von Falschnachrichten. Inzwischen hat sich der Begriff der Fake News für verschiedene Arten falscher Information wie Desinformation, Lügen und Propaganda etabliert. Als sogenannte Fake News kursieren nicht nur Falschm...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7) 13.09.2020

Fabienne Gilbertz © Carlo Link Am Discours iwwer d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6) 06.09.2020

Enrico Lunghi © Carlo Link De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi d'Deelhuelen un de Biennalen zu Venedeg zanter 198...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (5) 30.08.2020

Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft war et, datt d'Dageszeitung...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4) 23.08.2020

Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum Nation Building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3) 16.08.2020

Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich - Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit Lëtzebuergesch als Muttersprache uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. M...

Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020 15.08.2020

De Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO steet 2020 ganz am Zeeche vum 25. Anniversaire, wéi d'Stad Lëtzebuerg an d'Befestegungsanlagen an de Programm vum Patrimoine Mondial vun der UNESCO opgeholl goufen. Experten aus den ënnerschiddleche Beräicher wéi Architektur, Archeologie, Industriegeschicht oder Restauratioun weisen an hire Presentatiounen de grousse Räichtum vun dësem Ierwen, da...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2) 09.08.2020

E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal v...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1) 02.08.2020

Zur éischter Konferenz an dësem Kader vun der Marie-Paule Jungblut, UNI Lëtzebuerg: Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit? Et kënnt ee mengen, datt an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, an deem méi wéi 50 Prozent Auslänner liewen, Heemecht ausser Moud komm wier. Dat ass awer net de Fall. De Begrëff gëtt zwar hautdesdaags net ëmmer explizitt gebraucht,...

Adrien Meisch (1930 - 2020): e Liewe fir d'Diplomatie an d'Musek 26.07.2020

© Marc Theis Den Adrien Meisch huet ufanks als Attaché am Ausseministère geschafft, duerno an der Stänneger Vertriedung zu New York, zu Bréissel, bei der OECD a bei der NATO. Hie koum hannescht op Lëtzebuerg a war ënner anerem Direkter fir politesch Affären am Ausseministère. Vun 1971 u war hien Ambassadeur op verschiddene Plazen: 1971-1974 zu Moskau, zoustänneg fir d'Sowjetunioun, Finnland a Pole...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3) 01.01.2020

Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich - Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit Lëtzebuergesch als Muttersprache uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. M...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3) 01.01.2020

Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich - Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit Lëtzebuergesch als Muttersprache uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. M...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2) 26.12.2019

E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal v...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2) 26.12.2019

E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal v...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1) 25.12.2019

Zur éischter Konferenz an dësem Kader vun der Marie-Paule Jungblut, UNI Lëtzebuerg: Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit? Et kënnt ee mengen, datt an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, an deem méi wéi 50 Prozent Auslänner liewen, Heemecht ausser Moud komm wier. Dat ass awer net de Fall. De Begrëff gëtt zwar hautdesdaags net ëmmer explizitt gebraucht,...

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1) 25.12.2019

Zur éischter Konferenz an dësem Kader vun der Marie-Paule Jungblut, UNI Lëtzebuerg: Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit? Et kënnt ee mengen, datt an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, an deem méi wéi 50 Prozent Auslänner liewen, Heemecht ausser Moud komm wier. Dat ass awer net de Fall. De Begrëff gëtt zwar hautdesdaags net ëmmer explizitt gebraucht,...

Bau der Reichsautobahn in der Eifel 1939-1941/42 18.03.2018

Am Joer 1939 hunn d'Bauaarbechten un der Autobunn tëschent Koblenz an Tréier ugefaangen. Niewent däitschen Zaldoten haten d'Nazien auslännesch Zivilaarbechter, Krichsgefaangener a Prisonéier als Zwangsaarbechter agesat. Dës waren an ongeféier fofzeg Aarbechtslager internéiert. 1941, am Fréijoer, ass de Projet un d'Stoe komm, well déi meeschten Zwangsaarbechter an d'Rüstungsindustrie an an den Oste...

Le cœur et la raison - ou la réforme incarnée 10.12.2017

D'Enn vun der Habsbuergescher-Linn an d'Grënnung vum Haus Habsburg-Loutréngen hunn eng Zäit vu Fragilitéit fir eng Monarchie mat verspreete Proprietéite mat sech bruecht. Als groussen ëstleche Bestanddeel vun den Niederlanden war den Duché vu Lëtzebuerg zu engem Laboratoire ginn. Hei si Verbindungen entstanen tëschent der perséinlecher Fidelitéit an der feudaler Opfaassung vun der Monarchie, an de...

Zwischen Ergebenheit und Misstrauen 03.12.2017

Dat üblecht Bild vun der Maria Theresia als allgemeng héich veréiert Herrscherin a léif Landesmutter weist, a Bezuch op hiert Verhältnis zu de béimesche Länner, sou muenche Rëss op. Zwar hat si géintiwwer de béimesche Landsleit hir frëndlech a respektvoll Gesënnung zum Ausdrock bruecht, an d'Untertane sinn hir och mam obligatoresche Respekt entgéintkomm. An deem Sënn krut Maria Theresia och bei al...

Listen to the Konferenzen podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.