Lëtzebuerger Journal
D'Hoffnungsdréier
Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia wärend dem leschte Joer dat aktuellt Team Lëtzebuerg begleet. An de Lëtzebuerger Journal war dobäi. Bei den Ups, den Downs, ma och dem Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net. D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Recher...
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: hoffnungsdreier.podigee.io
Author
Lëtzebuerger Journal
Category
Podcast website
Latest episode
Sep 27, 2024
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#8 Bronze 27.09.2024 32:50
September 2024. Mir sinn zu Paräis. Fir de leschte Kompetitiounsdag vun de Paralympics sinn 80.000 Spectateuren a Spectatricen am Stade de France. De Roude Léiw ass iwwerall ze gesinn an och de Familljeminister Max Hahn ass mat Kolleegen den Tom Habscheid vun den Tribünen aus ufeiere komm. Um 20.25 probéiert den Tom nämlech, eng Medail am F63 Kugelstousse mat Heem ze bréngen. Hie stellt sech eng l...
#7 Paräis 20.09.2024 34:33
August 2024. D'Team Lëtzebuerg fir d'Paralympics vu Paräis gëtt am Rehazenter offiziell presentéiert. Zwou Wochen duerno ass d’Katrin Kohl dann och schonn drun. Zu Saint-Denis, direkt beim Paralympic Village, erzielt hatt eis vu senger Erfarung. Mir profitéieren dovun, zu Paräis ze sinn, fir mam Joël Adams een drénken ze goen. Am Salon vum Stade de France, kuerz virum Tom Habscheid sengem Optrëtt,...
#6 Virbiller 30.08.2024 34:29
Juli 2024. Mir sinn um "Alles normal – Let’s celebrate Inclusion"-Festival. Ee vun den Highlights vum Weekend ass e Meet & Greet mat den Athlet*inne vum Paralympic Committee. D'Katrin Kohl an dem Tom Habscheid hu sech entre-temps fir d'Paralympics zu Paräis qualifizéiert. De Familljeminister Max Hahn nennt si "Ambassadeuren, fir de Leit mat Behënnerungen Hoffnung ze maachen". D’Christine Zimmer, D...
#5 Gewannen 23.08.2024 41:37
Juli 2024. Endlech fanne mir – an d’Katrin Kohl selwer – raus, ob hatt op Paräis geet oder net. Ma net nëmmen hatt: Den Tom Habscheid, deen no Tokio 2020 mam Kugelstoussen eigentlech opgehal hat, ass zeréck a plangt de perfekte Comeback. An dësem Episod léiere mir hie kennen. D'Paralympics fänken allerdéngs schonn am August un. Ass ee Mount virdrun dann net e bësse knapp, fir engem*r Elite-Sportle...
#4 Verléieren 09.08.2024 35:41
Ufank 2024 zu Dubai. D'Rennrollstullfuererin Katrin Kohl fiert en neie Personal Best. Fir d'paralympesch Norm, déi eng automatesch Qualifikatioun mat sech bréngt, geet dat awer (nach) net duer. Fir de nächste Versuch geet et op eng Kompetitioun an Italien… mee packt hatt dat? A wat ass eigentlech, wann net? Mir hu mam Marc Kiefer, Sportdirekter vum Luxembourg Paralympic Committee, iwwert d'Wildcar...
#3 Zesummen 02.08.2024 38:57
Februar 2024. D'Katrin Kohl, de Joël Adams, de Philippe Hein an de Matteo Scuto bereese mëttlerweil d'Welt, fir bei Trainingscampen a bei wichtege Weltcups dobäi ze sinn, bei deenen si Punkte fir eng Paralympics-Qualifikatioun kënne sammelen. Dat mat der Aarbecht ënnert een Hutt ze kréien, ass awer net ëmmer einfach… Mee wéi ass et mat der Zivilkarriär? Momentan féiert zu Lëtzebuerg den eenzege We...
#2 Eleng 26.07.2024 35:11
November 2023. D'Cilia kämpft um Judo Youth Cup U15. Wéi et fir hatt op Kompetitiounen ëfters de Fall ass, gëtt hatt vun enger ganzer Ekipp begleet. Den Arnaud Grisier, Trainer vum Judo Club zu Stroossen, de Franz Kofler, 28x Landesmeeschter an Éisträich a Coach vum Cilia, an natierlech seng Elteren. Si zielen eis seng Geschicht. Fir Para-Sportler*innen ass et awer eigentlech méi üblech, eleng ze...
#1 Paralympics zu Lëtzebuerg 19.07.2024 26:19
Oktober 2023. A manner wéi engem Joer sinn d'Paralympics 2024 zu Paräis. De Lëtzebuerger Journal mécht sech op de Wee op d'Paralympic Days fir d'Katrin Kohl, de Philippe Hein an de Matteo Scuto kennenzeléieren, eis Sportler*innen, déi déi nächst Méint fir e Slot an hirer Discipline kämpfe wäerten. Organiséiert ginn d'Paralympic Days vum Luxembourg Paralympic Committee (LPC), deen dëst Joer seng 50...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.