Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Buvette - De Fussballpodcast

Sports LB ↓ 215 episodes

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Author

Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Category

Sports

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jun 3, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#14 Mat wat?...Mam Sack 17.11.2020

D' Lännermatchpaus war alt erëm eng Kéier vu grousser Langweil gepräägt. Ausser eisen rouden Léiwen ass fir den Gilles, Dylan a Ben näischt Intressantes dobäi gewiescht. Leider hu sech dem Luc seng Bouwen Zypern misse geschloen ginn. Mee en Dënschden heescht et rëm Rouden Léif, huel se! An dann gëtt hoffentlech awer alles gutt. An wat hunn den Gerson Rodrigues an den Sergio Ramos gemeinsam??... Dé...

#13 Dem Josh ass de Knéi explodéiert! 10.11.2020

De Weekend war gepräägt vun intensive Fussballsminutten, een Toppmatch huet deen nächste gejot. Dortmund-Bayern, Manchester City-Liverpool oder och Schalken-Mainz a Bremen-Köln. An all Match hat déi erwaarte Spannung och an sech, do huet sech kee luppe gelooss. Schalke verléiert iwwregens fir d 3t hannerteneen net!. Dann hu mir och rëm op eis rout Léiwen gekuckt a sinn zum Entschloss komm dass Met...

#12 Roy Keane mat Sleeve 03.11.2020

Dës Episod ass gepräägt vun de professionelle Ligen well de Ball soss néierens gerullt ass, a Schold do drun ass ausnamsweis mol rëm dee faméise Virus. Mee wien lo mengt den Dylan, Gilles a Ben hätten näischt ze schwätzen ass genau sou naiv wéi een dee mengt den Ibrahimovic oder de Ronaldo géife vum Virus geschwächt ginn. Kommt mol an de Match...! An England war Topmatch. An et goufen mol Zäiten a...

#11 Alles a Quarantän 27.10.2020

D' Technik kann dech am Stach loossen, mee déi Gewëssheet dass de Lewandowski trefft ni. Deen Mann huet et einfach drop...Wéi gewinnt, hunn de Gilles, den Dylan an de Ben ee Schlussstréch ënnert de Fussball-Weekend gezunn. Blo-Wäiss war definitiv keen Tromp, Hertha Berlin a Schalke enttäuschen einfach nëmmen a mir froen eis op wéini déi zwee Veräiner rëm richteg Spaass machen. Zum Gléck ass d' Gek...

#10 Muertentrëppeler 20.10.2020

Nations League, Dammefussball, Coupe de Luxembourg, Bundesliga, Premier League, Serie A, Eredivisie a quasi all eenzelen Nationalspiller. Déi dräi aus der Buvette hunn an dëser Episod quasi näischt ausgelooss. D'Fussballgötter, Zlatan Ibrahimovic, Gerson Rodriguez a Mario Götze hunn de Weekend de Ball an de Filet gejot. An England gi méi Goler geschoss wéi bei The Voice of Germany gebuzzert gëtt....

#9 Nations League - Schampes League 13.10.2020

Déi gutt Noriicht ass, weder den Dylan, nach de Gilles, nach de Ben hunn de Weekend hire Match verluer. Op der anerer Säit stoungen all d' Ligen stall.... Well et war un der Nations League! Eis jonk Léiwen hunn de Match géint Zypern gewonnen a fléien lo op Montenegro. Ee Genoss ass et, deenen nozekucken. Aner grouss Natioune maachen do net sou vill Spaass. Dann huet den Deadline Day eis Fussb...

#8 Waassermeloune-Sonndeg 06.10.2020

4 Mol Lewandowski an déi 8. Buvette Episod. Wéi gewinnt hunn de Gilles, Dylan a Ben op hire Weekend gekuckt. Mee ganz éierlech, do ginn et méi intressant Themen. Wéi zum Beispill eist Liblingsthema, de FC Schalke 0:4. Déi hunn eis et nämlech extrem einfach gemaach dëse Weekend ee Sproch ze bréngen. D'Dortmunder U19 gewënnt och, soudass eise Gilles gutt konnt schlofen a ganz liicht ëmmer nach op d'...

#7 Ciao David 28.09.2020

D'Drama op Gelsenkirchen léisst de Gilles an de Ben op mannst hier perséinlech Matcher vergiessen. An der Haaptroll een däitsch/amerikaneschen Trainer, dee seng Saache schlussendlech konnt packen. Lo geet et Bierg op fir déi Kinneksblo... Den Dylan huet zumindest eng Iddi fir d Zukunft. D'Blécker sinn awer och an England a Spuenien gewandert. Zu Madrid gëtt nämlech lo an Persoun vum Costa a...

#6 Endlech erëm 15h30 22.09.2020

Endlech....Samschdes 15h30, Bundesliga Konferenz. D'Liewe vun deenen dräi Buvette-Experte mécht erëm Sënn. Et war ee richteg haarde Weekend fir all Schalker an awer huet sech de Gilles déi Méiglechkeet net entgoe gelooss fir de Fanger an d’Wonn ze leen. Ausserdeem, en ongeschloent Duo zu Lëtzebuerg, interessant Matcher an England a Covid-Fäll a Portugal hunn de Ben, Gilles an Dylan och nach...

#5 Kaartefestival zu Paräis 15.09.2020

An dëser Episod sinn den Dylan, Gilles an de Ben vun engem Land an dat anert gespronge. Bei PSG-Marseille gouf et méi Kaarte wéi bei enger Party Uno. Do stoungen Onsportlechkeeten fest um Programm. An Däitschland huet sech deen Haaptstad-Club missen aus dem DFB-Pokal verabschiden an ka sech voll op d'Bundesliga konzentréieren.... HA HO HE... Ausserdeem, mécht de Sanel Ibrahimovic sengem Ruff...

#4 Buli Prognosen 20/21 08.09.2020

Déi dräi aus der Buvette, den Dylan, Gilles a Ben knéie sech déif an d'Bundesliga a ginn hier Prognosen of. Fir den Dylan an de Ben steet de souveräne Meeschter fest. Woubäi de Gilles hoffnungsvoll op seng schwaarz/giel Beien hofft. (Stand Ufank September) MEE.... Opgepasst! Den Transfertmaart schléift ni! Wann dir eis lauschtert ass bestëmmt scho rëm vill passéiert.

#3 Stuttgart oder Miami? 01.09.2020

Dee beschte Lénksfouss eiser Zäit steet kuerz virun engem Wiessel, den Holger Badstuber kickt just nach an der zweeter Equipe vu Stuttgart a well beweisen, datt e méi kann. Aaaaah jo.... dann ass do nach ee gewëssene Lionel Messi, deen och net méi a sengem blo-rouden Trikot spille wëll. Am Lëtzebuerger Ländche rullt de Ball lo och endlech an allen Divisioune, soudass de Ben, den Dylan an den Immer...

#2 Felicitatioun FC Souverainistan 25.08.2020

Eng turbulent Champions League Saison geet op en Enn. Mam FC Bayern alias FC Souverainistan als verdéngten Gewënner. Den Niklas Süle an all Bayern Fan feiert hoffentlech nach ëmmer deen Triple! Trotzdeem vergiesse mir déi kleng Equipe och net. An der BGL Ligue rullt de Ball och erëm an och den Kevin Grosskreutz huet et alt nees an des Episode gepackt.

Buvette mat Schoss - Stadien a Fans 18.08.2020

De Buvetten-Trio Dylan, Gilles a Ben schwätzen iwwert Stadien, Präisser a Fans am In- an Ausland. Den Dylan verréit iech op wéi enger Ersatzbänk hie scho geléiert huet. Wärend de Ben an de Gilles vun hiren Ausflich op Sevilla a Mailand erzielen. Anscheinend ginn et tëscht der Buvette am San Siro an där zu Éihnen Parallelen.

#1 "Et ass kee Frëndschaftsmatch" 18.08.2020

An der éischter Episod geet et virun allem ëm d'Champions League, soss gouf et jo näischt de Weekend oder?! Woubäi... Mir mussen iwwert den 8:2 vu Bayern géint Barfuß Betlehem schwätzen, d'Lëtzebuerger Veräiner spille geschwënn hier Quali-Matcher an den Optakt an der BGL Ligue gouf ofgesot - ausnamsweis wéinst dem Corona Virus.

Listen to the Buvette - De Fussballpodcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.