Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Buvette - De Fussballpodcast

Sports LB ↓ 215 episodes

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Author

Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Category

Sports

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jun 3, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#62 Kee Fussball, kee Probleem 01.02.2022

Kee Fussball, kee Probleem. An der Buvette vergeet d'Zäit och ouni dass den Weekend Lännermatcher waren oder an de Championnater gespillt gouf. Sou war eng jett um Transfertmarché lass, eng Doku op Netflix stoung um Programm an et huet ee souguer Zäit fonnt, iwwert aner Sportaarten ze schwätzen.

#61 Mir versti just Chineesesch 25.01.2022

D'Fussballwoch huet mat enger verréckter däitscher Coupe ugefaangen an hält mat chineesesche Paräis Tricoten op. Dotëscht ploen sech de Ben an den Dylan duerch d'Virbereedung, an der 2. Liga gëtt et neien Dramduo an em den Afrika-Cup ass et bësse méi roueg ginn. Mee vill Leit wäerten sech elo och froen, firwat nächste Weekend net gespillt gëtt.

#60 Do kann een sech froen, firwat? 18.01.2022

Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent s...

#59 Kee Stil, just Goler! 11.01.2022

D'Buvette späert seng Diere fir 2022 op an och den Dylan ass rëm mat u Bord! Wärend d'Preparatiounen zu Nidderkuer a Königsdorf rëm uginn, geet et an der Bundesliga weider, wou Bayern souwuel mat Gladbach wei och mam Covid ze kämpfen huet. Dee Problem gesäit een och an England, wou d'Matcher entweder ganz ofgesot ginn, oder mat vollen Tribüne gespillt ginn. An dann dierfe mir op dem Gilles seng Aa...

#58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz 14.12.2021

Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d’Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d’BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng ne...

#57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt? 07.12.2021

De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft.....

#56 De Ballon d‘Or knapps verpasst 30.11.2021

De Ballon d’Or ass gewielt, och wann de Ben de Weekend nach eng Kéier alles gemaach huet fir do e Wuert mat ze schwätzen. Wärenddeem setzt den Dylan weiderhin a Quarantän, de Gilles ass op Studierees an endlech gouf et mol rëm eng Bundesliga Samschdes Mëttes Konferenz, déi Spaass gemaach huet. A Portugal wees een net op et net awer Kreisliga war a wann ee mengt et hätt een alles gesinn, da muss ee...

#55 Skipper geht von Bord 23.11.2021

Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.

#54 Lännermatchvakanz 16.11.2021

Zum Ofschloss vun der WM-Qualifikatioun goufen et vun eise Roude Léiwen 3 Auswäertspunkten zu Baku an den éischte Match an engem ausverkaafte Léiwen-Park. De Gerson Rodrigues huet gezaubert, de Seba Thill trëfft monter weider an de Ralph Schon hat méi Grënn sech dëser Deeg ze freeën. An wat fir déi meescht eng Lännermatchpaus ass, ass fir de Ben ganz einfach Vakanz.

#53 Gänsehaut 09.11.2021

Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Rona...

#52 D'Brausepiraten 02.11.2021

Den Dylan huet säi Gebuertsdagsweekend richteg genoss, de Gilles huet sech och näischt entgoe gelooss an de Ben konnt mat sengem Eelefmeter dozou bäidroen, dass de Progrès de Swift vun Hesper aus der Coupe geheit. Deemno war et eng gelonge Woch mat intressante Resultater a Matcher an engem Iwwerraschungscadeau fir de Brausepirat Dylan.

#51 De Mo an der Telefonskabinn 26.10.2021

Nei Woch, nei Episod. De Ben a säi Progrès huelen 3 Punkten an enger weiderhi spannender BGL-Ligue mat, wärend den Dylan mat TUS Königsdorf op enger laanger Auswährtsfahrt déi éischte Kéier an dëser Saison keng 3 Punkte mathëlt. An der Bundesliga ass géint Bayern kee Kraut gewuess, egal wéi en Trainer op der Säitelinn steet. Highlight vum Weekend war awer den Toppmatch an England, dee méi wéi däit...

#50 Ee Scheich mécht der 100 19.10.2021

Gëllen Hochzäit an der Buvette! An der Jubiläumsepisod ass et no de Lännermatcher rëm Zäit ginn, an eng spannend BGL-Ligue ze kucken, an eng Bundesliga déi éischter wéineg Spannung versprécht an eng Premier League, déi ee Scheich-Club méi huet. An déi Euphorie zu Newcastle stéisst an der Buvette op wéineg Begeeschterung.

#49 Nations ween? 12.10.2021

Et war eng vun deene ganz rouege Wochen, well ausser eise Roude Léiwen, déi bëssen onglécklech géint d’Serbe verluer hunn, stoung just nach d’Nations League um Programm, déi deen een oder anere souwisou scho vergiess hat. Fir de Recht war an der Fussballwelt net vill lass, wat et de Jongen an der Buvette erméiglecht huet, bësse méi ronderëm de Bräi ze schwätzen. An dat kennen se gutt.

#48 Vun der Méimaschinn op den Troun 05.10.2021

Dës Woch gëtt et just een Thema an dat ass eise Seba Thill, dee Lëtzebuerger Fussballgeschicht schreift. Net nëmme kennt elo d'ganz Welt säi Numm, mee am Bernabeu sinn se och d'Spannennetzer lass. A well dat nach net genuch ass, huet säi Brudder Oli zwou Buden um Weekend zum Beschte ginn.

#47 Deen hat scho Giel 28.09.2021

Mir erliewen eng spannend BGL-Ligue Saison, wou gefillt jiddereen e Wuert em déi éischt Platze matzeschwätzen huet. An der Bundesliga sinn et rëm déi Dortmunder, déi dem Gilles Suerge maachen, och wann eng Arbitterdécisioun groussen Undeel dorun huet. A wann de Ronaldo den nächsten Eelefmeter schéisst, dierft dem Bruno Fernandes säi Ball dann och mëttlerweil ukomm sinn. Zu gudder Lescht steet rëm...

#46 Harmonesch ënnerwee 21.09.2021

Et harmonéiert an der Buvette, wat och doru läit, dass ee vun dem aneren, Woch fir Woch, léiert! Deck Loft gëtt et awer dogéint zu Käerjeng, och wann et alles anescht wéi schlecht leeft. A wärend zu Bremen de Mitchell Weiser um Terrain fir Gespréich suergt, mécht den Tim Wiese et uewen an der Buvette.

#45 No XXL kënnt Lukaku 14.09.2021

D'Lännermatcher sinn eriwwer an d'Spiller dierfen zréck bei hier Veräiner, och wann deen een oder aneren en Ëmwee maache muss. Wärend d'Bundesliga mat sengen net all ze spannende Samschdes-Mëttes Konferenze kämpft, huet d'Premier League rëm hier Attraktivitéit bewisen: de CR7 mellt sech, wéi och anescht, mat Goler zeréck a fir de Big Rom mussen se deemnächst vläicht nei Gréissten definéieren. Mee...

#44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park 07.09.2021

Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A w...

#43 Vu Buvette zu Buvette 31.08.2021

Et ass déi éischte Kéier, dass déi 3 aus der Buvette beienee sinn an ophuelen an zesumme schaffen si en Weekend op, bei deem et vun enger an déi aner Buvette gaangen ass. Sou stoung den nationale Fussball des Kéier am Virdergrond, och wann et international virun allem den Transfert vum Ronaldo war, dee bëssen aus dem näischt koum an iwwerrascht huet. An dann ass d’Virfreed op d’Lännermatcher des W...

#42 Ahoi Kapitän 24.08.2021

Ahoi ass d'Motto vun dëser Episod. De Kapitän Gilles mëllt sech live aus Sardinie vum Boot fir dem Ben a Dylan hir Victoiren ze kommentéieren. Ausser engem Platzstuerm zu Nice, engem Eelefmeter mat zwee Bäll a Schalker Konstanz, hunn d Jongen hir üblech Liblingstheme behandelt.

#41 Kreisligalegende 17.08.2021

Den Dylan lieft säin Dram a feiert säin Debut an der Kreisliga, de Ben verlaangt sech um Terrain alles of an de Gilles genéisst dat Ganzt vu baussen. Sou hat jiddereen op seng Aart a Weis en intressante Weekend mat vill Fussball, well nieft der Bundesliga, déi scho rëm mat engem VAR-Skandal an d’Saison start, huet och d’Premier League an d’spuenesch Liga ouni Messi ugefaangen. Ausserdeem sinn och...

#40 Waasserball um Progrès 10.08.2021

D’Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d’Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer hat...

# Den EM-Special aus der Buvette! (2) 14.07.2021

D’Europameeschterschaft ass dann och elo eriwwer an d’Jongen aus der Buvette gratuléieren dem wuel verdéngte Gewënner aus Italien, zéien e Bilan vum Tournoi a kucke mat engem Aen an déi nächst Saison.

# Den EM-Special aus der Buvette! (1) 22.06.2021

Den EM-Special aus der Buvette! D’Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp a kucke wat bis elo sou ges...

Listen to the Buvette - De Fussballpodcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.