woxx
Am Bistro mat der woxx
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass 20.12.2024 25:50
An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt de Joël Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter Kënschtlecher Intelligenz, wéi hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’Materialitéit vu KI an anere Programmer a wéi grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien er...
Ewigkeitschemikalien 13.12.2024 22:58
An der neier Folg vu Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwer Eewäik-Chemikalien an eisen Gewässeren. Hien erklärt, wat dës Chemikalien sinn, wéi se an d’Ëmwelt kommen a wéi eng Geforen se fir Mënsch a Natur duerstellen. Hien beliicht och déi onvollstänneg Donnéeën an d’Gesetzeslag an Europa a gitt en Abléck an déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg. Den Artikel, iwwert deen mir...
Wat ass digital Gewalt géint Fraen? 06.12.2024 18:04
Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee Bléck op digital Gewalt géint Fraen. Villes, wat dorënner fält, léisst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mä mëttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erkläert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d&#...
Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren? 29.11.2024 17:42
Frankräich wëll de System änneren, wéi d‘Suen, déi Frontalieren am Chômage ze gutt hunn, berechent ginn. Si sollen deemno däitlech manner kréien, wat och eng grouss Verschlechterung vun hirer Situatioun mat sech bréngt, well d’Liewen hannert der Grenz duerch déi héich Léin zu Lëtzebuerg däitlech méi deier ginn ass wéi am Recht vu Frankräich. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et zu d...
Wisou gouf d’Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verréckelt? 22.11.2024 12:16
Am EU-Parlament gouf beschloss, de Start vum Anti-Deforestatiounsgesetz ëm ee Joer ze verréckelen. Mä net nëmmen dat, et koum och a leschter Minutt zu Ännerungen um Text u sech. Dëst alles duerch eng Koalitioun aus rietsen a rietsextreme Parteien. Am Podcast erkläert d’Tatiana Salvan, wéi et zu dësen Ännerunge koum, wat un hinne kritiséiert gëtt a wéi d’Zukunft vum Anti-Deforestatiouns...
Wat bréngt d’Reform vum Naturschutzgesetz? 15.11.2024 14:26
Déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz steet staark an der Kritik. Dat net nëmme wéinst dem Inhalt, mä och wéinst der Aart a Wéis, wéi d’Gesetz entstanen ass. An dëser Episod vum Podcast erkläre mir, wat et mat der Ee fir Allemol-Kompenséierung, dem Bam-Präbbeli an der Natur auf Zeit op sech huet, wat un dëse Konzepter kritiséiert gëtt a wisou an dësen Diskussiounen de roude Schéierschwa...
Grenzenlose Fitness – Das inklusive Gym Iron Sparks 08.11.2024 10:18
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Das Functional Fitness Gym „Iron Sparks” zeigt, wie Inklusion im Sport gelingen kann. Am kommenden Samstag, dem 9. November wird es für sein Engagement geehrt. Wir waren vor Ort und sprechen heute über dieses spannende Projekt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: G...
Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer 01.11.2024 16:49
Dräi verschidde Mesüre goufen eleng dëst Joer a Kraaft gesat oder virgestallt, déi als Zil Repressioun géint aarm Leit, meeschtens Mënschen ouni feste Wunnsëtz, déi heeschen, hunn. Déi Projeten hunn allerdéngs och vill Kritik mat sech bruecht, a sinn deelweis an hiren Detailer zimmlech absurd. D’María Elorza Saralegui huet an der woxx vun dëser Woch eng Zesummefaassung gemaach, wat an deene...
Am Bistro mat der woxx #306 – Das Patriarchat in Flammen? Junger Feminismus in Luxemburg 25.10.2024 19:42
Die Scham muss die Seite wechseln, nämlich auf die Seite der Täter. Diese Forderung ist in Frankreich zum Schlachtruf einer neuen Feminismusbewegung geworden. In Luxemburg bleibt es vergleichsweise still, und doch erhebt auch hier eine Gruppe junger Feminist*innen ihre Stimme, die „Voix de jeunes féministes“. Der Artikel über den es geht: Das Patriarchat in Flammen? The post Am Bistro mat d...
L’espace a besoin d’air 18.10.2024 14:38
Weltraum: Ënnert engem Himmel voller Dreck Millioune vu Weltraumtrëmmer kreesen ëm eis Äerd, wat d’Resultat vun de ville Rakéitestarten aus de leschte Joerzéngten ass. D’Gefor vu Kollisiounen, déi nei Trëmmer schafen, klëmmt, an domat och d’Bedreeung fir Satellitten, bemannt Flich a fir eis Gesellschafte, déi staark op Satellittendéngschter ugewise sinn. Lëtzebuerg an aner Weltra...
D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start 11.10.2024 14:28
D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde...
Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique? 04.10.2024 17:26
Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder...
D’EU an de béise Wollef 27.09.2024 16:28
Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcas...
Abschottungspolitik an den USA an an Europa 20.09.2024 13:22
Dës Woch huet d’woxx zesumme mat der ErwuesseBildung d’Journalistin Kathrin Zeiske op Lëtzebuerg invitéiert, fir iwwert de Grenzregime tëscht den USA a Mexiko ze schwätzen. Am Podcast erzielt d’Melanie Czarnik eis, wat déi vun eis, déi net konnten do sinn, verpasst hunn. Et geet net nëmmen dorëms, wéi d’USA sech méi a méi ofschotten, mä och ëm d’Fro, wéi vermeintlech...
Liberty Steel an der finanzieller Kris 13.09.2024 15:26
Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. DR...
Wat maache géint haislech Gewalt? 06.09.2024 19:17
2023 louch d‘Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‘Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‘Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‘Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert d‘Melanie Czar...
Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen 30.08.2024 19:21
Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den Dublin–Prozess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech d‘Fro, wisou sech Leit radika...
Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt? 23.08.2024 15:01
Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn d‘Symptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt d‘Endometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginn – ausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxx–Journalistin Melani...
Firwat planzt ee Bauer Blummen un? 08.08.2024 13:25
Wëll Planzen si wichteg fir d’Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D’woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech a privat Notzer*innen verkaaft gëtt, gou...
Wouhier kënnt d’Angscht viru queere Kanner? 02.08.2024 26:23
D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och...
Den neien nationalen Energie- a Klimaplang ass keng Verbesserung 26.07.2024 19:29
Déi endgülteg Fassung vum nationalen Energie- a Klimaplang (Pnec) wéist, wat CSV an DP a Saache Klimaschutz virhunn. Dat si manner Ambitioune bei der Energieeffizienz a méi Hoffnung an technologesch “Wonnerléisungen”. Mir analyséieren dat am Podcast, an schwätzen och iwwer ee Waasserstoff-Projet, deen erëm aus dem Pnec verschwonnen ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Nati...
Wat bréngt den eWallet? 19.01.2024 12:46
Artikel: Digitalisierung und Datensicherheit: ePortmonni The post Wat bréngt den eWallet? first appeared on Radio ARA .
Reformen an der Chamber 12.01.2024 15:26
Riedezäit an ëffentlech Kommissiounssëtzungen – wat steet um Plang vun der Chamber? The post Reformen an der Chamber first appeared on Radio ARA .
De Pensiounsfong ass nach ëmmer net nohalteg 05.01.2024
Auf Luxemburg kommt eine Rentendebatte zu. Die ist dieses Jahr genauso nötig wie letztes, denn die Investitionen des FDC sind immer noch nicht nachhaltig. Artikel: Fonds de compensation: Ein kleines bisschen Nachhaltigkeit The post De Pensiounsfong ass nach ëmmer net nohalteg first appeared on Radio ARA .
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.