woxx

Am Bistro mat der woxx

News LB ↓ 112 episodes

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.radioara.org

Author

woxx

Category

News

Podcast website

www.radioara.org

Latest episode

Nov 20, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

Ungarn vor dem Systemwechsel? 10.04.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System verschwënnt net einfach, well en sech déif an der ungaresc...

Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet 03.04.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatiou...

Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail? 27.03.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.   Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der Kombinatioun wierken: Wat mécht de „Cocktail“ aus ver...

Wéi d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi onmënschlech gëtt 20.03.2026

Den Toun iwwert Asylpolitik gëtt ëmmer méi schaarf. Flüchtlinge ginn als potenziell Krimineller oder als Belaaschtung ugesinn, wéi zwou rezent Aussoe vu Ministere weisen. Mä déi Stëmmung schléit sech och a Gesetz ëm. Ee Beispill dofir ass de regroupement familial, bei dem d‘Regierung elo vill méi streng Reegele wëll ëmsetzen. An dëser Episod vum woxx–Podcast diskutéieren d‘María...

Directive de la vigilance 13.03.2026

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des négotiations au niveau européen et dorénavant adoptée, au Luxem...

Wéi hëtze mir an der Zukunft? 06.03.2026

Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg klimaneutral sinn, da sollt et souwisou keng Gas– oder Masuttsheizunge méi ginn. Mä dat ass net esou einfach. De Mouvement écologique huet een 11–Punkte–Plang virge...

Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung? 27.02.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et v...

Geschlechtersensibel behandelen 20.02.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gëllt de männleche Kierper als medezinesche Standard – an dat mat konkrete Konsequenzen. Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkann...

Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn 13.02.2026

De Weltbiodiversitéitsrot IPBES ass fir d’Biodiversitéit dat, wat de Weltklimarot IPCC fir d’Klima ass. Een neie Rapport vun dësem Expert*innengremium beschäftegt sech mat der Relatioun tëscht Ekonomie an Ökologie. Wien elo mengt, datt et jo souwisou kloer ass, datt d’Wirtschaft d’Ëmwelt zerstéiert, läit zwar net ganz falsch, mä ganz korrekt ass et och net: Vill Beräicher v...

Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn 06.02.2026

Wärend op sozialen Netzwierker d’Diskussiounen ëm genderneutral Toiletten a Schoule gefouert goufen, huet de leschte Freiden d’LGBTIQA-Gemeinschaft zu Lëtzebuerg sech selwer gefeiert. Am Rainbow Center goufen d’LGBTQIA+ Role Model Awards verginn. D’Melanie Czarnik war fir d’woxx op der Plaz an erzielt am Podcast, wat hir Andréck waren, wisou et wichteg ass, gutt Virbi...

Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn 30.01.2026

Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik,...

Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech? 23.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d’Lauschterer*innen dat iwwerhaapt m...

Umgehungsstrooss Niederkerschen 16.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a...

EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt 09.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de komme...

Wunderwaffe CO2-Speicher? 02.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d’CSV-DP-Regierung op dëse We...

Bodenschutz: Op wackelegem Buedem 19.12.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d’éischt e gemeinsaame Kader fir d’Iww...

De laange Wee zur barrièrefräier Kultur 12.12.2025

Vill ëffentlech Kulturhaiser kënne mat engem Rollstull besicht ginn, well si esou ëmgebaut goufen, datt dat méiglech ass. Mä iwwerall do, wou d’Kultur méi am Ënnergrond ass – zum Deel wuertwiertlech, nämlech am Keller – ass dat schwéier bis onméiglech. An dëser Episod vum Podcast erkläert d’Melanie Czarnik, wisou grad dacks déi klengste Kultur-Veranstalter*innen net barrièrefräi sinn....

Antirassismus: E Plang ouni Bëss? 05.12.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d’Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Vers...

D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz 28.11.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng CO...

Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg? 21.11.2025

Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht...

Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne 14.11.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Deux ans après l’arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d’un e...

Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 07.11.2025

Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtze...

D’Robotaxi-Illusioun 31.10.2025

Episod 358 – D’Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Strooss...

Iwwert Suizid schwätzen léieren 24.10.2025

Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D’Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an...

D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter 17.10.2025

D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zu...

Listen to the Am Bistro mat der woxx podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.