radio 100,7

Reen a Bou

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Bezoek zeker de website van de podcast en steun de maker: www.100komma7.lu

Auteur

radio 100,7

Categorie

News

Website van de podcast

www.100komma7.lu

Nieuwste aflevering

27 nov. 2026

Waar luisteren?

Podcasts in de app Replaio Radio Binnenkort beschikbaar

Podcasts komen binnenkort naar de app. Installeer nu en zie als eerste een compleet nieuwe kijk op podcasts

Download het op Google Play Gratis installeren Android 10 mln+ downloads · beoordeling 4,7+ iOS binnenkort

Afleveringen

Wéi stinn d’Chancen op Schnéi? 27.11.2026

Mir leie mëttlerweil erëm haaptsächlech ënner Héichdrockdominanz, woubäi nëmmen e Sonnden eng weider Stéierung méiglech ass. Op en Neits kann sech dat a Form vu gefruerenem Ree weisen.

Eng fréiwanterlech Woch 23.11.2026

Nidderschléi ginn am Allgemenge méi rar, mee se si net ganz ausgeschloss. Iwwerdeems gëtt et fréiwanterlech kal.

Manner Reen a méi kal 20.11.2026

Eng immens turbulent Woch mat Ree geet haut op en Enn. Iwwert de Weekend ass mat enger Berouegung, mee awer och anere Changementer ze rechnen.

Grouss Reenzommen an ëmmer erëm stiermesch 16.11.2026

De sougenannten “Jetstream” fungéiert dës Woch fir eis wéi eng Autobunn, iwwert déi een Déif nom aneren de Wee op Lëtzebuerg fënnt. Wand- a potenziell Stuermfelder, méi awer grouss Reenzomme, stinn am Fokus.

Éischt Warscheinlechkeet vu lokalem Schnéi 13.11.2026

An der nächster Woch mécht den Atlantik seng Dieren op, d’Warscheinlechkeet vu stiermeschen an och fréiwanterlechen Zenarie geet an d’Luucht.

Héije Loftdrock geet geschwënn 09.11.2026

Dës Woch verschwënnt eist momentant Héichdrockgebitt, déiwe Loftdrock mëscht sech an.

D’Mëttelfrist gesäit erëm spannend aus 06.11.2026

Héije Loftdrock huet eis ëmmer nach am Grëff, deels wierkt liichten Déifdrockafloss mat. Fréistens am Laf vun der nächster Woch soll awer och e méi markante Changement méiglech ginn.

Relevante Reen ass erëm rar 02.11.2026

Ufanks der Woch leie mir ënnert dem Afloss vun engem schwaachen Déifdrockgebitt. Duerno iwwerhëlt erëm haaptsächlech héije Loftdrock, de Reen ass weiderhi keen Thema.

Nuetsfrascht a spannend Wantergerüchter 30.10.2026

Haut viru genee enger Woch huet et staark a vill heiheem gereent. An Tëschenzäit ass awer schonn erëm genee de Géigendeel dovun de Fall.

Héichdrockgebitt suergt erëm fir Rou 26.10.2026

Eppes steet fest: De Mount Oktober fält op ville Plazen net ze dréchen aus! Nom Stuerm an dem ville Ree setzt sech elo awer geschwënn erëm Héichdrockafloss bei eis duerch. Mee fir wéi laang?

Ree wéi laang net méi 23.10.2026

D’Berechnunge vun ufanksder Woch konnten sech duerchsetzen. Iwwert de Weekend gëtt et bis de Sonndegmëtterichteg turbulent zu Lëtzebuerg. Dat duerch vill Reen an och staarke Wand.

Ausbléck op eng dynamesch Woch 19.10.2026

No engem zimmlech kille Weekend ënnersträicht eng erhéicht Déifdrockaktivitéit dës Woch, dass mir mëttlerweil am Hierscht ukomm sinn. Et kënnt mol Beweegung an d’Saach

E kale Weekend steet un 16.10.2026

De wäermsten Dag vun der Woch hate mir en Donneschden, och haut si mir nach am Waarmsektor. Geschwë gëtt et awer op en Neits bis zu 10 Grad méi kal, op d’mannst plazeweis.

D’Loftmasse ginn erëm méi mëll 12.10.2026

Iwwert de Weekend hat sech de Reen nach e bësse gewisen, och vun den Temperaturen hier war et hierschtlech. Wéi et schéngt, gëtt et awer scho geschwënn erëm méi mëll.

Nach bësse Reen iwwert de Weekend 09.10.2026

D’Natur huet sech iwwert de Reen duerch d’Kalfront gefreet, mee och iwwert de Weekend kann et nach heiansdo bëssen naass ginn.

Reen-Hoffnungen e Mëttwoch an Donneschden 05.10.2026

De Bléck an eis Wiederkaarte verréit eis, dass eng nächst kleng Entlaaschtung fir eis vill ze dréchen Natur an de Startlächer steet.

Eng “inoffiziell” sechst Hëtztwell 02.10.2026

Mol erëm eng Kéier geet eng Phas mat vill ze héijen Temperature fir d’Joreszäit op en Enn. Dës Kéier kann ee plazeweis tatsächlech vun enger weiderer vergaangener Hëtztwell schwätzen.

De Spéitsummer setzt sech duerch, nach… 28.09.2026

D’Kombinatioun aus engem markante Stuermdéif iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwer Osteuropa suergt fir Loftmassen, déi eis am Héichsummer Temperature vun iwwer 35 Grad bruecht hätten.

Temperature vu bal 30 Grad am Hierscht 25.09.2026

Dem Wieder ass et egal, dass mir mëttlerweil net nëmme meteorologesch gesinn am Hierscht sinn, mee och zanter dem Mëttwoch am kalendareschen. De Ree feelt, iwwerdeems et erëm summerlech gëtt.

Reendefizit verschäerft sech weider 21.09.2026

D’Grousswiederlag fir déi nächst Zäit weist zwar ëmmer nach e variabele Charakter, an trotzdeem spillt de Reen dobäi keng gréisser Roll.

De Spéitsummer probéiert et erëm 18.09.2026

An de leschte Wochen huet sech de Reen zäitweis konnte weisen, mee wierklech vill koum net erof. Och weiderhin hält en sech bedeckt, iwwerdeems d’Kaarten op en Neits Zenarie mat ze héijen Temperaturen undeiten.

De Ree wëll ëmmer nach net esou richteg 14.09.2026

Zwar erreecht eis och an dëser Woch erëm den een oder anere Frontesystem, mee esou richteg naass wëll et awer net ginn.

Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg 11.09.2026

En Dënschden hate mir et mat engem markante Kalfrontduerchgang ze dinn. En typescht Muster fir eng variabel Wiederlag. Dëst heescht allerdéngs net, dass et elo dauerhaft schlecht bei eis virugeet. Ufanks der Woch louchen eis Temperature nach bei knapp iwwer 30 Grad. Duerch déi vergaange Wochen a Méint ass dat awer scho bal eppes, wat ee guer net méi esou séier mierkt, well ee sech fir dëst Joer dr...

Den El Ninõ a wéi en sech opeis auswierkt 07.09.2026

Doduerch, dass mir de bis ewell wäermste Summer zanter Opzeechnungen hannert eis hunn, gëtt den El Niño och ëmmer méi staark thematiséiert. Mee ass dësen iwwerhaapt e Produit vum Klimawandel oder huet e schonn ëmmer existéiert?

De Summer kënnt nach eng Kéier kucken 04.09.2026

E Freide sträift eis mol nach de Frontesystem vun engem Déifdrockgebitt, ier eis iwwert de Weekend en Héichdrockgebitt eng frëndlech Ofwiesslung bréngt.

Luister naar de podcast Reen a Bou in Replaio

Radio en podcasts in één app - gratis en zonder account. Installeer vandaag nog en mis de lancering niet

Download het op Google Play

Replaio is geen uitgever van podcasts; namen van shows, covers en audio zijn eigendom van hun makers en worden verspreid via openbare RSS-feeds