radio 100,7
Invité:e vum Dag
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Husk å besøke podkastens nettsted og støtte skaperen: www.100komma7.lu
Hvor kan du lytte?
Podkaster i appen Replaio Radio Kommer snartPodkaster kommer snart til appen. Installer nå, og bli den første som ser en helt ny tilnærming til podkaster
Episoder
Carole Gils, Buergermeeschtesch vun der Fusiounsgemeng Tandel 16.11.2026
Viru 20 Joer ass d'Gemeng Tandel aus der Fusioun vu Baastenduerf a Furen entstan. Mir froen d'Buergermeeschtesch, ob d'Fusioun haut vu jidderengem als Succès gesi gëtt.
Michel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEA 13.11.2026
D'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.
Liam Bremer, President vum Jugendrot 12.11.2026
Mir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft
Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van Landewyck 11.11.2026
Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister 10.11.2026
Méi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend ëmsetzen.
Paul Galles 09.11.2026
Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard sech de President vun der Klima-Chamberkommissioun Paul Galles?
Mike Schaltz, Direkter vum Service d'Accompagnement Tutelaire 06.11.2026
D'SAT ASBL këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. Hire Chargé de direction erkläert firwat.
Charles Goerens, DP-Europadéputéierten 05.11.2026
Ass d'Défaite vum Donald Trump senge Republikaner eng gutt Nouvelle fir Europa? Déi Fro stelle mir dem DP-Europadéputéierten.
Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.lu 04.11.2026
Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.
Mike Schwebag, Médiateur de la santé 03.11.2026
De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024. Mir froen no, wou déi staark Hausse hierkënnt.
Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel 02.11.2026
Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt, datt déi europäesch Automobilindustrie doduerch kéint den Zuch verpasse bei der Energietransitioun.
Lex Delles, Wirtschafts- an Energieminister (DP) 30.10.2026
D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech op eng Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem Resilienzpak gëeenegt. Wéi frou ass de Lex Delles, datt och den Tankrabatt weider gëllt?
Bauke Baumann, Expert fir den Noen Osten 29.10.2026
Wéi geet et virun no de Walen an Israel? Froen un den Expert vun der Heinrich-Böll-Stiftung, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.
Xavier Bettel, Ausseminister (DP) 28.10.2026
No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.
Laurent Zahles, President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL 27.10.2026
No enger kuerzer Reprise 2025 notéieren d'Guichetsbanken fir 2026 nees e Ralentissement um Immobiliemaart. Besonnesch de VEFA kënnt net un d'Rulle. Wat kann een do maachen?
Richard Graf, woxx 26.10.2026
De fréiere Journalist an haitege Member vum Verwaltungsrot erkläert, firwat déi rezent Adaptatioun vun der Pressehëllef net duergeet fir d'Wochenzeitung um Liewen ze halen.
Paul Philipp, President vun der Fussball-Federatioun 23.10.2026
De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.
Martine Deprez, CSV-Sozialministesch 22.10.2026
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
Nora Back, Presidentin vum OGBL 21.10.2026
D'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.
Marc Lauer, President vun der Union des Entreprises (UEL) 20.10.2026
Mir froen den UEL-President mat wéi enge Fuederungen d'Patronat haut an d'Tripartite geet.
Claude Robinet, neie Lëtzebuerger Arméichef 19.10.2026
De neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant 16.10.2026
Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert.
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin 15.10.2026
Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?
Marc Reiners, President vum Produzentecomité bei Luxlait 14.10.2026
D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer?
Marc Schoentgen, Co-Direkter vun der Stëftung ZpB 13.10.2026
Den Zentrum fir politesch Bildung feiert 10 Joer. Eng Zäit, an där Desinformatioun a Politikverdrossenheet allgemeng zougeholl hunn. Wéi geet een dogéint vir?
Lignende podkaster
Replaio er ikke podkastutgiver; programnavn, omslag og lyd tilhører opphavspersonene og distribueres via offentlige RSS-feeder.