radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Visita il sito del podcast e sostieni chi lo crea: www.100komma7.lu
Dove ascoltare?
I podcast nell'app Replaio Radio In arrivoI podcast stanno per arrivare nell'app. Installala ora e scopri per primo un modo tutto nuovo di vivere i podcast
Episodi
Honey I'm Home 04.11.2026
Eng jonk Band vun Amsterdam, déi dir villaicht nach net kennt, mee déi geschwë waert grouss eräuskomme, sinn Honey I'm Home. Op den europäesche Showcase-Festivals wéi Eurosonic oder Reeperbahn sinn si esou muench engem am Gediechtnis bliwwen. Tescht schwéiere Gittarren a verdreemten Effekter steet hir Musek éierlech a gevillvoll do, an d'Band op der Bün präsent a gevillvoll. Ee Gespréich...
Am Gespréich mat der Magaly Texeira 04.11.2026
De Fado desakraliséiert, de Fado als Manéier, eng perséinlech Geschicht ze erzielen, de Fado als Wee zeréck zu senge Wuerzelen: a "Silencio que se vai a cantar o fado" féiert d’Schauspillerin Magaly Texeira an der Aler Schmelz zu Stengefort ee Projet weider, dee virun engem Joer an d’Liewe geruff gouf. De Jeff Schinker huet sech mat der Magaly Texeira ënnerhalen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie 04.11.2026
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November, wéi gewinnt an der Philharmonie, awer och am Mudam, am Casino oder am Théâtre National du Luxembourg (TNL). All Joer gëtt et e Motto, wat als roude Fuedem wärend deene 6 Deeg vum Festival déngt. Nom Theema "Bodies" ass d’Motto dëst Joer d'Theema "Heat". Fir erauszefannen, wat...
De Prix Goncourt 2026 geet un de Philippe Jaenada 03.11.2026
De Prix Goncourt 2026 geet un "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada. De Jeff Schinker ass beim Valerija Berdi am Studio a schwätzt iwwert de Gewënner an déi dräi aner Finalisten.
Déi véier Elementer als imprévisibel “Kënschtler” 03.11.2026
Eng Skulptur gëtt, per Definitioun, aus fester Matière wéi Holz oder Stee geschloen, respektiv gemeesselt; ma och Aarbechten, déi zum Beispill a Bronze gegoss oder mat Leem modeléiert ginn, falen an dës Kategorie. Dat schéngt elementar. De Max Mertens, Joergang 1982, huet zu Wien Skulptur studéiert, ma weder schnëtzelt hien, nach hummert oder seet hien. Hie stellt d’Beweegung, den Transformatiouns...
Nei am Kino 03.11.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
The 90s : Art & Fashion 02.11.2026
D‘Kate Moss, den Alexander McQueen, d‘Young British Artists – D‘brittesch Moud an Konscht waren an den 90er Joren alles anescht wei langweileg. Eng Ausstellung am Tate Britain zu London probéiert dëst Joerzéngt anzefänken, wat awer net ëmmer geléngt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Prix Goncourt: "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada 02.11.2026
Muer an der Mëttesstonn gi mer endlech gewuer, wien ee Joer nom Laurent Mauvignier sengem Roman "La maison vide" de Prix Goncourt 2026 krut – ee Prix Goncourt, dee vill Welle geschloen hat, well ee vun de Favoritten, dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir", wéinst dem Verdacht, de Roman wier mat enger KI geschriwwe ginn, vun der Lëscht geholl gouf. An der leschter Sel...
Prix Goncourt: "La solitude des professeurs est infinie" vum Yannick Haenel 02.11.2026
Muer an der Mëttesstonn gi mer endlech gewuer, wien ee Joer nom Laurent Mauvignier sengem Roman "La maison vide" de Prix Goncourt 2026 krut – ee Prix Goncourt, dee vill Welle geschloen hat, well ee vun de Favoritten, dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir", wéinst dem Verdacht, de Roman wier mat enger KI geschriwwe ginn, vun der Lëscht geholl gouf. An der leschter Sel...
D'Clubstierwen zu Parais - La Station 30.10.2026
De Weekend feiert de bekannte Paräisser Club La Station eng vu senge leschte Partien a sengem aktuelle Gebai. Duerno steet fir dës Paräisser Institutioun eng ongewëss Zäit un. La Station ass awer net deen eenzege Club, deen dëst Joer zu Paräis seng Dieren zoumaache muss. Alternativ a queer Espacë ginn et an der franséischer Haaptstad ëmmer manner. De Max Tholl war virum Closing nach eemol laanscht...
Filmkritik: "La Gradiva" 30.10.2026
De Coming-of-Drama beschäftegt sech mam Magma vun de jugendleche Gefiller wärend engem Neapel-Ausfluch. Et ass den Debutfilm vun der franséischer Realisatrice Marine Atlan. Eng Kritik vum Michel Delage.
Firwat koumen all déi afrikanesch Boxer op Lëtzebuerg? 30.10.2026
A sengem ganz perséinlechen Documentaire "Boxing Stories" erzielt den Alain Tshinza d'Geschicht vum Boxsport zu Lëtzebuerg a besonnesch am Minett. Virun allem exploréiert hien d'Wuerzele der kongoleesescher Diaspora hei am Land. E Gespréich mam Michel Delage.
Dräi Hobbydetektiven op der Sich no engem Mäerder 29.10.2026
E Mord am eegene Wunngebai gëtt fir dräi Noperen zu New York den Ufank vun enger ongewéinlecher Frëndschaft – an engem True-Crime-Podcast. Am Serientipp stellt d'Alannah Meyrath d'Serie Only Murders in the Building vir an erkläert, wat se esou spannend a gläichzäiteg witzeg mécht.
"Nous aussi" vun der Anne Godard 29.10.2026
Der Anne Godard hire Roman "Nous aussi" huet als ee vun de Favoritte vum Prix Goncourt gegollt. Leider huet en et net an déi lescht Selektioun vum prestigiéise Präis gepackt, wéi den Dënschde verkënnegt gouf. Op genee deem Dag huet en awer een anere Präis kritt: de Prix Décembre. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir eng Analyse vun der Shortlëscht vum Goncourt a vum R...
Lëtzebuerger Buchpräis 2026 29.10.2026
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt den 19. November de Lëtzebuerger Buchpräis an dräi Kategorie verginn. Wéi eng Bicher op der Shortlëscht stinn, gëtt haut publizéiert. Valerija Berdi mat Detailer. Kategorie „Literatur“ „Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl „Enfanter une ét...
Lëtzebuerger Buchpräis 2026 29.10.2026
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt den 19. November de Lëtzebuerger Buchpräis an dräi Kategorie verginn. Wéi eng Bicher op der Shortlëscht stinn, gëtt haut publizéiert. Valerija Berdi mat Detailer. Kategorie „Literatur“ „Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl „Enfanter une ét...
Filmkritik "Moulin" 29.10.2026
De Face-à-face tëschent dem Organisateur vun der franséischer Resistenz Jean Moulin (Gilles Lellouch) an dem Gestapo-Chef vu Lyon Klaus Barbie (Lars Eidinger) steet am Mëttelpunkt vu "Moulin". A sengem historeschen Drama konzentréiert sech den ungaresche Cineast László Nemes op déi lescht Wochen a Méint vum grousse Widderstandskämpfer. De Michel Delage huet de Film gesinn.
Wat et fir e Stierflechen heescht, ze liewen 29.10.2026
An eise Kinoen ass des Woch déi extravagant Horror-Farce "Die Blutgräfin" ugelaf. Dës Lëtzebuerger Amour fou Co-Produktioun ass d'Wierk vun der däitscher Avant-garde-Kënschtlerin Ulrike Ottinger. D'Roll vun der Vampirin, déi am zäitgenëssesche Wien erwächt fir do hiert Onwiesen ze dreiwen, ass der Filmdiva Isabelle Huppert op Mooss geschneidert. De Michel Delage huet um Luxfilmfe...
Nea Lone - Mayday 28.10.2026
Nea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir lescht Single “Mayday” a kréien ee Scoop op... en Album.
"Constellations" aus dem Point Nemo Verlag 28.10.2026
Sechs Dichter:innen a fënnef Kënschter:innen aus der Bildender Konscht an Architektur sinn an den Dialog getrueden, woubäi jiddereen de Sujet vum eegne Bäitrag konnt auswielen. Dobäi ass d‘Buch mam Titel „Constellations“ eraus komm, dat am Point Nemo Verlag eraus komm ass. Valerija Berdi mat Detailer.
ESAL2026 fir d’Alexandra Uppman an d’Nazanin Hafez 28.10.2026
Gëschter Owend war am Mudam Edward-Steichen-Award-Zeremonie: Laureatinne sinn déi zwou plastesch Kënschtlerinnen Alexandra Uppman an Nazanin Hafez. Beim ESAL, also dem Edward Steichen Award Luxembourg, handelt et sech net just ëm eng Trophée an/oder e Präisgeld: D'Auszeechnung beinhalt eng Konschtresidenz vu 4, respektiv 6 Méint zu New York. Dëst, well “The Big Apple” fir den Edward Steichen...
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" 27.10.2026
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt. Wat sech aus dëser Korrespondenz ergëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.
D’Vuë vu 45 Kënschtler:innen zum Theema “Ruin” an der Escher Konschthal 27.10.2026
De leschte Freideg war an der Escher Konschthal de Vernissage vun der Expo “Ruin Echoes”. Multidisziplinär zäitgenëssesch Aarbechte vu 45 Kënschtler:innen bidde keng romantesch oder nostalgesch Vuen op d’Vergaangenheet: Et handelt sech ëm gesellschaftskritesch Analyse vu Monumenter, vum urbanistesche Raum als Spannungsfeld. Dat, wat vläicht fir d’Éiwegkeet geduecht war, léisst sech no an no op. Al...
Nei am Kino 27.10.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Sophie Calle - Onfaerdeg ... 26.10.2026
Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Podcast simili
Replaio non è un editore di podcast; i nomi dei programmi, le copertine e l'audio appartengono ai rispettivi autori e vengono distribuiti tramite feed RSS pubblici