radio 100,7

Kultur

News LB ↓ 204 episodi

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Visita il sito del podcast e sostieni chi lo crea: www.100komma7.lu

Autore

radio 100,7

Categoria

News

Sito del podcast

www.100komma7.lu

Ultimo episodio

13 nov 2026

Dove ascoltare?

I podcast nell'app Replaio Radio In arrivo

I podcast stanno per arrivare nell'app. Installala ora e scopri per primo un modo tutto nuovo di vivere i podcast

Scaricala su Google Play Installala gratis Android quasi 10 mln di download · valutazione 4,7+ iOS in arrivo

Episodi

Filmkritik: "Ebenezer" 13.11.2026

Den Johnny Depp als ale Granzert am viktorianesche London, dee vu Geeschter erëm dozou bruecht gëtt, Chrëschtdag z'appreciéieren. Den Amerikaner Ti West adaptéiert eng Kuerzgeschicht vum Charles Dickens. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Club Kid" 13.11.2026

En drogenofhängegen, homosexuellen New Yorker Party-Organisateur gëtt gewuer, datt hie Papp vun engem zéng Joer ale Bouf ass. Den Jordan Firstman huet och d'Haaptroll a sengem Debutfilm als Realisateur iwwerholl. Eng Kritik vum Michel Delage.

13.11.2026
Tëscht Familljechaos, Identitéit a verrécktem Humor 12.11.2026

Dräi asiatesch-amerikanesch Geschwëster probéieren, sech duerch de chaoteschen Alldag zu New York ze schloen. Dobäi geet et ëm Famill, Identitéit an d'Erausfuerderunge vum Erwuessenginn. Am Serientipp stellt den Simon Larosche d'Netflix-Serie „DANG!“ vir, eng frech Animatiouns-Comedy, déi verréckten Humor mat eeschten Themen kombinéiert.

Filmkritik: "Il faut brûler maman" 12.11.2026

Well d'Personal bei de Pompes funèbres streikt, mussen d'Ierwe vum Famijebetrib hir verstuerwe Mamm selwer verbrennen. Den Albert Dupontel huet eng sophistikéiert schwaarz Komedie iwwer Liewen an Doud, Geschwëster-Konflikter a Léift gedréint. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Minotaure" 12.11.2026

E russesche Geschäftsmann geréit wéinst dem Ukrain-Krich a senger ontreier Fra an d'Labrennten. De russesche Cineast Andrei Zviaguintsev aktualiséiert dem Claude Chabrol säi gëftege Klassiker "La Femme infidèle" vun 1969. Eng Kritik vum Michel Delage.

Fënnef Joer nom Prix de Révélation de Prix Pierre Werner fir d’Julie Wagene 12.11.2026

Am Tramsschapp um Lampertsbierg ass de leschte Weekend den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL, opgaangen. En internationale Jury hat 44 Artist:innen vun 129 Kandidature fir d’Expo selektionéiert. Da ginn och nees zwee Präisser iwwerreecht, di allebéid mat 5’000 Euro dotéiert sinn: eemol de “Prix du Public”, fir deen d’Visiteure bis den 22. November hier Stë...

Booker Prize: "The End of Everything" vum M. John Harrison 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "The Disappearers" vum Marlon James 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "May We Feed the King" vun der Rebecca Perry 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Ausbléck op Walfer Bicherdeeg 11.11.2026

Et ass déi 31. Editioun vun der gréisster Bicherfoire ze Lëtzebuerg. Riets ass vun de Walfer Bicherdeeg, déi den 21. an den 22. November mat Stänn vun Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, Liesungen, Workshoppen, Musek, Animatioun a Bicher fir déi ganz Kleng de Publikum unzéien. Fir iwwer déi dësjäreg Editioun ze schwätzen, ass d'Viviane Hecker vun der Walfer Gemeng Invitée bei...

Zum Doud vum Jean Sorrente 10.11.2026

Hien hätt roueg nach kéinten de Batty Weber Präis kréien, esou de Ian De Toffoli, Editeur vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Jean Sorrente, dee gëschter am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass. Valerija Berdi mat engem Noruff.

Eng Kris vun der Männlechkeet: d'Shortlist vum Booker Prize ënnert der Lupp 10.11.2026

Gëschter Owend krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Dougl...

Nei am Kino 10.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

Postkaart aus Istanbul: Iwwerliewen 09.11.2026

De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou alles immens deier ginn ass, och fir d’Touristen, mee virun allem fir d’Tierke selwer. Munchereen wunnt illegal an engem ale, baufällegen Holzhaus. Mee och déi mat engem Job, wëssen deelweis net wéi se iwwer d’Ronne komme sollen.

Edsun - Eagle's View a Moth 09.11.2026

Dir hutt "Eagles View", dem Edsun séng nei Singlem bestëmmt schonn hei um Radio héieren. Iwwert d'Lidd, an aner Pläng huet de Marc Clement mam Museker geschwat.

Happy birthday TNL! 09.11.2026

Et ass eng speziell Saison déi den TNL Mëtt Oktober op hirer neier Spillplaz dem TBL Atelier mat “Sein oder nocht sein” vum Nick Whitby an enger Mise en scène vum Frank Hoffmann lancéiert huet. Et ass nämlech d’Saison vum 30 Anniversaire vum Théâtre national. Dräi Joerzéngte sinn et schonn hir datt mam TNL en neien Acteur, fir et sou ze soen an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft entstanen ass an e...

Le Guess Who? Festival 09.11.2026

De Weekend war zu Utrecht den Le Guess Who?– de bekannte Museksfestival huet dëst Joer säin 20. Anniversaire gefeiert, an dat mat enger gewinnt eklektescher Programmatioun. De Max Tholl war déi lescht Deeg um Festival ënnerwee an erzielt iwwer sneg Andréck.

Filmkritik: "L'Affaire Marie-Claire" 06.11.2026

De Geriichtsdrama ass eng fiktionaliséiert Duerstellung vum Prozess vu Bobigny vun 1972, deen a Frankräich zur Entkriminaliséierung vum Avortement gefouert huet. Gläichzäiteg gëtt de Portrait vun der deemools nach wéineg bekannter Affekotin a militant Feministin Gisèle Halimi gezeechent. Eng Kritik vum Michel Delage.

Wéi Konscht a Wëssenschaft sech a Saache Geometrie ergänzen 06.11.2026

Wat soe Formen, wéi Dräiecker-Quadrater-Linnen, iwwert d’Welt ronderëm eis aus? Mat dëse Froe beschäftege sech fir gewéinlech Wëssenschaftler, wéi Mathematiker oder Physiker. Ma eng ganz Partie Kënschtler hunn dozou kënschtleresch Aussoen ze maachen. D’Expo “Shapes - beyond Geometry” am Cercle Cité presentéiert Konschtwierker zu dësem Sujet. Virun zwou Wochen hate mir mat der Curatrice Anna Loporc...

Angine de Poitrine zu London: Concertskritik 06.11.2026

Op de soziale Medien waren se ugangs des Joers iwwerall: di zwee Ausserierdescher, déi vun ënnen bis uewen a schwäerz a wäiss Punkten bedeckt sinn an komplizéierte Rock spillen. Riets geet vun Angine de Poitrine, den Duo aus dem Québec deen mat senge witzege Kostümer an ongewéinlechen Rhythmen viral gaangen ass. Mee wéi kléngt Angine de Poitrine live? Ass den Hype gerechtfäerdegt? D‘Claire Barthel...

Batman: Caped Crusader 05.11.2026

Eng Serie déi nach e relativ jonke Batman weist, deen sech nees op d’Juegd duerch Gotham City mécht, fir déi Béis zur Streck ze bréngen. Eng Serie, déi ganz vill Léift fir déi eegen Haaptfigur huet.

Filmkritik: "Godzilla Minus Zero" 05.11.2026

An dëser Suite vum rezente "Godzilla Minus One" ass d'Populatioun am Nookrichs-Japan net méi nëmme mam Monster Godzilla geplot - elo muss si sech och nach mat der net manner geféierlecher Kreatur Ghidorah erëmklappen. De Michel Delage huet de japanesche Monsterfilm gesinn.

Filmkritik: "Wild Horse Nine" 05.11.2026

Dem Martin McDonagh säi batterbéise Frëndschaftsdrama setzt den Duo John Malkovich-Sam Rockwell als CIA-Killeren an Zeen. Kuerz virum Pinochet-Coup 1973 am Chile ënnerhuele si eng existenziell Eskapad op d'Ouschterinsel. Eng Kritik vum Michel Delage.

Jemp Schuster – Spawecken 05.11.2026

A sengem Roman „Spawecken“ geet de Jemp Schuster nach emol zréck an d‘Duerfgeschicht vu Lëtzebuerg. De Roman, dee bei Kremart publizéiert ass, féiert am éischten Deel an déi zweet Hallschent vum leschte Joerhonnert, am zweeten Deel léiere mer d‘Wuerzele vum Ampeljong kennen a mat him d‘Geschicht vum fiktiven Duerf Schëldrëf a vun der Schmadd-Famill an dat an der Zäit vum Drëssegjärege Krich. E Rom...

Ascolta il podcast Kultur su Replaio

Radio e podcast in un'unica app - gratis e senza registrazione. Installala oggi e non perderti il lancio

Scaricala su Google Play

Replaio non è un editore di podcast; i nomi dei programmi, le copertine e l'audio appartengono ai rispettivi autori e vengono distribuiti tramite feed RSS pubblici