Ben Schlammes

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sports LB ↓ Επεισόδια: 20

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆

Μην παραλείψεις να επισκεφτείς τη σελίδα του podcast και να στηρίξεις τον δημιουργό: podcasters.spotify.com

Δημιουργός

Ben Schlammes

Κατηγορία

Sports

Ιστοσελίδα του podcast

podcasters.spotify.com

Τελευταίο επεισόδιο

11 Σεπ 2026

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android σχεδόν 10 εκατ. λήψεις · βαθμολογία 4,8 iOS σύντομα

Επεισόδια

#9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“ 11.09.2026

An der néngter Episod ass de Julio Kirsch op Besuch, fir eis vu sengem impressionante Wee ze erzielen. Nodeems hien am Fussball ee schwéiere Kräizbandrëss erlidden huet, misst hien onverhofft eng neie sportlech Karriär aschloen. Dës huet hien ënner anerem bis iwwer d'Zillinn vun engem kompletten Ironman an am Lafe bis op de Sommet vum Mont Ventoux gefouert. Dobäi geet et net just ëm d'Resultat um...

TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27 27.08.2026

Déi nei Saison an der däitscher Bundesliga steet virun der Dier. Zesumme mam Tom diskutéiert de Ben iwwert alles, wat dir virum Start an d'Saison 2026/27 wësse musst. Vill Spaass! :)

#8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“ 20.08.2026

An der aachter Episod vum Podcast „Sport aus der Heemecht” dréit sech alles ëm d'Integritéit vum Sport mat de Schwéierpunkten op Anti-Doping, Safeguarding & Bekämpfung vu Manipulatioun. Fir iech dovun ee genauen Iwwerbléck ze maachen, hunn ech mam Julie Schütz & Lenny Karp vun der ALIS (Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le Sport) geschwat. Vill Spaass! :) Den Opbau vun der Episod: 0'00"...

BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf 14.08.2026

Nach genau eng Woch, dann ass d'Summerpaus vun der Formel 1 eriwwer an dofir ass elo ee gudden Zäitpunkt, fir op dat zréckzeblécken, wat bis elo an dëser neier Ära geschitt ass. De Luc an de Ben notzen dës Geleeënheet awer och, fir op dat no vir ze kucken, wat eis an de nächste Méint ënner anerem um Circuit an um Transfertmaart erwaart. Mir wënschen iech vill Spaass beim nolauschteren.

TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter. 21.07.2026

An der drëtter Episod vun der Fussball-Rubrik „TRIVELA“ steet eng leschte Kéier d'WM 2026 am Fokus. Zesumme mam Yannick bléckt de Ben op dat zréck, wat d'Fussballwelt an de leschte Woche beweegt huet.

#7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“ 18.07.2026

An der siwenter Episod ass mam Katrin Kohl eng ambitionéiert Para-Sportlerin am Podcast „Sport aus der Heemecht“ dobäi. D'Lëtzebuergerin schwätzt ënner anerem iwwert seng Erfarungen op de Paralympesche Spiller zu Paräis, wéi hat iwwerhaapt am Para-Sport gelant ass a wou et nach Verbesserungspotenzial gëtt. Den Opbau vun der Episod: 0'00" - Intro & Präsentatioun. 1'15" - Den Ufank vum Katrin senger...

BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren? 14.07.2026

D'Formel 1 geet gläich an d'Summerpaus al dofir geheien de Ben an de Luc ee Bléck op dat, wat zu Spielberg an zu Silverstone geschitt ass, si kucken op déi nächst zwou Coursen no vir a lancéieren d'Silly Season.

TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel? 28.06.2026

An der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik „Trivela“ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwätzen. Ganz trei dem Motto „no der Gruppephase ass virun der KO-Phase“ blécken si net just op dat zréck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kéint. Vill Spaass! :)

BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona 15.06.2026

Déi fënneft Episod vun der Formel-1-Rubrik „Box Box“ ass ee Réckbléck op den éischten europäeschen Doubleheader zu Monaco an zu Barcelona an een Ausbléck op deen zweeten europäeschen Doubleheader zu Spielberg an zu Silverstone. Vill Spaass! :)

TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes. 11.06.2026

An der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine...

#6 Louis Marasi: „Mir hunn eis ni Limitte gesat a mir waren zum Schluss einfach am Flow.“ 09.06.2026

Mat der Fussball-Weltmeeschterschaft steet dëse Mount dat wuel gréisste Sportevent vun der Welt um Programm. Dofir ass an der sechster Episod mam Louis Marasi een amtéierende Champion an U21-Nationalspiller am Fussball als Invité dobäi. Nieft aktuellen Theme ronderëm d'WM hëlt de Spiller vum FC Atert Bissen eis mat an d'Emotioune vu sengem entscheedende Gol um leschte Spilldag an erzielt, wat d'Am...

BOX BOX #4 D'Champions entginn hirer Wall zu Montreal & wat zu Monaco fir méi Spannung géif suergen 27.05.2026

Fir de Luc an de Ben war de Grousse Präis vu Kanada dee bis elo animéiertste Weekend vun dëser Formel-1-Saison. Nieft dem Duell ëm d'Spëtzt tëscht Russell an Antonelli hunn och den Hamilton an de Verstappen fir flott Momenter op der Streck gesuergt. Nieft der Streck huet virun allem McLaren mat engem Strategie-Debakel op sech opmierksam gemaach a bei enger Mëttelfeld-Ecurie gëtt d'Zukunft vun enge...

#5 Anne Simon: „Ech spillen net fir d'Statistiken, mee fir der Ekipp sou gutt et geet ze hëllefen.“ 20.05.2026

An der fënnefter Episod huet de Ben sech fir déi éischte Kéier an dësem Podcast eng Profisportlerin un d'Säit geholl: D'Anne Simon. Déi talentéiert an ambitionéiert Basketspillerin erzielt vun hirem Wee aus der Jugend vum AB Contern bis an déi grouss wäit Welt. D'Bundesliga war dobäi just eng Tëschestatioun, de Championstitel mam BBC Gréngewald de kréinenden Ofschloss zu Lëtzebuerg an de Stipendiu...

BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus? 05.05.2026

An der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobäi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wäit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :)

#4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“ 07.04.2026

Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp. Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Po...

BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider? 31.03.2026

An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse Präis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spa...

BOX BOX #1 Nei Ära, nei Saison, nei Problemer: Ween huet am meeschten Energie? 17.03.2026

Mam grousse Start an déi nei Ära vun der Formel 1 ass och „Box Box“, de Formel-1-Talk vum Podcast „Sport aus der Heemecht“ elo lancéiert. An der éischter Episod probéieren de Ben an de Luc déi vill Froen, déi een sech no den éischten zwou Coursë ka stellen, ze beäntweren: Ass Mercedes iwwerhaapt ze klappen? Gett et eng Team-Order bei Ferrari? Wéi déif fale McLaren a Red Bull? Wat leeft schif bei A...

#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“ 04.03.2026

An der drëtter Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am Gespréich mam Ben gëtt hat exklusiv Ablécker an hir Karriär als ambitionéiert Fra am Automobilsport & schwätzt iwwer hir Ziler am europäeschen NASCAR. D'Lëtzebuergerin huet Motorsport am Blutt & ëmmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon. Lauschtert elo déi drëtt Episod vun „Sport aus der Heemecht -...

#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“ 11.02.2026

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ geet an déi zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutéiert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Äishockey & Momenter, déi d'Karriär vum Nationalspiller gepräägt hunn. Egal wou de Mirko um Äis steet, hie lieft säi Sport zu 100 Prozent. Lauschtert elo déi zweet Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi een d'Zäit op...

#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“ 19.01.2026

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Be...

Άκου το podcast Sport aus der Heemecht - De Podcast στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS