RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Μην παραλείψεις να επισκεφτείς τη σελίδα του podcast και να στηρίξεις τον δημιουργό: play.rtl.lu
Δημιουργός
RTL Radio Lëtzebuerg
Κατηγορία
Ιστοσελίδα του podcast
Τελευταίο επεισόδιο
15 Οκτ 2026
Πού να ακούσεις;
Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομαΤα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast
Επεισόδια
Episod 109 - Aktiounsplang CRDPH: 119 Aktioune fir eng méi inklusiv Gesellschaft 15.10.2026 34:18
20 Ministèrë bedeelege sech un dësem gemeinsame Projet mat 119 Aktiounen a siwe wichtegen Themeberäicher An dësem Episod schätzt de Sascha Lang mam Familljeminister Max Hahn a mam Michèle Stein, der Koordinatorin vum Aktiounsplang am Familljeministère, iwwer den neien Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der UN- Behënnerterechtskonventioun. Am Mëttelpunkt stinn déi geplangte grouss Reformen an d’Fro,...
Episod 108 - LPC: Sport, Participatioun an nei Perspektiven 07.10.2026
E Gespréich mam Serge Schaul, dem neie President vum Luxembourg Paralympic Committee, a mam Ruben Goncalves, dem administrativen Direkter Et geet ëm déi nei Ausriichtung vum LPC, d’Professionaliséierung an d’Wichtegkeet vun der Reintegratioun duerch de Sport. Och d’Limitatioun vun den Adapto-Faarten an hir Auswierkungen op d’Ausübe vum Sport kommen zur Sprooch. Donieft stellen d’Gäscht de 6. Paral...
Episod 107 - Differenz ass keen Defizit 02.10.2026 25:37
Mat der Lydia Gonzales vun der asbl New Diversity geet et ëm ADHD, Virurteeler an e Bléck, dee Stäerkten an individuell Erfarungen an de Mëttelpunkt stellt Dobäi geet et och ëm den Afloss vu soziale Medien an den Informatiounsowend „ADHD verstoen“, den 21. Oktober 2026 um 18:30 Auer am Cercle Cité. Deen Owend gëtt a Zesummenaarbecht mat Info-Handicap an der Stad Lëtzebuerg organiséiert.
Episod 106 - Fräiheet fänkt mat Vertrauen un 11.08.2026 20:52
Dësen Episod ass e ganz perséinlechen Hommage vum Sascha Lang u seng Mamm, säin Häerzensmënsch Marie-Josée Schuler, Mariejo, d’Mimm oder d’Jéiss wéi si ëmmer genannt gouf. Si erzielt vun engem Liewen voller Kraaft, Léift a Courage, dat de Sascha Lang bis haut inspiréiert. Gläichzäiteg ass et e Plädoyer dofir, Mënsche mat Behënnerung net ze beschützen, mä hinnen ze vertrauen an si ze stäerken. En E...
Episod 105 - 25 Joer Association Chien Guide d‘Aveugle au Luxembourg 16.07.2026 1:30:08
Eng feierlech Table Ronde Vun der Finanzéierung bis bei d'Akzeptanz war ee laange Wee. An d'Sensibiliséierung ass haut nach ëmmer wichteg. Eng Rees duerch Geschicht mam Blannenféierhond gëtt et an dësem Episod, mat engem Matschnëtt vun der Table Ronde. Flott Anekdoten, Gesetzer, Iwwerzeegungsaarbecht a vill engagéiert Leit maachen et haut méiglech, dass den Assistenzhond eng grouss Akzeptanz hei a...
Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun 25.06.2026 1:05:52
Ee Plang net just fir Leit mat Behënnerung! An dësem Episod geet et mam Ben Max vum Digitaliséierungsministère ëm den nationale Plang fir digital Inclusioun zu Lëtzebuerg. Als zweeten Aktiounsplang vum Digitaliséierungsministère soll hien dofir suergen, datt d'Digitaliséierung jiddwerengem zougänglech bleift, an datt keen op der Streck bleift. Mir diskutéieren iwwer d'Erausfuerderunge vun der digi...
Episod 103 - Réckbléck op d'SightCity 2026 16.06.2026 1:00:01
Méi ewéi just Innovatioun An dësem Episod kucke mir zesumme mam Christian Stahlberg op d'SightCity 2026 zu Frankfurt zeréck. Als Produzent a Moderator vum Podcast Sightviews begleet hien d'SightCity schonn zënter siwe Joer a kennt d'Messe wéi kaum en aneren. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Neiheeten, spannend Entwécklungen an d'Atmosphär op der gréisster Fachfoire fir blann a séibehënnert Mënsch...
Episod 102 - Tëscht Ateliers protégés an éischtem Aarbechtsmarché 02.06.2026 29:01
Wou steet Lëtzebuerg? An dësem Episod schwätze mir mam Aarbechtsminister Marc Spautz an der Christine Zimmer, Chargée de Direction vun Info-Handicap iwwert d’Aarbechtssituatioun vu Mënsche mat Behënnerung zu Lëtzebuerg. No der Info-Handicap-Veranstaltung vum 19. Mee, wou et ëm Erfarungen aus den Ateliers protégés an dem éischten Aarbechtsmarché goung, wollte mir méi wëssen. Wéi eng Erausfuerderung...
Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit 04.05.2026 44:43
D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun. Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, e...
Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir 27.04.2026
De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt. D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verst...
Episod 99 - Wéi gëtt a Krisen a Katastrophen u Leit mat Behënnerung geduecht? 21.04.2026 19:54
E Gespréich iwwert en Internationale Rapport vun der Essel Foundation Am Gespréich mam Michael Fembeck geet et ëm de Crisis Report vun der Zero Project Conference. Des Rapport weist Lücken am Katastropheschutz a stellt konkret Léisungen an Tools vir. Fokus: besser Planung, inklusiv Approchen an den Asaz vu Technologie fir jiddereen.
Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt 09.12.2025 30:53
Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm od...
Episod 97 - De Schattenbericht 29.10.2025 49:20
Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat...
Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus 26.10.2025 23:45
Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf. An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé...
Episod 95 - "50+1" a "Paralympic-day": 2 wichteg Projen vum LPC 23.10.2025
Mam Mathis Finke an Ruben Goncalves schwätzen mir iwwer zwee spannend Projeten „50+1“ – ee Projet, dén d’Inklusioun am Sport stäerke soll „Paralympic Day“ den 08.11. am Rehazenter, wou 20 Sportaarten fir jidderee fir matzemaachen ugebuede ginn.
Episod 94 - Malta Meets Luxembourg 30.09.2025 27:52
An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta. Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Mal...
Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0 10.09.2025 19:37
D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung. Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Sc...
Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS 01.07.2025 40:09
E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag? Am Gespréich ass de François...
Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0 27.06.2025 27:41
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0. D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere. Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matscha...
Episod 90 - Sightcity 2025: Sinn all nei Entwécklungen wierklech sënnvoll? 05.06.2025
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net. Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser 03.06.2025 37:16
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert. Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir? En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater 23.05.2025 26:20
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur. Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëm...
Episod 87 - Sensibiliséierungswochen 2025 an der Stad 24.04.2025 33:07
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights. An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen. Fir d'Gala kann ee sech op integration@vdl.lu umellen.
Episod 86 - SightCity 2025 18.04.2025 22:50
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit. Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
Episod 85 - Colloque iwwert Perséinlech Assistenz zu Lëtzebuerg 05.03.2025 28:48
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg. Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vu...
Παρόμοια podcast
Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS