radio 100,7

Kultur

News LB ↓ Επεισόδια: 229

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Μην παραλείψεις να επισκεφτείς τη σελίδα του podcast και να στηρίξεις τον δημιουργό: www.100komma7.lu

Δημιουργός

radio 100,7

Κατηγορία

News

Ιστοσελίδα του podcast

www.100komma7.lu

Τελευταίο επεισόδιο

24 Νοε 2026

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android 10 εκ.+ λήψεις · βαθμολογία 4,7+ iOS σύντομα

Επεισόδια

Luc François an Ian De Toffoli am Gespréich 24.11.2026

Lëtzebuerg vun haut, vu gëschter a vu muer, sinn d'Sujete vun den mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechente Wierker. Am éischten Deel vun der Literaturemissioun hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage mam Co-Auteur vum Gewënnerbuch an der Kategorie Literatur „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“, dem Luc François geschwat, grad wéi mat sengem Editeur, dem Ian De Toffoli vun Editions Hydre. Un...

Eng lieweg Duerstellung vum 12. Joerhonnert am Lëtzebuerg City Museum 24.11.2026

“Fundatio” ass den Titel vun enger Ausstellung, déi dir, momentan a bis den eelefte Juli dat anert Joer, am Lëtzebuerg City Museum entdecke kënnt. Oder vläicht sollt? Et geet näämlech ëm d’Joer 1123, an dat war decisiv fir d’Entwécklung vun der Grofschaft vu Lëtzebuerg. D’Kerstin Thalau huet mam Historiker Michel Margue ënnert anerem iwwert d’Aktualitéit vum Sujet, a mam Guy Thewes, Direkter vun d...

Nei am Kino 24.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

"Les crapauds fous" vun der Mélody Mourey 23.11.2026

Am Bar vum TOL leeft den Ament "Les crapauds fous", ee Stéck vun der Mélody Mourey, dat vun der TOL-Intendantin Véronique Fauconnet inzenéiert gëtt an eng onerfuerscht Geschicht vu Widderstand am Zweete Weltkrich erzielt. De Jeff Schinker war d’Stéck de Weekend kucken – a liwwert seng Andréck.

"Rendre public": Am Gespréich mat der Annick Kieffer 23.11.2026

De Projet "Rendre Public" vun der Annick Kieffer beschäftegt sech mat der Bedeitung vu kulturelle Plakater am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg. An ënnersicht déi politesch an ekonomesch Mechanismen, déi bestëmmen, wéi den urbane Raum genotzt a verdeelt gëtt. Dobäi geet et och ëm d’Fro, wéi de Raum méi gerecht tëscht Reklamm a Kultur opgedeelt ka ginn. Fir iwwer dëse Projet ze schwätzen, ass...

"Dans les paroles j'écoute le silence" am TNL 20.11.2026

Am Stéck "Dans les paroles, j’écoute le silence" ginn d’Yuko Kominami an d’Sophie Langevin der Anise Koltz hire Gedichter eng nei Form – net duerch Wierder, mee duerch Danz a Musek. D’Stéck war dëse Mount véiermol am TNL ze gesinn. Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette an dem Jeff Schinker.

Filmkritik: "Soudain" 20.11.2026

D'Direktesch vun engem Paräisser Altersheem an eng kriibskrank japanesch Theaterregisseurin entwéckelen eng apaart Frëndschaft. Am Mëttelpunkt vum Ryusuke Hamaguchi sengem neien Drama steet eng Reflexioun iwwer eng méi mënschlech Begleedung vu kranke Leit. Eng Kritik vum Michel Delage.

20.11.2026
House of the Dragon 19.11.2026

Eng Fantasy-Serie an der et ëm politesch Intrigen, grouss Schluechten an Draache geet. Et ass d'Virgeschicht vun Game of Thrones an se spillt ronn 200 Joer virdrun. Et ass d'Geschicht vun engem grousse Biergerkrich, bei dem eng Famill am Mëttelpunkt stee, déi sech ënnerteneen zerstridden huet.

"1999 Meter über dem Meer" vun der Caroline Wahl 19.11.2026

Haut geet et bei eis ëm dem Caroline Wahl säin neie Roman "1999 Meter über dem Meer". Eng Geschicht iwwer eng jonk Fra, déi op der Sich no sech selwer ass, spontan an den Auto klëmmt an ëmmer méi déif an eng Welt vu Ligen a Selbstinzenéierung geréit. Wat hannert där Rees stécht a wéi gutt de Roman gelongen ass, dat erzielt eis d’Emma Hizette.

Thermos - dem Roland Wiltgen seng Uropféierung live um Opus 19.11.2026

Haut den Owend kann een um 19h30 entweder am grousse Sall vun der Philharmonie, respektiv och live um Klassiksender Opus dräi Éischtopféierungen zu Lëtzebuerg an eng Uropféierung erliewen. D'Kläng vum Komponist an Dirigent Jack Sheen, der Freya Waley-Cohen, dem Roland Wiltgen an dem George Lewis suerge fir de passenden, “hëtzege” Flair. Dem 69 Joer ale Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen sä...

Filmkritik: "Marie-Madeleine" 19.11.2026

Am Kontakt mat enger Prostituéierter geréit e gleewege jonke Mann op Haiti an e Gewëssenskonflikt. Déi haitianesch Realisatrice Gessica Généus spillt an der Lëtzebuerger Co-Produktioun selwer eng vun zwou Haaptrollen. Eng Kritik vum Michel Delage.

19.11.2026
Gestéiert Männlechkeet 18.11.2026

Den engleschen Auteur Humphrey Gudgeon, deen zënter enger Rei Joren hei zu Lëtzebuerg wunnt, beschäftegt sech mat Forme vu problematescher Männlechkeet an hiren Ursaachen. Seng Kuerzgeschichtesammlung "The Struggles of Mr Small" (Black Fountain Press) ass säi literareschen Debut. De Michel Delage mat enger Kritik.

"L'enfant-soldat né musique" am TNL 18.11.2026

Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette

Eng Rees an d'Onbekannt: De Martin Kohlstedt am Trifolion 18.11.2026

De Wee op Iechternach duerch de Schloreen fir bei de Martin Kohlstedt haten eng ganz Rei Leit op sech geholl - ma de liicht lethargesche Public gouf mat zwou Stonne Schéinheet belount. Eng Concertskritik vum Jeff Schinker.

De schéinste Parking vun der Welt: den Atelier stellt de Summer 2027 vir 18.11.2026

Gëschter gouf am Atelier de Summerprogramm virgestallt. Zu de scho bekannten Nimm – Take That an The Neighbourhood – geselle sech Nimm wéi Wilco, Placebo, Teddy Swims, Pomme a Mötley Crüe fir een eklektesche Lineup tëscht der Luxexpo an neimënster. De Jeff Schinker war op der Platz, fir sech mam Associé-Gerant Michel Welter a mat der Bookerin Vicky Zeimetz ze ënnerhalen.

Faux Real am KHN 18.11.2026

Faux Real sinn d'Gebridder Virgile an Eliott Arndt, déi als Teenager hir éischt Concert'en zu Lëtzebuerg gespillt hunn. No Joren zu Parais sinn si no der Covid Epidemie op LA gplennert, an hun do Faux Real an d'Liewe geruff, een hallef satireschen, hallef campe Glitzerpop-Projet, mat enger live Show, déi d'Wuert Coreographie nei definéiert. De Marc Clement konnt mam Virgile Arn...

Francis of Delirium live zu Chicago 17.11.2026

Eisen US-Korrespondent Philip Crowther huet mat der Lëtzebuerger Band geschwat, fir déi et net den éischten Optrëtt an de Staate war.

40 Wierker aus private Sammlungen, déi d’Ëffentlechkeet nach ni gesinn huet 17.11.2026

D’Privatstëftung MeRL ass gegrënnt ginn, fir de Patrimoine vun de Famille Mousel/ Reiffers/ Libens ze versuergen. Doriwwer eraus ënnerstëtzen d’Memberen d’Fuerschung an och d’Konscht. Am Kontext vun der Luxembourg Art Week zejoert, haten si di jonk Konscht–Curatrice Claire di Felice bei de Cercle des collectionneurs du Mudam geschéckt, fir mat hire private Konschtschätz eng Expo am Malt, also a Cl...

Nei am Kino 17.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

"La vie est une fête" am Escher Theater 16.11.2026

"La vie est une fête", produzéiert vu der Theatergesellschaft Les Chiens de Navarre an inszéneiert vum Jean-Christophe Meurisse, kléngt vum Titel hier ähnlech wéi "Tanzende Idioten", d’Theaterstéck, dat mir grad beschwat hunn. Vum Inhalt hier kéint et awer net méi ënnerschiddlech sinn. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck e Freiden am Escher Theater kucken, wou et nëmme...

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing am Groussen Theater 16.11.2026

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing ass de Weekend am Groussen Theater gelaf. No "Verrückt nach Trost" an der Saison 2022/23 ass d’Stéck dat zweet Originalwierk vum renomméierten däitsche Regisseur. Et baséiert u sech op zwee Sätz aus enger Erzielung vum amerikanesche Schrëftsteller Denis Johnson an huet de lëtzebuergesche Schauspiller André Jung sou wéi de Sebastian Blomberg,...

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Schutz 16.11.2026

De Schrëftsteller Guy Helminger sëtzt nach ëmmer zu Istanbul an hat sech virgeholl déi véier Schutzhelleg vum Bosporus ze besichen. Mee do war kuerzfristeg eppes dotëschent komm. Op hie senge Patréiner hannenno awer nach konnt Moie soen, erzielt hien mat senger drëtter Postkaart.

Filmkritik: "Ebenezer" 13.11.2026

Den Johnny Depp als ale Granzert am viktorianesche London, dee vu Geeschter erëm dozou bruecht gëtt, Chrëschtdag z'appreciéieren. Den Amerikaner Ti West adaptéiert eng Kuerzgeschicht vum Charles Dickens. Eng Kritik vum Michel Delage.

Άκου το podcast Kultur στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS