Nadine Robert
PICKNICK. De Podcast
Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/picknickpodcast.lu@gmail.comAm Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!
Autor
Nadine Robert
Kategorie
Podcast-Website
Neueste Folge
9. Jul 2026
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
#23 Picknick mam Luc Spada 09.07.2026 23:07
Et ass rëm Zäit fir e klenge Picknick! Zu Gaascht hu mir de Kënschtler a Radiohost Luc Spada. Hien huet seng eege Show beim 100,7 "Fiasko Fest" wou en iwwert Theeme schwätzt déi heinsdo och wéi dinn. E richtegt flott Konzept! Niewent sengem Podcast huet en och seng Show "De Spada am Staathaus" zu Déifferdéng. An da mécht en och nach Musék a schreift ganz vill. Dir gesitt, et ass een villfältege Më...
#22 Picknick mam Marie Boulanger #leRamier 30.05.2026 24:08
Et ass endlech neess zäit fir e klenge Picknick an dëst Kéier mam Marie Boulanger. Eng ganz besonneg a faarweg Perséinlechkeet, wat joerelaang d'kulturell Zeen an d'Nuetsliewen zu Lëtzebuerg geprägt huet. Mir schwätzen an dëser Episde iwwert hier Carrière zu Lëtzebuerg, hier Zäit an der Cabaret an Showwelt awer och iwwert hier Erfarung als Proprietärin vum legendäre Bistro Ramier op der Areler Str...
#21 Picknick mam Luca de Michele 29.04.2026 45:46
IT'S TIME FOR MAKE-UP! An dëser Episode dréint sech alles ëm d'Konscht vum Make-Up. Een Thema wat mir perséinlech och ganz vill bedeit. An do gëtt et keng besser Persoun wéi den Luca de Michele fir doriwer ze schwätzen! Hien ass a mengen Aan een vun de beschte Make-Up Artisten aus Lëtzebuerg an et ass wieklech schéin ze gesinn, wéi hien mat sengem Talent, senger Passioun nogeet an dobäi groussen E...
#20 Picknick mam Fabrice Goffinet 25.03.2026 22:48
Dëst Kéier zu Gaascht bei Picknick hu mir déi lëtzebuergesch Tiktok Legend FABRICE GOFFINET! Villäicht hutt dir déi eng, oder aner Curly Hair Tutorials scho gesinn, well déi si scho weltwäit duerch d'Decke gaangen. Mee wéi gesäit et hannert de Kulissen aus? Wéi gesäit säin Alldag, seng Aarbecht an de Wee deen hie gaangen ass, fir elo do ze sinn, wou e grad ass? Eppes wat an dëser Episod sécher net...
#19 Picknick mam Marianna Parigi 01.03.2026 20:29
Är liiblings-Tatta ass rëm zréck! An dëst Kéier mat enger mega inspiréierend Persoun - Marianna Parigi-Pogosova hat ass eng immens couragéiert an visionär Fra. An dësem Episod schwätzt si iwwer hir Zukunft zu Lëtzebuerg, hire Parcours an hier Bestiednis. Mee virun allem schwätze mir och iwwert seng staark Projeten an seng staark Botschaften déi hat eis mat op de Wee gëtt: D’Marianna ënnerstëtzt Fr...
#18 Picknick mam Stella Ross (OKE) 01.02.2026 38:49
An dëser Episode sinn ech mega frou the one and only iconic STELLA ROSS zu Gaascht ze hunn! Villäicht kennt dir d'Stella éischter ennert dem Numm OKE. De Sänger de säit Joeren fir musikalesche gooood Vibes suergt! Mee "good Vibes" waren an senger Vergaangenheet net ëmmer de Fall. Hien erzielt eis wisou hien sech een neie Persona opgebaut huet an och vu wou de Numm kënnt. Wat en alles...
#17 Picknick mam Wulli 11.12.2025 16:20
Et ass neess Zäit fir Piiiiiicknick! Dëst Kéier zu Gaascht hu mir eng Ikon vun der Radiozeen zu Lëtzebuerg an zwar de Wulli vum Eldoradio! An dëser Episode schwätze mir net nëmmen iwwert seng Bekanntheet, mee och iwwer seng Carrière bei Eldoradio, seng grouss Motivatioun fir de Radio, an déi Aart a Weis wéi hien seng Emissiounen mat vill Passioun a Professionalitéit opbaut a meeschtert. Dir kritt...
#16 Picknick mam Comedian Micas Carvalho 28.10.2025 27:03
🎙️ Ween hu mir dann hei zu Gaascht? Et ass de Micas – e kreativen Content Creator an e richteg witzegen Stand-up Comedian, deen einfach jidderee mat senger Energie a sengem Humor ustécht 😄 Mir schwätzen iwwer Komedie, säi Liewenswee, an dat, wat hien dozou bruecht huet, den Leit en Laachen op d’Gesiicht ze zauberen 🎭✨ Et ass eng Episod voller Energie, Éierlechkeet an Humor. Versprach: Et wärt d...
#15 Picknick mam Anne's Kitchen 26.09.2025 23:38
🌿✨ Et ass nees Zäit fir e klengt Picknick an dës Episod ass grad elo frësch erauskomm! ✨🌿Mee dës Kéier hu mir de Picknick net bei mir am Studio opgeholl, mee an der inspiréierender Atmosphär vum Anne’s Kitchen. 🏡🍴Ech fille mech ganz geéiert, datt d’Anne mech esou häerzlech a senger Kichen empfangen huet. 🙏💫 Anne ass eng wuelbekannt lëtzebuergesch Kënschtlerin hannert dem Herd, déi mat seng...
#14 Ryan Cibango - Young Talent 13.07.2025 19:48
🎙️ Ech si ganz frou a houfreg, dass ech fir dëse Podcast e ganz besonnesche jonke Mann un menger Säit hat De Ryan Cibango! Hien huet eng natierlech Ausstrahlung, déi een direkt spiert– ech muss et net besonnesch sichen, et ass einfach do. Seng Aart ze schwätzen ass intelligent an beräichernd an ech lauschteren him esou gäre no. Mee wat mécht de Ryan amfong? Hien ass net nëmmen Mannequin, mee och S...
#13 Kathie Nechy - A Personal Stylist's World 25.05.2025 18:16
NEW EPISODE: PICNICK – OUT NOW In this inspiring and thought-provoking conversation, I’m joined by the brilliant Kathy Netchy — personal stylist and self-described personnaliste — for a deep dive into what it truly means to style someone. We explore questions such as: Why did she choose this profession? What does it really mean to style a person, beyond clothes? Is fashion just about appearance,...
#12 Picknick am Chaussures Léon mam Corinne Cahen 18.04.2025 17:05
🎙️ Fir déi heiten Episode sinn ech rëm ausserhalb vu mengem gewéinleche Décor ënnerwee an zwar an der Belle Etoile. Zu Gaascht ass d'Corinne Cahen - Entrepreneurin, Politikerin, Familljemënsch. Hat leed eis duerch säi Familljiebetrib Chaussures Léon an erzielt eis och e bëssen iwwert säi Liewen. Et huet mech immens gefreet déi heiten Episode opzehuelen, villmools Merci Corinne 🥰 Chaussures Lé...
Birthday Episode - Picknick mam Jana Degrott: Business, Dating & More! 01.03.2025 25:39
Fir dës Episod hu mir eppes Grousses ze feieren! Haut hunn ech, Nadine Gebuertsdag, mee dat ass net emol dat Wichtegst. Vill méi wichteg ass, dass de Podcast säin 1. Gebuertsdag feiert! 🎉 A fir dës speziell Episod hunn ech keng aner wéi déi eenzegaarteg an amazing Jana Degrott invitéiert. Ech si sou frou, hatt am Podcast ze hunn! Hat erzielt eis, wou hat grad drun ass, wéi et an der Politik ausge...
#11 Picknick avec Fabiola Puga - Fashion Week au Luxembourg 26.01.2025 22:46
🎙️ Nouvel épisode : Picknick Podcast avec Fabiola Puga Dans cet épisode inspirant, Nadine rencontre l’incroyable Fabiola Puga, la force motrice derrière la Fashion Week du Luxembourg, dans le cadre magnifique de la Maison Trust. 🌟 Ensemble, elles explorent le parcours de Fabiola – de sa passion pour la mode à son rôle en tant qu’organisatrice de l’un des événements les plus excitants autour de la...
#10 Picknick mam Sonia Gleis - En Tour duerch d'Konschtgallerie 24.11.2024 31:43
An dëser Episode hunn ech Sonia Gleis invitéiert. Hat huet net nëmme scho weltwäit gemodelt zum Beispill a Japan, Paräis a Korea, mee hat ass och eng talentéiert modern Kënschtlerin. An dëser Episode trëpple mir duerch de Centre Culturel Paul Barbley a kucken eis dem Sonja seng Konscht un. Seng Konscht ass extra, well se an zwou Welte funktionéiert. Offline an Online! D'Konscht beweegt sech wann...
#7 Picknick mam Jacques Molitor - Vum Medezin Student zum Filmregisseur 22.11.2024 29:28
Och am August gëtt et keng Vakanz fir de Picknick Podcast! Fir déi heiten Episode hunn ech mir e ganz bekannte Filmregisseur an de Studio geholl an zwar de Jacques Molitor. Zu senge Filmer gehéieren ënner anerem grouss Realisatiounen wéi "Mammejong (2015) a Wolfskin (2022). Ech hunn de Jacques dierfe kenneléieren um Dréi vun der Promo fir de Pride Schampes vum Yaya a Collaboratioun mat Poll Fabair...
#9 Tom Hecker - Schminken mat der Tatta Tom 20.10.2024 27:54
An dëser Folleg vu Picknick hunn ech e ganz spezielle Gaascht agelueden, an zwar den Tom Hecker, besser bekannt als Tatta Tom, oder Séraphine Mirage. Hien ass an de Medien, zumools bei eise rietse Politiker, an deene läscht puer Méint oft Thema gewiescht. Fir mech a mäin Team ass hien eng faszinant Perséinlechkeet mat ganz vill Häerz! Dovunner erzielt hien eis iwwregens och an dëser Episode. Währe...
#8 Picknick avec Osvaldina Moreira - Dans l'Atelier de Morena Couture 22.09.2024 17:32
🎙 Cet épisode de "Picknick" sera en français, spécialement pour mes auditeur·rice·s francophones. Aujourd'hui, j'ai l'honneur d'accueillir la talentueuse Morena , fondatrice de Morena Couture ✂️👗. Elle nous plonge dans son univers de créations uniques et partage avec nous ses projets, ses inspirations, et bien plus encore ✨. Femme passionnée et créatrice hors pair,...
#6 Picknick mam Ronny - Wéi lieft een als Obdachlosen? 23.07.2024 14:09
Déi heite Picknick Episode ass net sou wéi dir et vu mir gewinnt sidd. Dëst Kéier sinn ech an der Stad an treffen do de Ronny Scheid. Säin Doheem? D'Stroosse vun der Stad. Hien ass nämlech obdachlos an erzielt eis wéi et dozou komm ass a wéi hien säin Alldag meeschtert. Déi heiten Episode bedeit mir immens vill an ech si frou, dass ech de Ronny konnt kenneléiere fir een Abléck a säi Liewen ze...
#5 Picknick mam Tanita - Photography for a Good Cause 23.06.2024 27:51
Welcome to the very first episode of our podcast in English! 🇬🇧In this special Picknick Episode, I had the pleasure of chatting with the amazing photographer and artist, Tanita. You can explore her incredible work on Instagram and Facebook 📸 In this episode, Tanita shares her journey to Luxembourg, her experiences in the art world, how we met, and gives us an exclusive look into her upcoming...
#4 Keki Diététicienne - Wat stécht hannert eiser Ernährung? 23.05.2024 37:33
An dëser Episode geet et ëm gesond Ernährung a wéi een se am Alldag kann abauen. Duerfir hunn ech d'Ilda Calakovic ageluede wat op Instagram ënnert dem Numm @ke.ki.dieteticienne bekannt ass. Hat schafft als Dieteticienne zu Péiteng a konnt mir bei menger Enrährung scho ganz vill hëllefen. An dëser Episode verréit hat eis wéi eis Ernährung amfong funktionéiert an och op wat een alles oppasse ka...
#3 Picknick mam Ceci - Alles ausprobéieren 28.04.2024 31:45
An dëser Episode hat ech ee Picknick mat der D'Podcastqueen Ceci (Cecilia Said Vieira). Dat ganzt Gespréich huet sech sou ugefillt als hätt ech mat menger Enkelin geschwat. Richteg angeneem dir wäert et selwer héieren. 🥰 Nierwend sengen 2 Podcasten Ceci, Do You Love me an Kulturpur schafft hat als Freelancerin. Hat erzielt eis, dass et net sou einfach ass, mais trotzdeem ass et déi richteg En...
#2 Picknick mam Maxime - Liewe fir ze schaffen oder schaffen fir ze liewen? 13.03.2024 38:18
Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen? Sech des Fro ze stellen ass ee Privileeg, dee mir grad zu Lëtzebuerg - bei weitem net all - an awer, mei wei soss iergendwou hu bzw. kéinten hunn. An awer gëtt sech des Fro am Alldag schnell vergiess! D’Nadine well wëssen, wat ass dann eng Work-Life Balance? An ween huet de Luxus sech des Fro iwwerhaapt kennen ze stellen? Fir dësen Picknick huet d’...
#1 Picknick mam Yaya - Queer duerch de Gaart 07.02.2024 44:34
An der éischter Folleg geet et mam Yaya queer duerch de Gaart! Hei geet et vun der Long op d'Zong oder besser gesot vum Hearz op d'Zong... Déi zwee gi Lëtzebuerg e puer Denkustouss mat op de Wee wat et bedeit "liewen a liewe loossen" a firwat ee wësse muss wéini ee viru senger eegener Dier ze kieren huet. Firwat wärend dem Musekspräis Leit gemengt hu mam Fanger op de Yaya musse...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet