MAINTFACK
MAINTFACK
Zwee Braddeler aus dem Sale Süd probéieren d'Podcast Zeene zu Lëtzebuerg op ze mëschen
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Season 4 Episod 5 "Mir sinn de Boss!" 04.04.2024 56:54
Mir brauchen keng Beschreiwung, einfach lauschteren.
Season 4 Episod 4 "Ween hätt dat geduecht?" 30.08.2023 47:47
Jo, et ass net ze gleewen an mir gleewen et selwer net. Hei sinn mer nees mat enger neier Episod vun "Maintfack"! Vill Spaass.
Season 4 Episod 3 "Alles guddes am neien Joer" 18.04.2022 38:05
Fir eis ze beschreiwen muss een am beschten de Podcast lauschteren....
Special Editioun: "Den Fraensquad ASBL" 15.04.2022 26:41
Haut stellen mir iech eng ganz nei ASBL fir! "Den Fraensquad", een Numm deen villes kann bedeiten. An dëser Episod gitt dir (bal) alles iwwert dës ASBL gewuer wat dir musst onbedingt wëssen. Mir hoffen dass domadder ongeklärte Froen kennen beäntwert ginn.
Season 4 #2 "Réckbléck" 02.01.2022 52:52
An dëser Episod geheien mir ee Bléck op d'Joer 2021, wat ass alles geschitt, wat sinn d'Momenter déi engem hénken bliwwe sinn.
Special Guest: "Faro The Shadow" 24.12.2021 1:05:15
Am Juli hunn mir dës Episod schonn opgeholl, elo fir Chrëschtdag kritt dir se dann endlech ze héieren. Den Special Guest "Faro The Shadow", och nach einfach "Alex" genannt, ass selwer Musiker an Sound engineer zu Paräis. Hien erzielt eis iwwert sïn Beruf, seng Musik, seng Ziiler an villes méi!
Season 4 #1 "Moien." 04.11.2021 56:09
Wat soll een dozou nach soen? Lauschtert eran....
Season 3 #9 "Kloertext!" 14.06.2021 51:00
Hei sinn mir nees mat enger neier Episod vun "Maintfack"! Mir hunn vill ze beschwätzen!
Season 3 #8 "ma che chos'è" 28.04.2021 28:24
Mir mellen eis mol nees zréck! Wat ass de leschte Mount esou geschitt? An dësem Podcast verpasst dir näischt.....wichteges..
Season 3 #7 "illegal, mir egal" 28.03.2021 29:01
Hei sinn mer nees! No engem Mount Paus mellen mer eis zréck. Haut Topthema: Bitcoin, Mudam, Terrassen, FLF, an sou weider!
SPECIAL Episod ft. MAZ 14.02.2021 1:33:51
Haut präsentéieren mir iech den Rapper Maz! Have Fun!
Season 3 #6 "Méi schnell wéi de Fläsch" 09.02.2021 40:13
Hei sinn mer schonn nees! Haut braddelen mir iwwert Valentinsdag, Kryptowährungen an mer reegen eis nees op.
Season 3 #5 "Road to Earth2" 02.02.2021 46:19
Neit Joer, nei Episod! No zwee Méint mëllt sech Maintfack nees in alter Frische zréck. Mir gehein ee Bléck an Zukunft. Fir méi genau ze sinn: Op Earth2! Wat ass dat dann schonn nees? Genau Erklärungen an weider News an der neier Maintfack Episod.
Season 3 #4 "Advent Advent, Déifferdeng brennt" 13.12.2020 44:52
Wat war dann erem zu Letzebuerg lass? Den Youtube Star "Eric Rolgen" krut en shitstorm of. Net nemmen Chreschtdag steet virun der Dier mee och den Vaccin mee, dass dach souweisou alles egal well et däerf een net méi wéi 2 Ldeit ruffen an um 23h ass schluss. Dat an villes méi an der neier Episode vun Maintfack
Season 3 #3 "VTT 2.0" 02.12.2020 53:28
Hei sinn mir nees mat enger neier Episod "MAINTFACK". Dës kéier mussen mir eis nees entschëllegen. Mee mir hunn och gudd Excusen dofir. Mir schwätzen iwwert "dir wësst schonn wat", de Black Friday, PS5, an villes méi! De Special Guest gëtt och an dëser Episod bekannt ginn!
Season 3 #2 "Negativ Zuelen fir Maintfack" 25.10.2020 36:44
Mir sinn erëm do. Zuelen ginn erop eis listenings ginn erof wat ass nëmmen verkéiert an eiser Welt. Des Weideren spillen mir awer t´zuper Fussball an den Denis ass elo en TikTok Star. Dat an villes méi an dëser Episode!!!
Season 3 #1 "Ween sinn d'Bommelëeer?" 09.09.2020 32:48
Mir sinn zréck mat enger neier Staffel an hoffentlech interessantem Content. Haut schwätzen mir iwwert de grousse Succès vum Fraesquad beim Beachvolleyballturnéier an iwwert Schoulrentrée.
Pre-Season 3 Teaser 22.08.2020 14:01
Jo, Maintfack gëtt et nach! Dofir ee kuerzen Update zur Laach vun der Natioun.
Season 2 #10 "MIR SINN AUS DEM MINETT!" 16.07.2020 40:01
Eis lescht Folge vun der zweeter Staffel! Mir ginn elo bis Mëtt August an d'Summerpaus an kommen dann gestäerkt fir déi 3.Staffel zréck. Mir blécken zréck op de Camping an loossen déi éischt 6 Méint vun dësem Joer Revue passéieren.
Season 2 #9 "DE BREAK VUN DE BREAKS" 06.07.2020 33:08
Alt nees a Verspéidung! Mir braddelen haut iwwert de Camping, Abriecher an wéi een vun eis bal vill Suen gewonnen huet.
Season 2 #8 "Kuerz a knackeg" 23.06.2020 35:27
Mir schwätzen iwwert de Nationalfeierdag, Autoen déi net richteg tanken an iwwert de Schicksal
Season 2 #7 "Alt nees een VTT" 14.06.2020 54:52
Haut schwätzen mir op Mammendag iwwert PS5, 13 Reasons Why, Spillplazen, Merch an sou weider....
Season 2 #6 "Huelt är Dreck Säck mat dir Drecksäck" 02.06.2020 57:42
Mir braddelen iwwert Amerika, Hamburg an de Weltall. An de Launch vum Merch steet virun der Dier!
Season 2 #5 "Bei Technikfroen Technik froen" 24.05.2020 56:59
An dëser Episod wëllen mir eis fir d'lescht Woch entschëllegen, dass keng nei Episod eraus komm ass. Mir schwätzen iwwert d'Premièresexamen, den Merch Shop an villes méi!
SPECIAL: MAINTFACK FT. OLIVIER THILL 09.05.2020 1:14:25
Den ganz bekannten Olivier Thill huet sech haut saueren Froen missten stellen. Sämtlech Community Froen goufen ennert anerem beäntwert. Den Olli schwätzt iwwert seng Fussballskarriär, sengem Liewen a Russland, wisou heen Veganer ass an wéi eng Zieler heen nach huet! Vill Spaass.
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet