Cecilia Said Vieira
Ceci, Do You Love Me?
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
Autor
Cecilia Said Vieira
Kategorie
Podcast-Website
Neueste Folge
4. Mai 2025
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
CECI PRESENTS: Maale Gars & Damien Giudice - Hannert Frëndschaft, Musek a Konscht 27.10.2022 54:11
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice , den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars . Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gem...
CECI PRESENTS: Brooze - Rap ass net gläich Rap 13.10.2022 38:37
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren! Theme wouriwwer mir an dëser Episode sc...
CECI PRESENTS: MAZ - Ee Solo Artist ass ni eleng. 25.09.2022 39:18
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode...
CECI PRESENTS: Pleasing - Kreativen Impakt duerch Mental Health 11.09.2022 41:56
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn: 13:07 @mazuniverze - Over 18:28 Pleasing - Bplr 38:33 @tuysband - More...
#37 Liz Breuer - Faszinatioun United States of America 30.08.2022 48:52
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of There's nothing you caaaan't do 🎶✨ Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen Sustainable Marketingagentur gegrënnt a wunnt fest am Big Apple. Hat erzielt eis an dëser Episode wéi hat...
#36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender 14.08.2022 45:14
Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Sc...
#35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus 31.07.2022 51:59
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard . Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi We...
#34 Hugeriter - Save the Bees! 17.07.2022 44:41
Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi fu...
Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode 13.07.2022 32:36
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisa...
#33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie 28.06.2022 48:34
*VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Ase...
CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung 19.06.2022 36:14
Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteige...
#32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie? 05.06.2022 45:32
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech...
#31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder 15.05.2022 41:54
Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Aw...
#30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent 27.03.2022 48:59
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlu...
CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei? 13.03.2022 17:44
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Ka...
#29 Matilda Preka - D'Realitéit hannert der Flucht. 05.03.2022 52:53
- DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'...
#28 Tun Tonnar - Boys Don't Cry! 06.02.2022 1:07:30
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Mus...
#27 Dirk Kesseler - Kréativitéit ass ee Mindset 23.01.2022 57:59
Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass hien nach kee richtegen Illustrator ass, well hien nach net fäerdeg ass mat sengem Studium, mee ech denken...
#26 Angel Cara - Be REAL 01.01.2022 40:28
Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :) EP: 26 - Angel Cara - BE REAL Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn. Beim Cara gesäit et awer e bëssen aneschters aus. Hat ass REAL. Musek ...
#25 Debbie Kirsch - Sustainable Entrepreneurship 19.12.2021 48:43
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erf...
#24 Khalid Oke - Wa Kulturen openee stoussen. 28.11.2021 54:59
De Khalid ass een talentéierten Kënschtler, de mat senger Musek d'Geschicht vu senger Kultur a vu sengem Way of Living erzielt. Hien weist sech ongefiltert sou wéi hien ass an erzielt eis an dëser Episode wat en an senger Kandheet duerchmaachen misst, mee awer och wat en zu dem gemaach huet, wat en haut ass. Leider war Mobbing an Diskriminéierung ee groussen Deel vu sengem Alldag. Mee genau dat hu...
#23 Jeremy Palluce - All Mënsch ass ee Kënschtler! 09.11.2021 58:14
All Mënsch ass ee Kënschtler! Wat ass Konscht? Wat ass de Sënn vum Lierwen? Dat si Froen, déi onméiglech sinn, fir ze beäntferen. Trotzdem gouf dat an dëser Episode zum Thema. De Jeremy Palluce beschreift sech selwer als de privilegéierste Mënsch op der Welt. A genau doriwwer, schwätzt hien och a senge Konschtwierker. Als Lëtzebuergesche Kënschtler, den duerch seng Fashion Mark „Palazzo Parano“ be...
#22 Ken Braz - Ee positiven Impakt mat engem Kaffi Business 24.10.2021 50:58
Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn an natierlech och wéi een gudde Kaffi erkennt. De Ken Bra...
#21 Laurent Lamesch - Hannert der Aarbecht vun engem Bestatter 10.10.2021 55:38
Wéi geet een mam Doud em, wann een all Dag domadder a Kontakt kënnt? Déi Fro a ganz vill aner hunn ech dem Laurent an dëser Episode gestallt. Hien schafft nämlech als Bestatter bei Erasmy - Pompes Funèbres. Mais wat ass eigentlech konkret seng Arbescht? Wat stécht hannert dem Job? Eppes wouriwwer an eiser Gesellschaft net vill geschwat gëtt, ass den Doud. Et gëtt tabuiséiert an heiansdo ënnert dem...
#20 Mathieu Lohr - Wéi leescht een humanitär Aarbecht? 26.09.2021 55:50
Wou ech de Mathieu gefrot hunn, als wat hien säin "métier" bezeechne géing, konnt hie mir keng kloer Äntwert ginn, well hien sech selwer net secher ass, wat hien elo schlussendlech ass. Consultant? Humanitären Aktivist? Ee Virbild? Ee Fotograf? Dat si menger Meenung no, d'Beschreiwungen déi seng Aarbecht am beschte beschreiwen. Hien befend sech zweschen zwou Welten. Déi eng ass Lëtzebuerg, ee Land...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet