Lëtzebuerger Journal
1 cm
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt? Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint. 1cm, e Po...
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
#6 D'Sonneblummen 18.12.2025 51:21
Den Aarbechtsmaart un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung unzepassen ass net ëmmer einfach. Dat, ënnert anerem, well net all Beanträchtegung siichtbar ass. An dat ass guer net esou rar: Et gëtt geschat, datt 70 bis 80 Prozent vun de Beanträchtegungen net kierperlech siichtbar sinn. Mënschen, déi vun enger sougenannter Hidden Disability betraff sinn, sinn oft déi, déi am meeschte benodeeleg...
#5 Den Aktiounsplang vun der Politik 04.12.2025 50:25
D'Aarbechtslosegkeet bei Leit mat enger Beanträchtegung läit bei 30 Prozent. Dat ass héich am Verglach zur allgemenger Aarbechtslosegkeet, déi bei 6,1 Prozent läit. Gläichzäiteg feelt et un Aarbechtskräften, wärend Kompetenzen vu Leit mat enger Beanträchtegung oft ongenotzt bleiwen. Dowéinst si mir fir dës Episod ee Schratt méi wäit gaangen an hu bei den héchsten Instanzen nogefrot, wat geplangt a...
#4 Op der Sich no Good Practices 20.11.2025 41:33
Eis éischt dräi Episoden hu gewisen: Den éischten Aarbechtsmaart ass oft net un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung ugepasst. Trotzdeem ginn et Beispiller, déi weisen, dass et geet. Genee no sou Beispiller hunn d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal gesicht. A gelant sinn si beim Jessica Decker, Aide-Soignante bei Servior, a beim Tamara Schuster, wat bei der Gemeng Niederaanwen schafft...
#3 De Wee vum Inklusiounsatelier 06.11.2025 47:04
All Mënsch huet seng Schwieregkeeten am Beruffsalldag. Ma Mënsche mat Beanträchtegung hunn heiansdo e puer weider Erausfuerderungen. A fir si sinn d’Bedéngungen um Aarbechtsmaart heiansdo einfach net passend. Dat, wéinst dem Stress, dem Kaméidi oder nach dem héije Leeschtungsdrock. Feelend Upassungen um Aarbechtsmaart sinn e puer vun de Grënn, firwat et d’Inklusiounsateliere ginn. Dëst ass awer ke...
#2 Selbststänneg sensibiliséieren 23.10.2025 46:29
Et ass net einfach, sech an d'Käpp vu senge Matmënschen ze versetzen. Dat ass wouer, wann et ëm Emotioune geet, an nach méi, wa mir vu Beanträchtegunge schwätzen. Dofir ass Sensibiliséierung och sou wichteg, genau sou wéi Leit, déi aktiv dru schaffen. Independanten, déi eng Beanträchtegung hunn, kënnen e Vecteur vu genee dëser Sensibiliséierung sinn - well si d’Erausfuerderunge vum Alldag kennen....
#1 Liewensaccidenter 09.10.2025 42:28
Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer. Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausger...
1 cm - Trailer 25.09.2025 0:45
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d'Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d'Gesellschaft a fir d'Wirtschaft.
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet