Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Обов'язково відвідайте сайт подкасту та підтримайте його автора: www.eldo.lu
Автор
Charel Krier, Julie Gerard
Категорія
Сайт подкасту
Останній епізод
11 жов 2026
Де слухати?
Подкасти в застосунку Replaio Radio Уже незабаромПодкасти незабаром з'являться в застосунку. Встановіть уже зараз і першими побачте зовсім новий погляд на подкасти
Епізоди
Episod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl 28.01.2024 35:30
Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.
Episod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion 14.01.2024 33:13
An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod 17.12.2023 36:21
Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?
Episod 75 - Onkel Tick-Tack 03.12.2023 34:22
Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.
Episod 74 - Diskussioun pt.2 19.11.2023 1:08:25
Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.
Episod 73 - Weimar-Morde 05.11.2023 48:24
Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.
Episod 72 : 3 Morden op Halloween 22.10.2023 32:29
Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.
Episod 71 - Verschwonnen am Dschungel 08.10.2023 44:40
Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?
Episod 70 - D' Verschwanne vum Sigrid Paulus 27.08.2023 31:52
De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd. Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.
Episod 69 - Doud am Zëmmer 348 13.08.2023 33:20
Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?
Episod 68 : De Mordfall Hannah Wiedeck 30.07.2023 28:25
Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?
Episod 67 : Tristan Brübach 16.07.2023 52:10
De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert. Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Episod 66: De Mord um Tupac 02.07.2023 31:13
De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.
Episod 65 - De Mord um Sylvia Likens 18.06.2023 34:34
1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.
Episod 64 : Eenheet 731 28.05.2023 41:00
Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt. Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.
D'Monster vun Amstetten 14.05.2023 43:21
2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Episod 62 - Hitman for hire 30.04.2023 50:50
Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.
Episod 61: Selbstjustiz vum Marianne B. 16.04.2023 46:09
Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand. virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
De Fall Rebecca Reusch 02.04.2023 41:59
De Fall Rebecca Reusch Beschreiwung: Den 18. Februar 2019 verschwënnt dat 15 järegt Rebecca Reusch aus dem Haus vu senger Schwëster. Bis Haut weess een net wat geschitt ass a wou d'Rebecca ass. Wat gewosst ass, wien verdächteg ass a wat fir Theorien et gëtt, beschwätze mir an dëser Episod.
Episod 59 - Wat ass mam Fluch MH370 geschitt? 20.03.2023 1:04:46
Den 8. März 2014 ass den Fluch MH370 vun Malaysia-Airlines op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen. De Fliger mat 239 Menschen u Bord ass zënterdeem ni méi fonnt ginn. War et eng Entféierung oder e Selbstmord vun engem Crewmember oder war et dach eppes ganz aneres?
Episod 58 - Gëtt de Mënsch béis gebuer? 05.03.2023 47:56
An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.
Podcast - Mord oder Suizid? 19.02.2023 35:02
2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?
Episod 56 - The Candyman 05.02.2023 24:00
Ufanks de 70er Joren huet den Dean Corll mat 2 Komplizen eng Rei vun Entféierungen, Vergewaltegungen a Morde gestart. Wat do geschitt ass, a wéi alles opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Episod 55 - Déidleche Fanatismus vum Lori Vallow 22.01.2023 30:48
Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.
Episod 54 - Dr. Tod 08.01.2023 30:00
Vun de 70er Joren un bis Enn vun den 1990er Joren huet den Dr. Harold Shipman ganz vill Mënschen ermord bis en am Joer 1998 opgeflunn ass. Op wéi eng Aart a Weis den Dr. Tod seng Doten begaangen huet, gidd dir an dëser Episod gewuer.
Replaio не є видавцем подкастів; назви шоу, обкладинки та аудіо належать їхнім авторам і поширюються через публічні RSS-канали