radio 100,7
Seismograph
D'Aktualitéit aus der Welt vun der Philosophie
Podcast'in sitesini ziyaret etmeyi ve yapımcısını desteklemeyi unutma: www.100komma7.lu
Nereden dinlenir?
Uygulamada podcast'ler Replaio Radio Çok yakındaPodcast'ler çok yakında uygulamaya geliyor. Şimdi yükle ve podcast'lere yepyeni bir bakışı ilk gören sen ol
Bölümler
Auszeit 13.07.2024
Vakanzenzäit, dat ass Auszäit a Fräizäit. Mee wat ass eigentlech eng Auszäit, a wéisou ass se anescht wéi déi normal Zäit? A wéisou stressen sech esou vill Leit mam Gedanken, hir fräi Zäit net ideal ze notzen?
Descartes‘ Träume 29.06.2024
Hat Dir schonn eng Kéier en Dram, deen esou realistesch wouer, datt Dir net wousst, wat Realitéit a wat Dram ass? Da geet et Iech wéi dem René Descartes. Tatsächlech hat den Descartes a senger Jugend dräi wichteg Dreem, déi säi Liewe verännert hunn. De Lukas Held presentéiert dem Descartes seng Dreem a stellt sech allgemeng d’Fro, wat d’Roll vun den Dreem an eisem Liewen ass.
Marys Fledermäuse 15.06.2024
Kann een eng subjektiv Erfarung vollstänneg duerch objektiv wëssenschaftlech Fakten erklären? Oder gëtt et Aspekter vun eisem Bewosstsinn, déi sech esou enger Erklärung entzéien? Bedeit dat, datt et bestëmmten Aarte vu Wësse gëtt, déi mir nëmmen duerch direkt, perséinlech Erfarung erreechen? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment vum Lukas Held.
Fürst und Schuster 01.06.2024
Wéi géif eist Verständnis vu Gerechtegkeet, Eethik a Moral sech änneren, wa mir géife gezwonge ginn an enger ganz anerer sozialer Schicht ze liewen? Wéi beaflosst eis soziaalt Ëmfeld eis Perceptiounen an eist Versteesdemech vun der Welt? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment, dat de Lukas Held presentéiert.
Zecken! 18.05.2024
Wie gären emol duerch de Bësch spadséiere geet, am Gaart schafft oder mam Hond trëppelt, dee muss an dëser Joreszäit besonnesch gutt op ee Predateur oppassen: d’Zeck. An dat dank dem Klimawandel och net mei just am Summer, mee iwwer dat ganzt Joer! Jiddweree weess, datt Zecke ganz geféierlech Krankheete kënnen iwwerdroen. Manner bekannt ass, datt Zecken och zu philosophescher Éier komm sinn. Wéi a...
Orientéierungslousegkeet 04.05.2024
Wann een iergendwou ass, wou een sech net kennt, da fänkt ee vir d'éischt domat un, sech ze orientéiere. Meeschtens geet dat och ganz gutt. Mee wat ass, wann ech mech net orientéiere kann? Wat, wa keng Unhaltspunkten do sinn? Wat, wann ech ganz verluer sinn? Op dëst Froen huet de Philosoph René Descartes eng praktesch Äntwert. Detailer vum Lukas Held.
Hebammenkunst 23.03.2024
Enn lescht Joer huer d’Unesco d’Hiewanskonscht zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet deklaréiert - och op Demande vu Lëtzebuerg. D’Hiewanskonscht ass en Handwierk, dat sech iwwer Joerhonnerten iwwerliwwert an ugeräichert huet. De Lukas Held mat Iwwerleeungen iwwer déi philosophesch Dimensioun vun der Hiewanskonscht
Was ist eine Lüge? 09.03.2024
Op den éischte Bléck schéngt et jo eng relativ simpel Saach ze sinn: entweder et seet een d’Wourecht, oder et seet een eng Ligen. Fir Wourecht ze soe muss ee just d’Saache soen, wéi se sinn. A wann ee litt, da seet een d’Saachen net esou, wéi se sinn. Mee wann een doriwwer nodenkt, dann ass déi Trennung guer net esou evident. Wat ass eigentlech eng Ligen? Iwwer dëse Sujet ënnerhält sech de Luc Mel...
Aarmut a Misär 24.02.2024
Aarmut, Räichtum an Ongläichheet - et gouf se schonn ëmmer an der enger oder anerer Form. An der Anthropologie ass awer scho méi laang gewosst, datt et verschidden Definitioune vun Aarmut a Räichtum gëtt an datt Ongläichheeten och anescht kënnen organiséiert ginn.
Via Negativa 10.02.2024
Sou nennt sech eng Denkmethod, bei der et dreems geet, sech op dat ze konzentréieren, wat een net weess. Wisou? Well een besser doriwwer Bescheed weess, wat net geet, wei doriwwer, wat geet. Dës Method huet hier Originnen an der Theologie an Philosophie.
Rohheit, Härte, Kälte 27.01.2024
Den däitsche Philosoph Theodor Adorno, dee selwer virun den Nazien huet misse flüchten, huet sech säi Liewe laang mat Auschwitz beschäftegt. De Lukas Held presentéiert dëse Philosoph a seng Gedanken zur Fro: Wei ass Erzéiung no Auschwitz méiglech?
Paul Feyerabend zum 100. Gebuertstag 13.01.2024
Haut virun 100 Joer gouf deen éisträichesche Philosoph Paul Feyerabend gebuer. De Feyerabend ass als e grousse Wëssenschaftsphilosoph an d’Geschicht agaangen, notamment wéinst senger “anarchistescher“ Approche zur Wëssenschaft. Esou war de Feyerabend z. B. der Meenung, datt d’Wëssenschaft just ee vu villen Weeër zum Wëssen ass. Iwwer dem Paul Feyerabend seng Philosophie ënnerhält de Luc Melsen sec...
Ist Reichtum unmoralisch? 30.12.2023
Mam Heescheverbuet koum och d’Theema Aarmut an de leschte Wochen erëm an d’Akualitéit. Enger rezenter Etüd vum Statec no si 17 Prozent vun de Leit an eisem Land am Aarmutsrisiko, well si manner wéi 2.250 € de Mount zur Verfügung hunn. Mee wat ass eigentlech mam Contraire vun der Aarmut, dem Räichtum? Wisou zéie mir bei der Aarmut eng Grenz, mee awer net beim Räichtum? Wéi kéint eng Räichtumsgrenz...
Flexibilitéit 16.12.2023
Am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung ass dacks Rieds vu Flexibilitéit, besonnesch a Saachen Aarbechtszäit. Esou z. B. bei der Upassung vun den Ëffnungszäiten am Handel an am Horeca oder bei der geplangter Flexibiliséierung vum Congé de maternité. Mee wisou gëtt Flexibilitéit esou gutt ugesinn? An ass flexibel sinn dat nämmlecht, wei fräi sinn? Iwwer dës Froen ënnerhält de Luc Melsen sech m...
K.I. und Ethik 02.12.2023
Spéitstens zanter dem Erfolleg vu ChatGPT ass d'Theema Kënschtlech Intelligenz omnipresent an eise Medien. Dobai ass dacks rieds vum groussen Potential vun dëser Technologie, mee et gëtt awer och grouss Geforen. Viru wéi eng eethesch Erausfuerderunge stellt eis d'kënschtlech Intelligenz? Doriwwer ënnerhält de Luc Melsen sech mam Lukas Held.
(Un)Gerechtigkeitsempfinden 18.11.2023
Mir hunn alleguer schonn eng Kéier eng Ongerechtegkeet erlieft. An deem Moment spiert ee ganz däitlech, datt een ongerecht behandelt gouf. Mee ass dat ëmmer esou einfach ze bestëmmen? Wat ass eigentlech gerecht, a wéini ass eppes ongerecht?
Firwat hale mir eis u Reegelen? 04.11.2023
Hale mir eis u Reegelen, well mir mussen, oder well mir wëllen? Si Mënsche vun Natur aus moralesch oder nëmme wéinst Reegelen a Gesetzer? Iwwer dës Froe geet et dës Kéier mam Philosoph Lukas Held.
Alles fließt 06.07.2023
Alles verännert sech, stänneg! Dat ass gewosst. Mee si mir eis dëse Verännerungen iwwerhaapt wierklech bewosst? Heiansdo huet een Erënnerungen, déi een zeréck an d'Zäit reesen dinn. Da gëtt ee sech de ville Verännerungen am Liewe richteg bewosst. Mam Lukas Held schwätzt d'Angie Maquil iwwer een alen Zuchticket an de Laf vun der Zäit.
Blaise Pascal (1623-1662) 29.06.2023
Dëst Joer feiere mir de 400. Gebuertsdag vum franséische Philosoph a Mathematiker Blaise Pascal. Grond genuch fir sech eng Kéier mat sengem Liewen a sengem Denken auserneenzesetzen. Iwwer de Blaise Pascal huet d'Angie Maquil sech mam Lukas Held ënnerhalen.
Müssen wir uns erinnern? 22.06.2023
Et gëtt Saachen an eisem Liewen, déi géife mir gäre vergiessen. Ee peinlechen Moment, eng Dommheet, déi eis geschitt ass oder déi mir gemaach hunn, oder ee traumatescht Erliefnis. Mee wat wier, wann dat méiglech wier? Wat, wa mir eis Erënnerunge kéinte läschen? Dat ass déi Grondfro, ëm déi et am Film "Eternal Sunshine of the Spotless Mind", op Däitsch "Vergiss mein nicht" geet. Dëse Film leeft näc...
Was macht ein gutes Leben aus? 15.06.2023
Wat ass eigentlech ee gutt Liewen? Ass et ee Liewen a Räichtum, ee Liewen ouni Suergen? Wéi eng Roll spillt d'Gesondheet? Gehéiert eng Famill dozou, oder vill Frënn? An ass e gutt Liewen och automatesch e glécklecht Liewen? Rezent Etüden behaapten, datt dat net forcement muss sinn. Erklärungen dozou vum Lukas Held
Wat ass e Verspriechen? 08.06.2023
Dëse Sonndeg, den 11. Juni, sinn am ganze Land Gemengewalen. Am Virfeld däerften déi allermeescht Kandidatinnen a Kandidate ganz vill Reklamm fir sech selwer, fir hir Parteien a fir Iddie maachen. Dobäi goufe warscheinlech och déi eng oder aner Versprieche gemaach, nom Motto: "Wann Dir mech wielt, da verspriechen ech Iech, datt ..." Mee wat maache mir eigentlech, wa mir eppes verspriechen? Wéini a...
Wieren d'Mënsche méi frou, wann si manner wéissten? 01.06.2023
"Ignorance is bliss", seet den Englänner a mengt domat, datt en méi glécklech ass, wat ee manner weess. An tatsächlech: wie vun eis huet sech net schonn eng Kéier gesot, datt ee méi glécklech war, wéi een nach manner Wëssen iwwer d'Welt an de Misär hat? Mee ass dat wierklech esou? Ass eist Wëssen den Ursprong vun eisem Ongléck? E Kommentar vum Philosoph Lukas Held.
Kann ee soen, wat een denkt? 25.05.2023
Et kennt een d'Situatioun: et ass een amgaang ze diskutéieren, et wëllt een eppes soen, mee et feelen engem d'Wierder. Heiansdo kréie mir et net hin, ze soe wat mir denken. Wisou ass dat sou? A kënne mir wierklech soen, wat mir denken? Iwwerleeunge vum Lukas Held.
Die Kränkung der Menschheit 11.05.2023
De Sigmund Freud, de Papp vun der Psychanalys, war der Meenung, datt d'Mënschheet an der Geschicht dräimol gekränkt gouf: vum Kopernikus, vum Darwin a vum Freud selwer. Kéint et sinn, datt mir grad eng véiert Kränkung vun der Mënschheet erliewen, an zwar vun der Kënstlecher Intelligenz? Gedanken dozou vum Philosoph Lukas Held
Benzer podcast'ler
Replaio bir podcast yayıncısı değildir; program adları, kapak görselleri ve ses içerikleri yazarlarına aittir ve herkese açık RSS beslemeleri aracılığıyla dağıtılır