radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Podcast'in sitesini ziyaret etmeyi ve yapımcısını desteklemeyi unutma: www.100komma7.lu
Nereden dinlenir?
Uygulamada podcast'ler Replaio Radio Çok yakındaPodcast'ler çok yakında uygulamaya geliyor. Şimdi yükle ve podcast'lere yepyeni bir bakışı ilk gören sen ol
Bölümler
Filmkritik: "On sera heureux" 08.10.2026
Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter... Déi kanadesch Realisatrice Léa Pool weist an där Lëtzebuerger Co-Produktioun, wéi dat Intiimt an dat Politescht unenee gerode kënnen. En Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "The Social reckoning" 08.10.2026
Mat Hëllef vun enger Whistleblowerin deckt en Investigativ-Reporter op, wéi Facebook bewosst politeschen Extremismus gefërdert an domat déi amerikanesch Demokratie a Gefor bruecht huet. Dem Aaron Sorkin säi Polit-Thriller baséiert op de "Facebook-Files", de Revelatioune vun 2021 vum Wall Street Journal iwwer d'Praktike vun der Social media-Plattform.
Steirischer Herbst 08.10.2026
Red Flags ass dëst Joer d’Thema vum steirischer Herbst, engem interdiziplinaresche Festival zu Graz. De Jeff Schinker war dohin – a bréngt eis seng Andréck mat.
Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht 07.10.2026
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Kämpferin fir d'Rechter vun all de Fraen 07.10.2026
Wéineg Perséinlechkeeten hunn am Frankräich vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert esou vill fir d’Rechter vun de Frae gemaach wéi déi politesch engagéiert Affekotin Gisèle Halimi. D'Journalistin Annick Cojean an d'Actrice Marie-Christine Barrault waren d'lescht Woch an der Abtei Neimënster fir en en Diskussiouns- a Liesowend iwwer déi grouss Feministin. D'Gisèle Halimi...
Optakt vum CinEast-Festival 07.10.2026
Um Mikro vum Michel Delage geet de Festival-Direkter Radek Lipka op e puer Héichpunkte vun der 19. Editioun an. Den Optakt ass dëse Freideg.
Wat mécht “The 25. Birthday Edition” vun der Nuit des Musées aus? 06.10.2026
An eise Muséeë gëtt schonn dat ganzt Joer mat spezielle Programmatioune gefeiert: de Casino an der Ënneschtgaass ass 30 Joer al ginn, de Mudam 20; den Naturmusée ass zanter 30 Joer am Gronn. Dëse Weekend erwaart iech elo eng speziell Nuit des Musées: di 25. “Birthday-Edition”. D’Kerstin Thalau huet also fir haut d’Laura Zaccaria vun der ICOM Lëtzebuerg, Coordinatrice générale fir d’Nuit an eise St...
Shida Bazyar kritt den Däitsche Buchpräis 06.10.2026
„E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“ (Kiepenheuer und Witsch) vun der Shida Bazyar an zeechent d‘Schrëftstellerin mam renomméierte Literaturpräis aus. Valerija Berdi mat Detailer.
Nei am Kino 06.10.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Anne Frausing - "Le village des tentes" 05.10.2026
2022 ass de "Centre de primo-accueil" um Kierchbierg en neit Doheem fir vill Refugiéeën aus der Ukrain ginn. D‘Anne Frausing, déi zu deem Moment beim Roude Kräiz engagéiert war, huet si mat de Flüchtlingen an dësem Hebergement geschafft. Am Buch „le village des tentes“, dat kierzlech bei Capybarabooks eraus komm ass, schreift si unhand vun eenzele Personnagen, awer och vun der globaler Sit...
JOYN – een narratiivt Gedicht iwwer Freed an onglécklechen Zäiten 05.10.2026
Der Dana Rufolo hiert Stéck JOYN, A Mariage Made in Megaheaven ass eng Hybridform tëscht Theater, Gedicht a Prosa – a wierkt eleng duerch säin optimisteschen Titel an Zäite vu politescher Onrou wéi eng Zort literareschen UFO. D’Schrëftstellerin, déi selwer och am Stéck matspillt, an de Luc Lamesch, ee vun den Acteuren, sinn haut am Interview mam Jeff Schinker beim Marc Clement am Studio.
Architekturdeeg ënnert dem Motto “(Ré)imaginer nos espaces quotidiens” 02.10.2026
Tëscht dem éischten an dem véierten Oktober sinn zu Lëtzebuerg di zweet Journées de l’architecture. D’Initiative vum LUCA, de Luxembourg Center for architecture, soll d’Ëffentlechkeet dozou motivéieren, Architektur a bebaut Ëmwelt an all hire Formen ze entdecken an ze feieren. Et ginn iech, duerch d’ganzt Land, 66 verschidden Aktivitéite vun Atelieren, Ausstellungen, visites guidéeën, portes ouver...
Filmkritik: "Notre Salut" 02.10.2026
Idealist? Opportunist? Dem Emmanuel Marre säin historeschen Drama zeechent de Portrait vun engem klenge Fonctionnaire an der kollaborationistescher Vichy-Regierung. Eng Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "Naza" 02.10.2026
An hirem Documentaire loossen d'Realisateure Yuval Avraham a Rachel Szor anonymm Membere vun der israelescher Arméi an de Geheimdéngschter ze Wuert kommen. Aus hiren Aussoe geet ervir, datt d'Arméi wärend de Bombardementer vun der Gazasträif net nëmmen Hamas-Militanten an d'Viséier geholl mee och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet. De Michel Delage mat enger Kritik.
The Westies 01.10.2026
Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wierklech gouf. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.
Vienna Design Week: Am Gespréich mat der Annick Kieffer 01.10.2026
Dëst Joer ass Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" dréit sech alles em d’Stëmm vum Design. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radi...
Filmkritik: "Verity" 01.10.2026
Eng Dräiecksbezéiung viru geféierleche literareschen Ofgrënn... Dem Amerikaner Michael Showalter säi psychologesche Thriller spillt mat de Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit. Eng Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "Digger" 01.10.2026
Dem Alejandro González Iñárritu seng satiresch schwaarz Komedie hëlt déi Responsabel vum Klimawandel op d’Schëpp. Mat engem Tom Cruise als esou eefältege wéi mächtege Petrolsmagnat. Eng Kritik vum Michel Delage.
E Gedicht - e Konschtwierk 30.09.2026
Haut nach en Extrait aus der Valibrairie vum leschte Sonnden, wou d‘Valerija Berdi mam Dichter Tom Nisse an den Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner iwwer d‘Poesie a Kombinatioun mat aner Konschtforme geschwat huet. D‘Emissioun war am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Escher Kulturfabrik organiséiert, an am Café Mesa opgeholl ginn.
Guy Helminger 30.09.2026
Gëschter Owend huet de Schrëftsteller Guy Helminger de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt. Déi zeremoniell Präisiwwerreechung war am Park vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D‘Valerija Berdi war op der Plaz.
D’Fotografin Elina Brotherus presentéiert “The artist and her double” 30.09.2026
D’Finnin Elina Brotherus exploréiert d’Konschtgeschicht, d’Autobiografie, d’Spill, d’Presenz, den architektonesche Patrimoine plus d’Landschaft mat Hëllef vu Fotografie a Film. Ëmmer mat enger feministescher Approche. Als onbekannt Fotografin war si op der Sich no engem Modell gewiescht, deen ëmmer disponibel wier, an huet esou sech selwer entdeckt. D’Kënschtlerin ass 1972 zu Helsinki gebuer a pen...
D'Gedicht a méi Dimensiounen 29.09.2026
Haut dann nach e weideren Extrait aus dem Gespréich vum Valerija Berdi mat de Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an dem Dichter Tom Nisse. Wann d‘Gedicht d‘Buch verléisst war de Sujet an der leschter Valibrairie, déi live ze Esch am Kader vum Poesie Plus Festival opgeholl ginn ass. Déi ganz Emissioun ass an eiser Mediathéik.
Literatur + Performancen = Poesie-Plus-Festival 29.09.2026
De Poesie-Plus-Festival vun der Escher Kulturfabrik de leschte Weekend ass mat engem poeteschen Trëppeltour duerch Esch op en Enn gaangen. Dëst mam plastesche Konzeptkënschtler Marco Godinho als Guide. Et gëtt Zäit, datt mir dat lescht Kapitel Poesie Plus opschloen, also Bilan zéien. An dofir ass d’Kerstin Thalau elo an de Studio komm.
Nei am Kino 29.09.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Benzer podcast'ler
Replaio bir podcast yayıncısı değildir; program adları, kapak görselleri ve ses içerikleri yazarlarına aittir ve herkese açık RSS beslemeleri aracılığıyla dağıtılır