radio 100,7

Kultur

News LB ↓ 216 avsnitt

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Glöm inte att besöka poddens webbplats och stötta skaparen: www.100komma7.lu

Skapare

radio 100,7

Kategori

News

Poddens webbplats

www.100komma7.lu

Senaste avsnittet

18 nov 2026

Var kan du lyssna?

Poddar i appen Replaio Radio Kommer snart

Poddar kommer snart till appen. Installera nu och bli först med att uppleva ett helt nytt sätt att lyssna på poddar

Ladda ned på Google Play Installera gratis Android 10 mn+ nedladdningar · betyg 4,7+ iOS snart

Avsnitt

Gestéiert Männlechkeet 18.11.2026

Den engleschen Auteur Humphrey Gudgeon, deen zënter enger Rei Joren hei zu Lëtzebuerg wunnt, beschäftegt sech mat Forme vu problematescher Männlechkeet an hiren Ursaachen. Seng Kuerzgeschichtesammlung "The Struggles of Mr Small" (Black Fountain Press) ass säi literareschen Debut. De Michel Delage mat enger Kritik.

"L'enfant-soldat né musique" am TNL 18.11.2026

Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette

Eng Rees an d'Onbekannt: De Martin Kohlstedt am Trifolion 18.11.2026

De Wee op Iechternach duerch de Schloreen fir bei de Martin Kohlstedt haten eng ganz Rei Leit op sech geholl - ma de liicht lethargesche Public gouf mat zwou Stonne Schéinheet belount. Eng Concertskritik vum Jeff Schinker.

De schéinste Parking vun der Welt: den Atelier stellt de Summer 2027 vir 18.11.2026

Gëschter gouf am Atelier de Summerprogramm virgestallt. Zu de scho bekannten Nimm – Take That an The Neighbourhood – geselle sech Nimm wéi Wilco, Placebo, Teddy Swims, Pomme a Mötley Crüe fir een eklektesche Lineup tëscht der Luxexpo an neimënster. De Jeff Schinker war op der Platz, fir sech mam Associé-Gerant Michel Welter a mat der Bookerin Vicky Zeimetz ze ënnerhalen.

Faux Real am KHN 18.11.2026

Faux Real sinn d'Gebridder Virgile an Eliott Arndt, déi als Teenager hir éischt Concert'en zu Lëtzebuerg gespillt hunn. No Joren zu Parais sinn si no der Covid Epidemie op LA gplennert, an hun do Faux Real an d'Liewe geruff, een hallef satireschen, hallef campe Glitzerpop-Projet, mat enger live Show, déi d'Wuert Coreographie nei definéiert. De Marc Clement konnt mam Virgile Arn...

Francis of Delirium live zu Chicago 17.11.2026

Eisen US-Korrespondent Philip Crowther huet mat der Lëtzebuerger Band geschwat, fir déi et net den éischten Optrëtt an de Staate war.

40 Wierker aus private Sammlungen, déi d’Ëffentlechkeet nach ni gesinn huet 17.11.2026

D’Privatstëftung MeRL ass gegrënnt ginn, fir de Patrimoine vun de Famille Mousel/ Reiffers/ Libens ze versuergen. Doriwwer eraus ënnerstëtzen d’Memberen d’Fuerschung an och d’Konscht. Am Kontext vun der Luxembourg Art Week zejoert, haten si di jonk Konscht–Curatrice Claire di Felice bei de Cercle des collectionneurs du Mudam geschéckt, fir mat hire private Konschtschätz eng Expo am Malt, also a Cl...

Nei am Kino 17.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

"La vie est une fête" am Escher Theater 16.11.2026

"La vie est une fête", produzéiert vu der Theatergesellschaft Les Chiens de Navarre an inszéneiert vum Jean-Christophe Meurisse, kléngt vum Titel hier ähnlech wéi "Tanzende Idioten", d’Theaterstéck, dat mir grad beschwat hunn. Vum Inhalt hier kéint et awer net méi ënnerschiddlech sinn. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck e Freiden am Escher Theater kucken, wou et nëmme...

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing am Groussen Theater 16.11.2026

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing ass de Weekend am Groussen Theater gelaf. No "Verrückt nach Trost" an der Saison 2022/23 ass d’Stéck dat zweet Originalwierk vum renomméierten däitsche Regisseur. Et baséiert u sech op zwee Sätz aus enger Erzielung vum amerikanesche Schrëftsteller Denis Johnson an huet de lëtzebuergesche Schauspiller André Jung sou wéi de Sebastian Blomberg,...

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Schutz 16.11.2026

De Schrëftsteller Guy Helminger sëtzt nach ëmmer zu Istanbul an hat sech virgeholl déi véier Schutzhelleg vum Bosporus ze besichen. Mee do war kuerzfristeg eppes dotëschent komm. Op hie senge Patréiner hannenno awer nach konnt Moie soen, erzielt hien mat senger drëtter Postkaart.

Filmkritik: "Ebenezer" 13.11.2026

Den Johnny Depp als ale Granzert am viktorianesche London, dee vu Geeschter erëm dozou bruecht gëtt, Chrëschtdag z'appreciéieren. Den Amerikaner Ti West adaptéiert eng Kuerzgeschicht vum Charles Dickens. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Club Kid" 13.11.2026

En drogenofhängegen, homosexuellen New Yorker Party-Organisateur gëtt gewuer, datt hie Papp vun engem zéng Joer ale Bouf ass. Den Jordan Firstman huet och d'Haaptroll a sengem Debutfilm als Realisateur iwwerholl. Eng Kritik vum Michel Delage.

13.11.2026
Tëscht Familljechaos, Identitéit a verrécktem Humor 12.11.2026

Dräi asiatesch-amerikanesch Geschwëster probéieren, sech duerch de chaoteschen Alldag zu New York ze schloen. Dobäi geet et ëm Famill, Identitéit an d'Erausfuerderunge vum Erwuessenginn. Am Serientipp stellt den Simon Larosche d'Netflix-Serie „DANG!“ vir, eng frech Animatiouns-Comedy, déi verréckten Humor mat eeschten Themen kombinéiert.

Filmkritik: "Il faut brûler maman" 12.11.2026

Well d'Personal bei de Pompes funèbres streikt, mussen d'Ierwe vum Famijebetrib hir verstuerwe Mamm selwer verbrennen. Den Albert Dupontel huet eng sophistikéiert schwaarz Komedie iwwer Liewen an Doud, Geschwëster-Konflikter a Léift gedréint. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Minotaure" 12.11.2026

E russesche Geschäftsmann geréit wéinst dem Ukrain-Krich a senger ontreier Fra an d'Labrennten. De russesche Cineast Andrei Zviaguintsev aktualiséiert dem Claude Chabrol säi gëftege Klassiker "La Femme infidèle" vun 1969. Eng Kritik vum Michel Delage.

Fënnef Joer nom Prix de Révélation de Prix Pierre Werner fir d’Julie Wagene 12.11.2026

Am Tramsschapp um Lampertsbierg ass de leschte Weekend den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL, opgaangen. En internationale Jury hat 44 Artist:innen vun 129 Kandidature fir d’Expo selektionéiert. Da ginn och nees zwee Präisser iwwerreecht, di allebéid mat 5’000 Euro dotéiert sinn: eemol de “Prix du Public”, fir deen d’Visiteure bis den 22. November hier Stë...

"Ma vie sous les tentes" 11.11.2026

Gëschter Owend war d’Première vum Jeff Schinker sengem Stéck Ma vie sous les tentes am Théâtre du Centaure. Gespillt vum Pitt Simon an inzenéiert vum Jacques Schiltz. D’Emma Hizette war d’Stéck kucken an ass am Studio beim Simon Larosche mat sengen Andréck.

Booker Prize: "The End of Everything" vum M. John Harrison 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "The Disappearers" vum Marlon James 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "May We Feed the King" vun der Rebecca Perry 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Ausbléck op Walfer Bicherdeeg 11.11.2026

Et ass déi 31. Editioun vun der gréisster Bicherfoire ze Lëtzebuerg. Riets ass vun de Walfer Bicherdeeg, déi den 21. an den 22. November mat Stänn vun Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, Liesungen, Workshoppen, Musek, Animatioun a Bicher fir déi ganz Kleng de Publikum unzéien. Fir iwwer déi dësjäreg Editioun ze schwätzen, ass d'Viviane Hecker vun der Walfer Gemeng Invitée bei...

Zum Doud vum Jean Sorrente 10.11.2026

Hien hätt roueg nach kéinten de Batty Weber Präis kréien, esou de Ian De Toffoli, Editeur vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Jean Sorrente, dee gëschter am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass. Valerija Berdi mat engem Noruff.

Eng Kris vun der Männlechkeet: d'Shortlist vum Booker Prize ënnert der Lupp 10.11.2026

Gëschter Owend krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Dougl...

Lyssna på podden Kultur i Replaio

Radio och poddar i en och samma app - gratis och utan konto. Installera redan idag och missa inte premiären

Ladda ned på Google Play

Replaio är ingen poddutgivare; programnamn, omslag och ljud tillhör sina upphovspersoner och distribueras via offentliga RSS-flöden