radio 100,7
Wat lauschters du?
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
17 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Talking Bodies 23.09.2025
E Wëssenschaftspodcast vun der Dr. Jana Bressem vun der TU Chemnitz an der Dr. Silva Ladewig vun der Europa-Universität Frankfurt Oder, deen an 48 Episoden tëschent November 2021 a Mäerz 2024 gelaf ass. Déi zwou Wëssenschaftlerinne beschäftegen sech hei mat alle Froe ronderëm déi verbal an non-verbal Kommunikatioun.
Ein Mensch verschwindet - Daniel Küblböck 16.09.2025
Den Daniel Küblböck, dee sech kuerz virdrun als transgender geout huet a Lana Kaiser wollt genannt ginn, verschwënnt den 9. September vun der AIDAluna um Wee fir op New York a gëtt 2021 fir dout erkläert. An engem 10-deelege Podcast an der App Podimo geet den Tom Ehrhardt ville Froen no, fir dësen extreem mediatiséierte Personnage besser verstoen ze kënnen, ouni en ze verurteelen oder ze bewäerten...
Dispensé·e·s 08.07.2025
E franséischsproochege Podcast vum Quentin Chanut-Chaize, deen de Froe vum Gender a Sport nogeet.
Verboten gut - Wie Frauen den Fußball erobern 01.07.2025
E 6-deelege Storytelling-Podcast vum Fussballmagasinn Kicker iwwer d’Entwécklung vum Fussball vun de Fraen an de leschten 100 Joer an Däitschland.
Ulle und Rick 24.06.2025
De Jan Ullrich an de Rick Zabel, Jong vum Sprinter Erik Zabel, hunn zënter Mee 2025 e gemeinsame Vëlopodcast. Hei schwätze si humorvoll a kompetent iwwer Vëloscourssen an iwwer de Profivëlossport allgemeng.
It’s Reigning Men 17.06.2025
Op der Welt ginn et aktuell 40 Monarchien an dovunner gëtt aktuell keng vun enger Fra ugeféiert. An dësem englesche Podcast vum Daniel Rosney ginn déi kinneklech Famillen a Monarchië virgestallt an hir aktuell politesch Roll an de jeeweilege Gesellschafte mat Experten an Expertinne beschwat. Och de Grand-Duc Henri war schonn Theema vun enger Episod.
Die Peter Thiel Story - Deutschlandfunk 10.06.2025
De Peter Thiel gëllt als ee vun de Mastermindehannert dem kulturelle Wandel no riets an den USA an ee vun de wichtegsten Unhänger vum Donald Trump. Hie gouf mat Paypal a Facebook räich. An dësem sechsedeelege Podcast vum Deutschlandfunk gëtt de Wee vum Peter Thielretracéiert.
«L’avenir leur appartient» 03.06.2025
«L’avenir leur appartient» ass e Podcast vun der Sport-Dageszeitung L’Équipe deen sech mat de groussen Talenter am franséische Fussball beschäftegt. Och e Lëtzebuerger Nationalspiller gouf hei scho portraitéiert.
Um Bols vun der Zäit 27.05.2025
Dëse Podcast vun der Partei Fokus, deen als Slogan „De politesche Podcast zu Lëtzebuerg. Riicht eraus, ongefiltert, aktuell.“ huet, ass am November 2024 gestart ginn.
MIKROSKOP 20.05.2025
An dësem Podcast vun der CSV Fraktioun ginn déi aktuell 21 CSV-Deputéiert an der Chamber ënnert d’Lupp geholl.
Oppositioun - E Podcast vun déi Lenk 13.05.2025
E Podcast vun der Lëtzebuerger Partei. Déi zwee Deputéiert David Wagner a Marc Baum beschäftegen sech hei mat der politescher Aktualitéit hei zu Lëtzebuerg. Et gëtt do och mol gären e Bléck hannert d'Kulissen an si erklären wéi d'Aarbecht an der Chamber funktionéiert.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice