radio 100,7
Wat lauschters du?
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
A History of the United States in 100 Objects 07.07.2026
D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% I...
Happy Hippo 30.06.2026
Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.
Behind The Games – Wer den Sport kontrolliert 16.06.2026
Eng 5-deeleg investigativ Podcast-Serie vun Deutschlandfunk iwwer d'Muechtstrukturen an d'Geschäfter hanner dem internationale Fussball. D'Serie weist, wéi de FIFA-President Gianni Infantino säin Afloss ausgebaut huet a wéi Politik, Suen a Sport enk matenee verbonne sinn. Mat Recherchen, Interviewen an Hannergrondanalyse beliicht de Podcast d'Skandaler ronderëm d'FIFA, d&#...
Ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuergesche Laberpodcast 09.06.2026
Erklär&Laach ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laberpodcast vun de Membere vun Duck Féiss: Philippe Berscheid, Baschti Gudenburg a Joe Dennenwald. Zënter 2019 schwätzen déi dräi op humoristesch Aart iwwer Alldag, Aktualitéit, Popkultur an all méigleche Blödsinn, dacks mat villen Insider-Witzer a spontanen Ofschweifungen. De Podcast gëllt als ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuer...
Obsessed - Döner Papers 02.06.2026
Eng 6-deeleg Podcast-Serie vum BR, an där d'Journalistin Aylin Doğan no der Ursprongsgeschicht vum bekannten Döner-Logo sicht, deen iwwerall an Däitschland op de Pabeiertuten ze gesinn ass. Aus där Recherche entwéckelt sech eng spannend Geschicht iwwer Migratioun, Entreprenariat a Kulturgeschicht vum Döner.
Die Abnehmspritze - Schlank um jeden Preis? 26.05.2026
„Die Abnehmspritze – Schlank um jeden Preis?“ ass e 5-deelege Audio-Doku-Podcast vum NDR an SWR iwwert den Hype ronderëm Ozempic a Co. De Podcast verbënnt perséinlech Geschichten, medezinesch Fakten a gesellschaftlech Froen iwwer Schéinheetsidealer a Selbstoptiméierung.
Paus. 19.05.2026
Paus. ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laber-Podcast mam Yannick Schumacher an der Jill Lallemang. An enger ganz spontaner an internetaffiner Atmosphär schwätzen déi zwee iwwer Alldag,Popkultur, Social Media, Lëtzebuerg an alles wat hinnen duerch de Kapp geet. DePodcast lieft virun allem vun der staarker Chemie tëscht den Hosts, villen Insider-Jokes an enger ganz aktiver Community.
Gesundes Laufen Podcast - Am Puls 12.05.2026
„Gesundes Laufen“ ass e Podcast iwwer gesond a nohaltegt Lafen, mat vill prakteschen Tipps zu Training, Regeneratioun a Verletzungspräventioun. D’Gespréicher riichten sech virun allem u Fräizäitleefer a Leit, déi Sport a Gesondheet besser an hiren Alldag integréiere wëllen. E gëtt moderéiert vum Armand Rech, Grënner vun der Lafschoul Gesundes Laufen.
"{ungeskriptet} - Gespräche, die dich weiter bringen" 05.05.2026
De Podcast “{ungeskriptet}“ vum Ben Berndt ass eng Gespréichssendung mat laangen, oppene Gespréicher mat ënnerschiddleche Gäscht aus Gesellschaft, Politik a Social Media. D’Gespréicher si meeschtens net geschnidden an erlaben et de Gäscht, hir Meenungen a Perspektiven ouni vill Ënnerbriechung ze deelen. D'Format ass erfollegräich duerch seng Authentizitéit, gëtt awer och kritiséiert, well jou...
Mario Basler - Letzter Typ 28.04.2026
E véierdeelege Doku-Podcast, an deem d’Journalistin Katharina Reckers dräi Deeg mam fréiere Foussballspiller Mario Basler verbréngt. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wien de Mario Basler hanner sengem Image als "leschte richtegen Typ“ wierklech ass. De Podcast kombinéiert Interview, Observatioun a Storytelling a bitt eng perséinlech an deels kontrovers Approche.
Familie Verstehen - Gewaltfreie Kommunikation 21.04.2026
De Podcast vun der Kathy Weber ass fir Eltere geduecht, déi hiert deeglecht Familljeliewe méi bewosst a manner konfliktgeluede gestalte wëllen. A kuerze, haaptsächlech monologeschen Episoden erkläert si d'Prinzippie vun der gewaltfräier Kommunikatioun mat konkreete Beispiller a weist alternativ Weeër, wéi een op typesch Elteresituatioune reagéiere kann. De Fokus läit manner op séiere Léisunge...
"Gemischtes Hack" 14.04.2026
E wéchentleche Podcast mam Felix Lobrecht an dem Tommi Schmitt, an deem si iwwer Alldagstheemen, Popkultur a perséinlech Erliefnisser schwätzen. D’Gespréicher si spontan an net staark strukturéiert, mat engem Fokus op Humor an Austausch tëschent deenen zwee. De Podcast gehéiert zu de populäerste Formater am däitschsproochege Raum an huet eng grouss a stabil Audience.
"Dive in with (e)me“ 07.04.2026
De Podcast vun der Fondation EME, meeschtens moderéiert vun der Sarah Bergdoll, schwätzt mat Experten an Expertinnen a Participante vu Projete vun der Fondatioun, wéi Musek méi inklusiv an accessibel ka sinn.
Hors d'Œuvre 31.03.2026
En Interview-Podcast, dee vun der Œuvre Nationale produzéiert gëtt, an an deem sozial, kulturell a gemeinschaftlech Projeten zu Lëtzebuerg presentéiert an d'Leit hannendrun interviewt ginn. Host ass d’Sarah Bellissent.
Zréck zu dir 24.03.2026
De Podcast „Zréck zu dir“ vun der Bonnie Losch soll engem hëllefen seng Gefiller ze verstoen, mental méi staark ze ginn an den Zougaang zu sech selwer (rëm) ze fannen. Hei ginn et Interviewen, Themenepisoden a Meditatiounen oder Gebieder.
1cm 17.03.2026
A 6 Episode ginn d’Journalisten a Journalistinne vumLëtzebuerger Journal der Fro no wéi Persoune mat enger Beanträchtegung besserkennen an den Aarbechtsmarché integréiert ginn. Wat sinn d’Erausfuerderungen,d’Kompetenzen, wéi eng Politik bréichten d’Mënschen an d’Gesellschaft fir méiinklusiv ze sinn? Zum Podcast gehéiert och eng innovativ Social Media Campagnemat Artikelen an einfacher Sprooch.
"Stalino - Geschichten einer besetzten Stadt“ 10.03.2026
En Dokumentar-Geschichts-Podcast iwwer déi däitsch Besatzung vun der Stad Donetsk wärend dem Zweete Weltkrich. E kombinéiert historesch Fuerschung mat narrativer Erzielung a weist de Krich aus der Perspektiv vun eenzelen Awunner:inne vun der Stad. E Podcast vun dekoder.org a Kooperatioun mam Léierstull fir osteuropäesch Geschicht op der Universitéit Heidelberg
Plottwist 03.03.2026
E lëtzebuergesche Filmpodcast vum Mike Winter a Yannick Schumacher, an deem déi zwee Filmnerds mat vill Passioun iwwer hir Léift fir de Kino a fir Serië schwätzen. Si analyséieren nei Releasen an och Klassiker, diskutéieren Theorien, Theemen a filmesch Detailer. De Podcast vermëttelt Fachwësse an engem lockere Gespréichsstil a riicht sech un all déi, déi Filmer net nëmme kucken, mee och wierklech...
KINO.TO - Die verbotene Streamingrevolution 24.02.2026
An dësem 5-deelege serielle Podcast vum MDR gëtt d’Geschicht vu kino.to, der éischter a gréisster illegaler Streaming-Plattform an Däitschland an doriwwereraus erzielt.
"Magic Performer Podcast für Zauberer und Zauberkünstler" an "Trickverrat" 17.02.2026
Zwee däitschsproocheg Podcaste vun Zauberer an Illusionisten, déi aneren interesséierte Leit hëllefe solle sech ze professionaliséieren a wéi ee sech als Zauberer ka weiderentwéckelen.
Dys : ma force 10.02.2026
An dësem 6-deelege Podcast vun AirZen Radio an Zesummenaarbecht am der Fondation Henri - Maria Teresa, geet et drëms, Léierschwieregkeeten, also Dyslexie, Dyspraxie oder Dysphasie, net als reng Schwächt, mee als Stäerkt ze gesinn. De Prënz Louis vu Lëtzebuerg, selwer dyslexesch, verbënnt mat sengen Temoignagen déi eenzel Episode mateneen a fungéiert als Beispill, wéi een optimistesch a positiv mat...
Down Set Talk! 03.02.2026
Down Set Talk! ass en däitschsproochegen NFL-Podcast vun RTL, an deem den Adrian Franke an de Christoph Kröger all Woch déi lescht NFL-Neiegkeeten analyséieren. De Fokus läit op detailléierte Previews, Resuméen an Analyse vun Teams a Matcher. De Podcast richt sech haaptsächlech u Fans, déi sech méi déif mat der NFL beschäftege wëllen a laang, déifgräifend Diskussioune schätzen.
MedienKuh 27.01.2026
MedienKuH ass en däitschsproochege Podcast iwwer Film, Radio, Televisioun an d’Mediewelt. Déi zwee Hosts, de Kevin Körber an de Dominik Hammes, schwätze reegelméisseg iwwer d’Neiegkeeten an der Medielandschaft a ginn hiert kritescht, subjektiivt Meenungsbild dozou of. De Podcast leeft zënter 2009 a gehéiert domat zu de Podcast, déi schonn am längsten am Däitschsproochege Raum lafen.
Coachseet 20.01.2026
D’Profi-Basketballspillerinne Magaly Meynadier an d'Anne Simon diskutéieren an dësem Podcast iwwer de Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, sech als Fra am Profisport duerchzesetzen.
Good Hang with Amy Poehler 13.01.2026
"Good Hang with Amy Poehler" ass e wéchentlechen,witzegen Interview-Podcast, an deem d’Amy Poehler mat Frënn a bekannte Gäschtiwwer hiert Liewen, Karriären a wat si zum Laache bréngt, schwätzt. D’Atmosphärass entspaant an amusant, mat ville Comedy-Anekdoten an engerFeel-Good-Stëmmung. De Podcast huet am Januar 2026 deen éischte Golden Globefir dee beschte Podcast gewonnen.
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet