radio 100,7
Wat lauschters du?
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
17 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
VANdalinnen 17.11.2026
VANdalinnen ass e lëtzebuergesche (Laber-)Podcast vun der Paule Kremer an der Shari Schenten, an deem si sech mat ganz ënnerschiddlechen Themen aus Gesellschaft, Kultur an Alldag beschäftegen. An der Interviewserie „All lights on“ schwätzen si mat interessante Perséinlechkeeten iwwert hir Liewensgeschichten, wärend am „Vandalinnen-Buchclub“ iwwer Literatur geschwat gëtt an am „Reesclub“ Reeserfaru...
too many tabs 10.11.2026
Am Podcast too many tabs huelen d'Caro Worbs an de Miguel Robitzky hire Publikum mat op eng kuriéis an ënnerhalsam Rees duerch d'Ofgrënn vum Internet an déi verréckt Welt vun der Popkultur. En däitschen ëffentlech rechtleche Podcast, deen all Mëttwoch erauskënnt a schonn iwwert 200 Episoden zielt. De Prinzip ass, dass si sech géigesäiteg hier Tabs virstellen an zesumme probéieren se zouz...
Papatriarcat 03.11.2026
Papatriarcat ass e franséische Podcast vum Cédric Rostein, deen sech zanter 2020 mat Pappe sinn, Elterensinn a Geschlechterrollen auserneesetzt. An Interviewe mat Expert:innen an Elteren, geet et ëm eng respektvoll Erzéiung, d’Rechter vun de Kanner an eng méi gerecht Verdeelung vun der familiärer Aarbecht. Dobäi stellt de Podcast traditionell Virstellungen iwwert Pappsinn a Mammsinn a Fro a sicht...
Bourgmeisterin 27.10.2026
Bourgmeisterin ass e Podcastprojet vun der Julia Khalyavko, deen d’Geschicht, d’Kultur an d’Identitéit vu Lëtzebuerg op eng accessibel an ënnerhalsam Manéier an Englescher Sprooch vermëttelt. Mat den dräi Formater History Bites, Legacy Links a Fireside Chats verbënnt de Projet kuerz historesch Geschichten, Portraite vu Perséinlechkeeten a Gespréicher iwwer gesellschaftlech Froen. D’Zil ass et, d’V...
Pardon my Lëtzebuergesch 20.10.2026
"Pardon my Lëtzebuergesch" ass e lëtzebuergesche Laberpodcast vum Olivier Bichel an dem Deepak Pant, deen d’Aktualitéit, d’Politik a gesellschaftlech Trends analyséiert. Zenter dem Juli 2025 diskutéieren déi zwee a labberer Atmosphär iwwert déi Themen déi si interesséieren, dëst meeschtens eng gutt Dräivéierelstonn. Den Titel ass eng humorvoll Allusioun op den engleschen Ausdrock „Pardon m...
L’amour moi j’en ai pas 13.10.2026
L’amour moi j’en ai pas ass e franséische Podcast vun der Artistin Alyssia Derly, deen sech mat Léift, Bezéiungen an de gesellschaftlechen Erwaardungen un d'Geschlechter beschäftegt. A Gespréicher mat Invitéen a perséinleche Reflexioune geet et ëm emotional Verletzlechkeet, Männlechkeet, feministesch Perspektiven an d'Fro, wéi mir léieren, eis Gefiller auszedrécken an eis vulnerabel ze w...
„Gefühlserben – der Podcast“ 06.10.2026
„Gefühlserben – der Podcast“ vum a mam Sven Rohde, deen analyséiert, wéi Erfarungen, Emotiounen an ongeléiste Konflikter aus eiser Familljegeschicht eist Liewen haut prägen. De Journalist a Coach kombinéiert Psychologie, Trauma- a Familljefuerschung mat perséinleche Geschichten a behandelt Theme wéi d'Bezéiungen zu den Elteren, Partnerschaften, Selbstwäertgefill, Scham a transgenerational Afl...
Buvette - De Fussballpodcast 29.09.2026
"Buvette – De Fussballpodcast" ass e lëtzebuergesche Podcast, dee vun Eldoradio produzéiert gëtt, an deem de Gilles Immer,Ben Vogel an Dylan Vogel iwwer Foussball zu Lëtzebuerg an doriwwer erausdiskutéieren. Et ginn Diskussiounen iwwer Clibb, Spiller, Competitiounen an aktuell Entwécklungen. EFussball-Laber-Podcast an entspaanter Atmosphär.
All Kéier anescht – De Podcast vum SNEI 22.09.2026
"All Kéier Anescht" ass de Podcast vum Service national de l’éducation inclusive (SNEI) fir d‘Enseignanten zu Lëtzebuerg. An der éischter Serie „Schüler am Autismus-Spektrum – Alldag an der Schoul“, realiséiert a Kooperatioun mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA), ginn déi vill Gesiichter vum Autismus am Bildungskontext beliicht. Et gi 6 Epi...
Die Schule brennt - der Bildungspodcast mit Bob Blume 15.09.2026
De Bob Blume ass Enseignant a Bildungsinfluencer. Am däitschen SWR-Podcast „Die Schule brennt“ sicht hien zesumme mat Expert:innen no Léisunge fir déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge vum Bildungssystem. All zweete Méindeg kënnt e neien Episod eraus. An den éischten 3 Staffele vum Podcast hunn och prominent Perséinlechkeeten iwwert hier Schoulzäit geschwat a wat do gutt a manner gutt gelaf ass.
Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen 14.07.2026
„Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen“ erzielt de spektakuläre Fall vum däitsche Bezuelungsdéngscht Wirecard, dee vun engem gefeierten DAXX-Konzern zu engem vun de gréisste Finanzskandaler an Europa ginn ass. D'Investigativjournalisten vun der Süddeutschen Zeitung kombinéieren exklusiv Recherchen, Originaltéin an eng spannend Erzielweis zu engem richtege Wirtschaftskrimi. Am Mëttelpunkt stinn de fr...
A History of the United States in 100 Objects 07.07.2026
D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% I...
Happy Hippo 30.06.2026
Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.
Behind The Games – Wer den Sport kontrolliert 16.06.2026
Eng 5-deeleg investigativ Podcast-Serie vun Deutschlandfunk iwwer d'Muechtstrukturen an d'Geschäfter hanner dem internationale Fussball. D'Serie weist, wéi de FIFA-President Gianni Infantino säin Afloss ausgebaut huet a wéi Politik, Suen a Sport enk matenee verbonne sinn. Mat Recherchen, Interviewen an Hannergrondanalyse beliicht de Podcast d'Skandaler ronderëm d'FIFA, d&#...
Ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuergesche Laberpodcast 09.06.2026
Erklär&Laach ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laberpodcast vun de Membere vun Duck Féiss: Philippe Berscheid, Baschti Gudenburg a Joe Dennenwald. Zënter 2019 schwätzen déi dräi op humoristesch Aart iwwer Alldag, Aktualitéit, Popkultur an all méigleche Blödsinn, dacks mat villen Insider-Witzer a spontanen Ofschweifungen. De Podcast gëllt als ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuer...
Obsessed - Döner Papers 02.06.2026
Eng 6-deeleg Podcast-Serie vum BR, an där d'Journalistin Aylin Doğan no der Ursprongsgeschicht vum bekannten Döner-Logo sicht, deen iwwerall an Däitschland op de Pabeiertuten ze gesinn ass. Aus där Recherche entwéckelt sech eng spannend Geschicht iwwer Migratioun, Entreprenariat a Kulturgeschicht vum Döner.
Die Abnehmspritze - Schlank um jeden Preis? 26.05.2026
„Die Abnehmspritze – Schlank um jeden Preis?“ ass e 5-deelege Audio-Doku-Podcast vum NDR an SWR iwwert den Hype ronderëm Ozempic a Co. De Podcast verbënnt perséinlech Geschichten, medezinesch Fakten a gesellschaftlech Froen iwwer Schéinheetsidealer a Selbstoptiméierung.
Paus. 19.05.2026
Paus. ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laber-Podcast mam Yannick Schumacher an der Jill Lallemang. An enger ganz spontaner an internetaffiner Atmosphär schwätzen déi zwee iwwer Alldag,Popkultur, Social Media, Lëtzebuerg an alles wat hinnen duerch de Kapp geet. DePodcast lieft virun allem vun der staarker Chemie tëscht den Hosts, villen Insider-Jokes an enger ganz aktiver Community.
Gesundes Laufen Podcast - Am Puls 12.05.2026
„Gesundes Laufen“ ass e Podcast iwwer gesond a nohaltegt Lafen, mat vill prakteschen Tipps zu Training, Regeneratioun a Verletzungspräventioun. D’Gespréicher riichten sech virun allem u Fräizäitleefer a Leit, déi Sport a Gesondheet besser an hiren Alldag integréiere wëllen. E gëtt moderéiert vum Armand Rech, Grënner vun der Lafschoul Gesundes Laufen.
"{ungeskriptet} - Gespräche, die dich weiter bringen" 05.05.2026
De Podcast “{ungeskriptet}“ vum Ben Berndt ass eng Gespréichssendung mat laangen, oppene Gespréicher mat ënnerschiddleche Gäscht aus Gesellschaft, Politik a Social Media. D’Gespréicher si meeschtens net geschnidden an erlaben et de Gäscht, hir Meenungen a Perspektiven ouni vill Ënnerbriechung ze deelen. D'Format ass erfollegräich duerch seng Authentizitéit, gëtt awer och kritiséiert, well jou...
Mario Basler - Letzter Typ 28.04.2026
E véierdeelege Doku-Podcast, an deem d’Journalistin Katharina Reckers dräi Deeg mam fréiere Foussballspiller Mario Basler verbréngt. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wien de Mario Basler hanner sengem Image als "leschte richtegen Typ“ wierklech ass. De Podcast kombinéiert Interview, Observatioun a Storytelling a bitt eng perséinlech an deels kontrovers Approche.
Familie Verstehen - Gewaltfreie Kommunikation 21.04.2026
De Podcast vun der Kathy Weber ass fir Eltere geduecht, déi hiert deeglecht Familljeliewe méi bewosst a manner konfliktgeluede gestalte wëllen. A kuerze, haaptsächlech monologeschen Episoden erkläert si d'Prinzippie vun der gewaltfräier Kommunikatioun mat konkreete Beispiller a weist alternativ Weeër, wéi een op typesch Elteresituatioune reagéiere kann. De Fokus läit manner op séiere Léisunge...
"Gemischtes Hack" 14.04.2026
E wéchentleche Podcast mam Felix Lobrecht an dem Tommi Schmitt, an deem si iwwer Alldagstheemen, Popkultur a perséinlech Erliefnisser schwätzen. D’Gespréicher si spontan an net staark strukturéiert, mat engem Fokus op Humor an Austausch tëschent deenen zwee. De Podcast gehéiert zu de populäerste Formater am däitschsproochege Raum an huet eng grouss a stabil Audience.
"Dive in with (e)me“ 07.04.2026
De Podcast vun der Fondation EME, meeschtens moderéiert vun der Sarah Bergdoll, schwätzt mat Experten an Expertinnen a Participante vu Projete vun der Fondatioun, wéi Musek méi inklusiv an accessibel ka sinn.
Hors d'Œuvre 31.03.2026
En Interview-Podcast, dee vun der Œuvre Nationale produzéiert gëtt, an an deem sozial, kulturell a gemeinschaftlech Projeten zu Lëtzebuerg presentéiert an d'Leit hannendrun interviewt ginn. Host ass d’Sarah Bellissent.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice