radio 100,7
Reen a Bou
D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
20 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
De Summer ass nach net eriwwer 21.08.2026
D’Grousswiederlag versprécht mëttlerweil e méi variabele Verlaf fir déi nächst Zäit. Engersäits ka sech doduerch keng nohalteg Hëtzt-Glack méi forméieren, wat awer e puer eenzel Hëtzt-Stéiss trotzdeem net ausschléisst. Et war e nawell extreemt Onwieder, wat e Mëttwoch nëmme ganz knapp nërdlech un eisem Land laanschtgezu war. Ech ka nëmme soen, dass mir wierklech immens vill Chance haten. Nach e Mé...
Déi gréisst Ëmstellung zanter laangem 17.08.2026
Immens dréchen, mee awer och waarm Konditiounen haten eis an de leschten Deeg ëmmer nach fest am Grëff. Deemnächst ginn d’Temperaturen awer däitlech zréck an och d’Chance fir Ree weist sech ëmmer méi dacks
Nach eng Kéier bal 40 Grad 14.08.2026
Zanter en Donneschden hu mir et mat engem zousätzleche Stouss un hëtzege Loftmassen ze dinn, déi eis direkt aus dem déiwe Süde vum Kontinent erreechen. Dës Zoufuer wäert awer scho geschwënn ënnerbrach ginn.
Belaaschtung op d’Natur wiisst 10.08.2026
Et steet eng Woch mat vill Sonn an ëmmer méi héijen Temperaturen un. D’Hëtzt scho fir d’fënnefte Kéier an dësem Joer am grousse Stil a Richtung Lëtzebuerg transportéiert. Dës Kéier hu potenziell Nidderschléi nach manner gutt Chancen.
D’Dréchent verschäerft sech weider 07.08.2026
Op en Neits wäerten an nächster Zäit d’Konditiounen erfëllt sinn, datt nees hëtzeg Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent op Lëtzebuerg gezu kommen. Och d’Dréchent wäert sech duerch dëst Muster weider verschäerfen.
Gëtt der Hëtzt de Krunn zougedréit? 03.08.2026
Ufanks der neier Woch erreecht eis e weidere Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent. Stand elo kann dësen awer geschwënn ofgeschnidde ginn.
Et kommen nach vill Summerdeeg dobäi 31.07.2026
Déi puer rezent Déifdrockstéierunge bréngen de Summer net vu sengem Wee of. Och an nächster Zäit di sech Situatiounen op, an deenen de Reen op d’mannst probéiert, sech méi oder manner zu Lëtzebuerg ze weisen. Et huet awer och vill mat Chance ze dinn.
Chancen op Ree bleiwe rar 27.07.2026
Nodeems eis de Weekend eng schwaach Kalfront lokal deen een oder anere Liter Ree bruecht huet, geet et elo erëm meeschtens dréchen a virun allem vill méi waarm virun. Déi véiert Hëtztwell vum Joer geet dës Woch un.
Eng nei Hëtztwell steet un 24.07.2026
Et war nëmmen eng Fro vun der Zäit: Déi véiert Hëtztwell vum Joer kënnegt sech un. An den nächsten Deeg, a bis an déi nächst Woch eran, wäert sech en interessante Verlaf vun eisem Wieder weisen. Et gëtt kuerz héichsummerlech, éier eng Kalfront dës Phas ënnerbrécht – mee dat ass net fir laang.
Ëmmer nach op der Sich no Reen 20.07.2026
An Tëschenzäit huet sech eis Grousswiederlag däitlech ëmgestallt: Et gi manner waarm Loftmassen ugezaapt, deels kënnt et och lokaliséiert zu e bësse Reen – dat geet der Natur awer nach laang net duer.
E Loftmassewiessel steet un 17.07.2026
Déi drëtt Hëtztwell vum Joer geet mam Dag vun haut op en Enn. Jiddereen, deen d’Hëtzt net esou richteg aus sengem Haus oder senger Wunneng erauskritt, wäert sech iwwer déi nächst Deeg freeën. Et ass erëm Duerchootmen a virun allem Duerchlëften ugesot!
Et kënnt Beweegung an d’Spill 13.07.2026
Lëtzebuerg braucht dréngend Reen, d’Dréchent ass an Tëschenzäit kaum nach ze iwwersinn. D’Natur ass doduerch och staark ufälleg fir Flächen- a Vegetatiounsbränn. Elo schéngt e bëssen Hoffnung opzekommen.
Hëtztwell verschäerft sech erëm 10.07.2026
Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi bis ewell drëtt Hëtztwell vum Joer. Virun allem markant ass an Tëschenzäit de Reendefizit zu Lëtzebuerg. Gëtt et e bëssen Hoffnung?
Eng nei Hëtztwell geet un 06.07.2026
Dëse Summer weist sech weiderhi vu senger méi intensiver Säit: Am déiwe Südweste vun Europa ass eng nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.
Reendefizit verschäerft sech weider 03.07.2026
D’Summerwieder ass ëmmer nach bei eis, mee d’Nuechte kënne richteg kill ausfalen. Zwar funken an nächster Zäit och mol deelweis e puer Déifdrockstéierungen dotëschent, an awer bleift nennenswäerte Reen éischter rar. De Potenzial vun enger weiderer Hëtztwell bleift bestoen.
Wat kënnt no der historescher Hëtztwell? 29.06.2026
Den “Heat Dome” iwwer eis léist sech op, resp. zitt a Richtung Osteuropa virun. Elo gerode mir ënner en anert Stréimungsbild, duerch dat och den Atlantik erëm e Wuert däerf matschwätzen. D’Fro ass just, fir wéi laang.
Schluss vun der historescher Hëtztwell? 26.06.2026
Zanter e Mëttwoch kënnt et zu enger historescher Hëtztwell zu Lëtzebuerg. Reng op de Juni bezunn ass et déi längst an och déi wäermst zanter Opzeechnungsufank, dat gouf en Donneschde confirméiert.
Schluss vun der Hëtztwell a Siicht? 22.06.2026
D’Hëtzt mécht sech zu Lëtzebuerg breet an et geet eigentlech eréischt un. Eng immens waarm Wiederwoch steet virun eis.
Hëtztwell verlängert sech 19.06.2026
Eis momentan Hëtztwell setzt sech fort, mee fir wéi laang? Nodeems de Juni jo net esou waarm ugaange war, gëtt all dat elo nogeholl ... an et ass schonn erëm ze vill däers Gudden. Wäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen hunn eis am Grëff.
Héichsummerwieder klappt un 15.06.2026
An den nächsten Deeg ginn d’Temperature séier an d’Luucht. D’Konstellatioun vun den Drockgebitter passt geschwënn, fir datt däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent hire Wee op Lëtzebuerg fannen.
Eng waarm Ëmstellung 12.06.2026
Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Schonn elo de Weekend hätt et verschiddene Berechnunge no scho misse waarm ginn, mee dat gouf elo e Stéck no hanne verréckelt.
Méi waarm Zäiten um Horizont? 08.06.2026
Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Zanter dem Ufank vum meteorologesche Summer sinn eis Temperaturen an den net summerleche Beräich erofgerëtscht. Dëst Muster soll awer geschwënn erëm wiesselen.
Eng spannend Mëttelfrist 05.06.2026
No e puer interessanten Deeg blécke mir gespaant an d’Zukunft. Deels kräfteg Donnerwiederen hunn net wäit ewech vu Lëtzebuerg fir Schued gesuergt. No dëse gëtt elo den Temperaturtrend nees méi interessant.
Eng variabel Woch steet un 01.06.2026
Déi rezent Hëtztwell bei eis ass de Weekend op en Enn gaangen. D’Astréime vun de waarme Loftmassen aus de leschten Deeg gëtt ënnerbrach. Fir en Dënschdeg ass esouguer schonn déi nächst Kalfront mat dobäi.
Éischt Hëtztwell geet op en Enn 29.05.2026
No dëser Woch ass fir jiddereen, deen d’Hëtztnet esou verdréit, duerchootmen ugesot. Et gëtt erëm méi agreabel dobaussen, mee d’Hëtzt ass ni wierklech wäit fort.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice