Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: soundcloud.com
Autor
Jill & Yannick
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
24 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
#119 Dee mat der Happy Hippaus 24.12.2023 53:31
Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurtei...
#118 Dee mam ES-Tea (a mam Tania) 17.12.2023 1:03:24
Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.
#117 Dee mam Beréieren un der Monica 03.12.2023 1:23:57
Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralesc...
#116 De mam Flaggalaggadingdong 19.11.2023 1:42:05
Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesc...
#115 Dee mat der Sisi-Schéisserei 05.11.2023 1:18:50
Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an d...
#114 Dee mam Nicool (A MAT DER VILLA VAUBAN) 21.10.2023 1:05:48
Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert...
#113 Dee Mam Exorzismus Am Kinossall 08.10.2023 1:35:35
Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Pl...
#112 Dee mam Atelier sengen 2000er 01.10.2023 58:18
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft....
#111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu 24.09.2023 1:17:27
RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f"), well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat ie...
#110 Dee Mam Milka - Schokoland 10.09.2023 1:20:09
Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee...
#109 Dee mat der Spuerkeesschallenge 27.08.2023 1:13:02
Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd...
#108 Dee mat den Äppel an der Seezeitlodge 14.08.2023 1:06:33
Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A w...
#107 Dee mat de 4 Joer 04.08.2023 1:21:17
Hi Barbie! Haut viru 4 Joer koum déi éischt Folg "Paus." eraus an dofir schwätzt äre favorite Philosophie-Duo an enger Spezialepisod iwwer alles anescht ewéi de Podcast: Backstorys, Tampons an den Zänn, kleng Schnittercher an der Villa Vauban a kee Bock méi op d'Christentum. De Götte, d'Annette Frier an d'Taylor Jenkins-Menkins sinn och mat dobäi. D'Spice Girls si verluer gaangen, genee esou ewéi...
#106 Dee mam Anne-Marie Zemmer 23.07.2023 54:29
Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie...
#105 Dee mat de Lëtzebuerger Avengers 10.07.2023 1:20:26
Surprise, surprise! Paakt den Didgeridoo aus a steiert – wann och en Dag ze spéit – mat ärem léifste fraefeindleche Podcast an eng Episod voller Concertsdrama, Miniatur-Hoerstylisten a provokant Leit mat Gitaren. Niewt Festival-Fantasien, Arctic Monkeys Lyrics an engem däregen Dossier aus dem Supermarché, hunn är Buh-Leit och nach d'Star-Performance vum nächsten ESC parat. An de Kategorien "random...
#104 Dee mam Medusa 25.06.2023 1:28:19
De Lord Voldemort, den Dieter from East Berlin an e Yorkshire Terrier setzen an der Stuff... Pünktlëch zum Pride Month geet äre Pick-Me-Girls hieren Dram an Erfëllung: si ginn opgedragt. Keen aneren ewéi d'Medusa Venom herself suergt fir d'Renaissance vu Paus.! Et gëtt net nëmmen gepäscht, gemoolt a gepuddert, mee o nach iwwer Furunkel, Spotify Verwirrungen a Pride-Preparatiounen geschwat. Natierl...
#103 Dee mat der City Concorde 13.06.2023 1:01:03
Sehen und gesehen werden oder awer Rapp a Klapp? An der Concorde gëtt et näischt, wat et net gëtt! D'Jill ass leider verhënnert, mee et ass fir kompetenten Ersatz gesuergt, deen zwar keng Anung huet, mee dofir awer de Yannick komplett an d'Verzweiwlung dreift: Live aus dem Lëtzebuerger Lifestyle-Center beobacht äre neie Power-Duo gutt coifféiert Leit, Dammen en parme, Yoga-Mammen a Best-Ager. Si h...
#102 Dee mam Kand… a mam Dribble d'Or… a mam Pride Month 01.06.2023 2:33:22
Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eur...
#101 Dee mam satanistesche Ritual an der Zoufftger Strooss (a mam Toni-Winner) 14.05.2023 1:33:25
Op der haiteger Table Ronde sëtzen ënner anerem den Disney-Loïc, d'Frëndin Lizzy an e bauchdanzende Bräutigam an esouwuel déi schlëmmst ewéi och déi bescht Buschauffeuren. Är lieblings Texas Girls sinn mat engem bloen Aen dovukomm (zumindest zu 50%) a beschäftegen sech dës Kéier iwwerraschend vill mat Diskriminéierung am Sport. Et gëtt och e Paradigmenwechsel am Beräich vun der Aarbechtsmoral (net...
#100 Dee Mat Der Nonna Cristina 30.04.2023 1:18:25
Et ass déi 100. Episod… an déi muss gefeiert ginn: Bei der Schëfflenger Pizzeria-Legend "Chez Toni" gëtt et "Pizza, Pasta und Amore" fir äre Lieblingspodcast. Firwat flitt d'Jill bal aus dem Restaurant? Ass de Yannick deemnächst d'nei Damm vum Haus? A wéi oft kann ee "scusi" an enger Folg soen? Schmiert iech eng Bruschätta, huelt d'Paschtaschutta oder d'Gnotschi eraus a maacht iech en Expresso – w...
#99 Dee mam Stalking um Lampertsbierg 16.04.2023 1:18:14
Et ass eriwwer mat der Vakanz! Paakt de Selbstbräuner aus a maacht iech prett fir besonnesch vill Shoutouts, Froen an d'donkel Säit vun TikTok. Weieng Stars just Aen fir eis haten, wat mir maachen, wann de Pedro Pascal bei der Uebstthéik am Cactus waart an weie Rapper eis perséinlech enttäuscht huet – all dat gëtt et just haut bei äre léifsten Egozentriker*innen. D' Quoten-Gays stinn op der Wallës...
#98 Dee mam EchEchEch 02.04.2023 1:27:36
"Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht l...
#97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit 19.03.2023 1:15:05
It's award season! Mir sinn Oscar... an um highway to the judgement zone: Haut ginn et schounungslos Analysen vu Bezéihungsmuster um Influencerinne-Beispill, e wëssenschaftlechen Kardashian-Bieber-Exkurs an e groundbreaking Hochzäitsknigge. Maacht iech prett fir eng besonnesch rau Episod (zumindest stëmmlech) mat enger Buergermëeschtësch, déi vläicht geschwënn enttrount gëtt a kriminellem Tubakhan...
#96 Dee mam Masseur 05.03.2023 58:59
Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. O...
#95 Dee mam Uelzechtkanal 19.02.2023 46:17
Have your heard(ed)? De beschte Fernsehsender aus dem Land war op Besuch an huet ärem Lieblingspodcast iwwer d'Schëller gekuckt! D'Venus an d'Serena vum Uelzechtkanal suergen fir Entertainment an Intellekt, d'Tagesschau-Prinzessin an de neie Besëtzer vun Dubai schwätzen iwwer Lëtzebuerger Leitkultur. Sécher keng Dëppefest Vibes, mee dofir sinn awer affrontéiert Banken, Nippelgate an d'Podcast-Pens...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice