Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: soundcloud.com
Autor
Jill & Yannick
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
24 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
#169 Dee mam "Not Claire in Luxembourg" 29.11.2025 1:36:34
Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."! The future grand duchess talked to Gillian and the man with many fans about Luxembourg lore, possible lawsuits, famous followers and bisexual icons. In this multilingual episode your new favourite throuple...
#168 Dee mat der musikalescher Offenbarung 15.11.2025 1:27:42
Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain! D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts: Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op. D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite...
#167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen 02.11.2025 1:20:07
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles, "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëst...
#166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie 18.10.2025 1:27:05
Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert. Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "M...
#165 Dee mat der Welttour zu Wickreng 05.10.2025 1:19:54
Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs. Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche. D'Crème de la crème (an d'Jill) huet sech versammelt, fir tëscht milkafaarwege Kleeder an iwwerwältegendem Botter déi längste Fëmmpaus e...
#164 Dee mam illegale Backstagebesuch (sorry Nosi) 21.09.2025 1:26:56
Endlech geet et nees em eis! D'Summer-Paus. ass eriwwer a si sinn erëm do: de Starmaker an d'kompresséiert Sardinnebéchs. Et gouf vill Schmu gedriwwen, Feedback ginn, Zäit an der Horizontaler verbruecht a bal beim Parkautomat gekusst. Postoperativ Investigatiounen an urgent Insolatiounen waren och um Start – an iwwer all dëst (a nach vill méi) gitt dir elo geupdated! Mir waren Oben ohne um "e-Lake...
#163 Dee mam Bob 13.09.2025 1:09:18
Let's go!! Déi läscht Summer-Paus. kënnt eng Woch éischter ewéi gewinnt a liwwert en Zesummentreffen, dat Olympia an de Schiet stellt. D'Jïel an de Yåkz hunn e grouss gemaach an haut huet de lëtzebuergësche Kelce-Brudder sech ausgebadged, fir iwwer Käerzen, d'"Moutarderie de Luxembourg", RTL-Kommentarer an Dönerpizza ze diskutéieren: de Bob Bertemes – jéngste Pensionnaire vu Lëtzebuerg, Gay Commu...
#162 Dee mam Pit 06.09.2025 1:07:49
Fir déi zweetlescht "Summer-Paus." deelt äre Liblings-Schlagerduo sech Kopfhörer a potert mam Paus.-Haus und Hof-Fotograf Pit zu Porto. Huet eis Drag-Schwëster Iddie fir en zukünftegt Cover? Gëtt et deemnächst eng Podcast-Episod aus dem "Berghain"? A ween hat eigentlech de Rock-a-field am Gaart? All dat soll haut geklärt ginn. De jéngste Gaascht vun allen Zäiten (und von allen, die noch kommen wer...
#161 Dee mam Fabienne 23.08.2025 1:20:26
Nothing beats a ... Concert am Atelier! Dofir ass haut d'Mamm vun de Staren, der Stad Diddeleng a "Catch a smile" an eiser Summer-Paus. Et geet ënner anerem ëm iconic Rockshows, 48 Stonne mam Robbie Williams an e legendären Owend mam Lemmy. Mat dobäi sinn och schwiereg Kënschtler*innen, den James, d'Stierwen vun ale berüümte Männer an e fliegender Teppich. A wéi enge Länner gëtt et blot Waasser...
#160 Dee mam Kitty 10.08.2025 1:06:27
D'Summer-Paus. geet weider a mat dobäi ass haut keen aneren ewéi d'edgy "Kindle"-Queen a Member vun "The Cocktails": d'Kyra a.k.a. Kitty (oder och Kythi). Paakt är Mini-"Dianas" aus a kommt mat eis an d'Kölner Clubszeen aus den 2010er, mam Streckeisen an d'Frittebud an op de Gehaansbierg. Mat dobäi sinn e Festival-Recap (vu "Frauenfeld" bis "Werchter"), nei Rockstars (Midlife-Crisis incoming!),...
#159 Dee mam Lizzy 26.07.2025 1:04:16
An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och just eng "Intervention". Mir schwätzen ënner anerem iwwer Halloween an der Villa, "Disney"-adults an Hero...
# 158 Dee mat der Homoerotik am Ouer 12.07.2025 1:02:02
Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags. Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival. Mir gi mat den Aliens an den Europapark an diskutéieren iwwer Marketing, "American Apparel" an e persesche Rapper....
#157 Dee mam F***ennnationalfeierdag 29.06.2025 1:09:21
Herzlichen Glückwunsch zu mir! Et geet um Surfbriet a Richtung Kneppenhepperdampferfest - well et ass Zäit fir eng nei Episod vun ärem Liblingspodcast! Tëscht Dokteschrechnungen an italieenesche Bopen am Weltall gëtt sech iwwer "Picon Béier"-Männer opgereegt, Thomas Mann-Joer gefeiert an "GNTM" analyséiert. Impfunge mat Mulch, d'franséisch Schiller a Goethe an d'Ikkimel (feat. Jang Linster) sinn...
#156 Dee mam Üben 15.06.2025 1:07:38
Den "Houfrëgmount" ass amgaang an är problematic faves sinn am Asaz – mat Aarullen a GANZ ville Ligen! Kenne mir de Bachelor an d'Hanni? Lafe mir den "ING"-Marathon beim Opernsangen? Muss ee vun eis no enger Hochzäit auswanderen? Live aus dem Hondskuerf ginn et (opgewiermten) Köln-Gossip, schéint Aanrullen an eng Diskussioun iwwer Iwwerkompensatioun. Fouteuses de merde, Schlager (halb Fisch, halb...
#155 Dee mam Flippo 01.06.2025 1:29:45
Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt Maskottchen-Drama an Drammänner aus dem Backstage, Punk-Sirenen op TikTok a Beauty Blenders beim ESC. En plus sti...
#154 Dee mat de Labubus 18.05.2025 1:24:06
D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg. Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit. Ausserdeem gi prominent Doudesfäll, brennend Plantagen an en Tennisaarm beschwat. Nieft enger (Prä-)Analys vum ESC ginn et och nach N...
#153 Dee mam Klaus Kinski am Palladium 04.05.2025 1:32:27
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus. Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der...
#152 Dee mam Koks am Waasser 20.04.2025 1:20:59
Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits....
#151 Dee mat der Speckmaus 05.04.2025 1:27:51
D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker". An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an d'Bettina, d'Mme vu Singapur an d'Sylvie Vartan mat dobäi. Niewt Spotify-Geräischer, engem drëtte Member-Reveal...
#150 Dee mam eenzegen Influencer vun der Welt 22.03.2025 1:17:41
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour. Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mau...
#149 Dee mam Fraendag (en Dag ze spéit) 08.03.2025 58:21
Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e grousse Béier a kleng Gesten. Nieft Momfluencer, déi de Verstand verluer hunn, Schlager aus de 70er a s...
#148 Dee mat der Geisel bei de Metal-Fans 22.02.2025 1:11:00
Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit...
#147 Dee mam Boomer-Humor zu Réimech 09.02.2025 1:03:58
Silencio! Äre Liblingspodcast ass nees do an huet alles dobäi, wat iech gutt duerch de Februar bréngt: SNL-Comedians an Haaptrollen, onzourechnungsfäeg Leit am Stroosseverkéier a Witzegrenzen zu Lëtzebuerg. Mir sichen e joedennewaldesken Typ mat enger Jeep, liwwere Cottage Core an en Touch Männerhaass. Beschwat ginn esou wuel e Film-Epos, deen engem op der Broscht läit, ewéi och eng perfekt Serie...
#146 Dee mat Nieten, Nutten, Nagetiere 11.01.2025 1:03:24
Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam Trump huet, an e Booktok-Fan, dee mat senger Kaffismaschinn reest, këmmeren sech haut och em Themen ewéi...
#145 Dee mam Merdy Christmas 29.12.2024 1:17:46
Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen? No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer e...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice