radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
12 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Filmkriticken: "Coward" + "Karma" 23.10.2026
De belsche Realisateur Lukas Dhont setzt a sengem Drama "Coward" d'Léift tëschent zwee Zaldote virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich an Zeen. Eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten, ass de Sujet vum Guillaume Canet sengem Thriller "Karma". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.
De Prix Marcel Duchamp 2026 fir Brognon-Rollin vu Lëtzebuerg 23.10.2026
Gëschter owend ass am Musée d’Art Moderne zu Paräis de Kënschtlerduo Brognon-Rollin, vu Lëtzebuerg, mam Prix Marcel Duchamp ausgezeechent ginn. Dat hutt dir eventuell scho bei eis an den Neiegkeeten héieren. Mee woufir steet eigentlech de Präis an eben och den Duo Brognon-Rollin? Dat erkläert iech elo d’Kerstin Thalau.
South Park 22.10.2026
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen 22.10.2026
Virun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat s...
CinEast-Festival Kompetitioun (4) 22.10.2026
Zwou Schwësteren zerstreiden sech ëm d'Ierfschaft an der kroatescher Drama-Komedie "Honey Bunny". An der georgescher Tragi-Komedie "Guria", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, geet et ëm déi chaotesch Sich vun engem Witmann no eng neier Fra. Kriticke vum Michel Delage a Valerija Berdi.
Franziska Gänsler - ORCA 22.10.2026
Wéi wäit geet een fir engem anere Mënsch ze gefalen a fir en net ze verléieren? E Coming-of-age Roman iwwer toxesch Frëndschaft an onbegrenzt Bereetschaft zu Gewalt ass der Franziska Gänsler hire Roman „Orca“, deen am Verlag Kein & Aber erauskomm an och op der Shortlëscht fir den däitsche Buchpräis stoung. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
CinEast-Festival Kompetitioun (3) 21.10.2026
D'Zwangssteriliséierunge vu Roma-Fraen an der deemooleger Tschechoslowakei ass de Sujet vun "Only beautiful things to look at". Aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen erzielt "Dua" déi politesch Kris Enn den 90er Joren an der fréierer südserbescher Provënz Kosovo.
Prix Goncourt: "Le fabuleux piano" vun der Sonia Devillers 21.10.2026
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht. “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an haut ass hie beim Marc Clement am Studio, fir Le fabuleux piano vun der Sonia Devillers ze beschwätzen.
Festival du Film Italien zu Villerupt - Mon père, le héros...? 21.10.2026
Iwwermuer Freideg, den 23. Oktober fänkt an eiser franséischer Nopeschstad Villerupt den 49. Festival du Film Italien un. A Kinossäll zu Villerupt, mee och zu Diddeleng an Esch gëtt d’Crème de la Crème vum neien - a vum alen - italienesche film gewisen, gefeiert, an natierlech a Competitioun gesat – well Festivalauszeechnungen décidéieren och, wéi eng Filmer um Enn distribuéiert ginn. Ee vun deene...
“Shapes”: Dialog tëscht Konscht a Wëssenschaft 20.10.2026
Dräiecker, Quadrater, Linnen...fënnt een iwwerall, sief et an der Natur, de Wëssenschaften oder der Konscht. Mee wat soen all di Formen iwwert d’Liewen, di Welt ronderëm eis aus? “Shapes – Beyond Geometry” ass eng nei Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an däer Wëssenschaft a Konscht matenee dialogéieren, fir de Visiteuren di subtil Logiken an Transformatiounsprozesser hannert de Forme méi gräifba...
CinEast-Festival Kompetitioun (2) 20.10.2026
Onsécherheeten an der Koppel, dat ass de Sujet, deen déi zwee Filmer vun haut verbënnt. De Michel Delage schwätzt iwwer den tschechesche Film "Everything as it should be" an de rumänesche Bäitrag "A Safe Place".
Nei am Kino 20.10.2026
De Michel Delage mat den neie Filmer déi dës Woch ulafené
Open Air Belval 19.10.2026
D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e wei...
CinEast-Festival Kompetitioun (1) 19.10.2026
Am Sozialdrama "Shame and money" kritt eng Koppel vu Baueren an der kosovarescher Haaptstad Pristina déi sozial Klassenënnerscheeder voll ze spieren. De polneschen Drama "Tell me what you feel" kombinéiert eng "boy meets girl"-Geschicht mat engem sozial-therapeuteschen Usaz. Zwou Film-Kriticke vum Michel Delage.
Sally Rooney 19.10.2026
D‘Sally Rooney ass eng gefeiert jonke Schrëftstellerinnen aus Irland déi weltwäit méi wéi 6 Milliounen Bicher verkaaf huet. Zu hire Lieser zielen ënnert anerem de Barack Obama an d‘Taylor Swift. Mee elo ginn hir Bicher a Groussbritannien net méi verkaaf. Firwat, dat erkläert d‘Claire Barthelemy.
Postkaarte vum Guy : Istanbul (1) 19.10.2026
De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëcht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen. Viru véier Joer war hie schonn eng Kéier e puer Méint do. Huet sech eppes verännert? Wéi steet et mat der Fräiheet? A kann een nuets iwwerhaapt nach a Rou säi Béier drénken?
Porte Ouvertes bei den AAPL-Kënschtler:innen-Atelieren um Verluerekascht 16.10.2026
Dëse Weekend invitéiert d’AAPL op hir -ewell- traditionell Portes Ouvertes. AA...? D’Associatioun vun den Artistes Plasticiens vu Lëtzebuerg, déi eng éischte Kéier 2008 vum Kënschtler Menn Adam gegrënnt gi war. Ma esou richteg aktiv ass d’Gewerkschaft eréischt zanter 2013, dëst duerch d’Initiativ vun de Kënschtler:inne Trixi Weis, Catherine Lorent a Bruno Baltzer. Viru gutt 5 Joer huet d’AAPL um V...
Filmkritik: "Les Misérables" 16.10.2026
D'Geschicht vum Jean Valjean, deen sech no selwer erlieftener Ongerechtegkeet fir Gerechtegkeet asetzt. De Fransous Fred Cavayé liwwert eng weider Verfilmung vum Victor Hugo sengem populäre Meeschterwierk. Eng Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "Franz" 16.10.2026
Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen. Eng Kritik vum Michel Delage.
True Detective 15.10.2026
Am déiwe Süde vun den USA probéieren déi zwee Detektive Rust Cohle a Marty Hart de Mord un der 28-järeger Dora Lange opzeklären. De Gilles Schreurs léisst déi éischt Staffel vun "True Detective" Revue passéieren.
Les enfants du soleil - Gespréich mam Myriam Muller 15.10.2026
Geschriwwe wärend pre-revolutionnären Onrouen a Russland am Joer 1905, beliicht dem Gorky säin Text déi sozial Konflikter tëscht der Elite an dem "Rescht".vun der Gesellschaft, an touchéiert eng Ronn Punkten, déi sëch och haut wonn ufillen. Universell genuch, fir d'Stéck an eis Zait ernazehuelen, an äus de Parallelen eppes ze zéien, villaicht esouguer Hoffnung? Des an aner Froe beäntf...
Filmkritik: Äppel a Biren vum Lukas Grevis 15.10.2026
Eng jonk Fra mécht sech no der Première aleng op eng Rees a Griicheland, de Rucksak voll gepak mat Suergen an Zweiwel. A sengem zweete Long-métrage thematiséiert de Lëtzebuerger Lukas Grevis den Deuil, déi ambivalent Geschwëster-Relatiounen an d'Orientéierungslosegkeet vu Jonke vun haut. Eng Kritik vum Michel Delage.
Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann 14.10.2026
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Berg...
Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren" 14.10.2026
Kuerz no den “Journées de l’Architecture” stinn tëscht dem 16. an 18. Oktober eis national ”Journées du Patrimoine” an d’Haus. Si sollen d’Ëffentlechkeet dësen Hierscht fir de Sujet “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer” sensibiliséieren. De komplette Programm fannt dir op journeesdupatrimoine.lu . D’Kerstin Thalau stellt iech elo e Projet vir, bei deem en architektonesche Patrimoine...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice