Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
Gamer Things
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.eldo.lu
Autor
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
18 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Episod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EI 25.11.2021 1:17:57
D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!
Episod 9: Guardians of the Galaxy, Far Cry 6 an Woodkid 03.11.2021 1:08:02
Mir hunn fir iech an dëser Episod en Interview mam Woodkid an dobäi hunn mir mol Guardians of the Galaxy a Far Cry 6 ënnert d'Lupp geholl. Dobäi huet de Marc nach missen seng Roserei iwwert Kena erausloossen.
Episod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun Review 20.10.2021 1:00:23
Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien! Vill Spaass!
Episod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an Hierschtgefiller 06.10.2021 1:14:42
Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.
Episod 6: Playstation Showcase, den neie Shooter Splitgate an Deatloop 22.09.2021 1:24:08
Mir hunn erëm eng vollgepaakte Sendung fir iech. Net nëmmen dass mir déi zwee Spiller Deathloop a Splitgate an der Review hunn. Nee mir hunn och nach de gesamte Playstation Showcase ze beschwätzen. An do war esou munches ze gesinn. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!
Episod 5: GAMESCOM 2021 a wat dëst Joer nach op eis zoukënnt! 05.09.2021 1:04:54
No der Summerpaus maache mir eng klenge Réckbléck op d'Gamescom Presentatioun 2021 a Call Of Duty Vanguard! Natierlech kenne mer net all Eenzel Spiller déi op der Gamescom uschwätzen, also wann mer eent vergiess hunn wat iech besonnesch interesséiert huet an ob dir eiser Meenung sinn oder net, kennt der eis roueg als Kommentar wësse loossen! Mir si frou erëm zeréck ze sinn a freeën eis op en neit...
Episod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECK 25.07.2021 1:33:57
An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen! Vill Spaass!
Episod 3: Special Guest T the Boss! 10.07.2021 1:12:47
Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.
Episod 2: Iwwert Tops an iwwert Flops! 27.06.2021 1:25:04
D’Jonge vu Gamer Things analyséieren d’Präsentatioune vun der E3, déi dëst Joer erëm just online stattfonnt huet. Op wat si sech besonnesch freeën a wou se hier Ae gerullt hunn soen si iech an dëser Episod. Wéi eng Trailer hunn iech op den « Hype-Train » bruecht?
Episod 1: BATTLEFIELD ass zeréck an d'SUMMER GAMES FEST huet ugefaangen 13.06.2021 1:26:58
Endlech ass et souwäit, de Reveal Trailer fir den neie Battlefield 2042 gouf released, an eis 3 Fanboys sinn total gehyped. Ausserdeem huet des Woch d'Summer Games Fest ugefaangen, an dat mat enger Show vu knapp 2 Stonnen. Mir beschwätzen eis perséinlech Highlights vun all de Spiller déi annoncéiert goufen.
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice