radio 100,7
Fräie Mikro
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
19 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
GTA VI Release um Weltphilosophiedag: Si mir Meeschter vun eise Wënsch? 19.11.2026
Déi eng Hallschent vun der Welt schéngt am Grëff vum GTA VI-Féiwer ze sinn. Millioune Gamer hunn op de Start vum Verkaf vun dësem Spill d'lescht Nuecht gewaart. An dann ass do déi aner Säit: Mir maachen eis Suergen ëm déi mental Gesondheet vun deene Jonken – a maachen awer alles, fir hinnen e Produit ze verkafen, dee guer net fir Kanner geduecht ass. Wat e Videospill mam Weltphilosophiedag ze...
Verschäerft Immigratiounsreegelen: Méi Hürde fir Migranten a Flüchtlingen 17.11.2026
D'Biergerrechtlerin Laura Zuccoli fuerdert am Fräie Mikro eng human an eenheetlech europäesch Immigratiounspolitik.
Walalter: Jidderee weess et besser 12.11.2026
Nom "Nee" beim Referendum am Joer 2015 war d’Fro vum Mindest-Walalter zu Lëtzebuerg laang Zäit an den Hannergrond geréckelt. Viru kuerzem ass d’Diskussioun erëm opgetaucht, woubäi politesch Hannergedanken op d'mannst eng esou grouss Roll spillen, wéi d’Meenung vun der betraffener Jugend, mengt de Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.
Eng Zeitung gouf dout gemaach 10.11.2026
D’kremlkritesch Zeitung Nowaja Gaseta huet gëschter hir lëscht Editioun publizéiert. Laut dem Chefredakter haten d'russesch Autoritéiten d'Rédaktiounsteam dozou gezwongen opzehalen. Am Internet huet hien geschriwwen: "Mir sinn an eisem eegene Land zu Flüchtlingen ginn; genee wéi all déi, déi de Mutz hunn, ze denken an ze soen, wat hiert Gewëssen virschreift." D’Simone Beck, Presi...
Existenziell Froen eescht huelen 29.10.2026
Wann ee krank ass, geet ee bei den Dokter. Wann den Auto futti ass, bréngt een en an d'Garage. Mee wie këmmert sech ëm eis als Mënsch? De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, stellt sech d'Fro, wien eis bei existenziell Froen hëlleft, wa mir weder eng Diagnos, nach e Paschtouer brauchen.
Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen: "Wat eng Chance!" 27.10.2026
"Déi Jonk hautdesdaags si faul an hänken nëmmen um Handy". Esou ee Saz héiert een dacks vun Erwuessener, wann ee jonk Leit an engem Grupp do sëtze gesäit, mam Kapp no ënnen op den Ecran. Mee wéi esou dacks ass d'Realitéit vill méi nuancéiert, seet am Fräie Mikro d’Judith Reicherzer. Well: Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen a fuerdere vun eis gehéiert ze ginn, see...
Fräie Mikro: 72 Stonnen am Krisefall – mee wéi verhënnere mir en? 22.10.2026
De Kriseguide vun der Regierung soll eis op den Eeschtfall virbereeden. Mee wat seet en iwwer d'Zäit, an där mir liewen? Am fräie Mikro stellt de Philosophie-Professer Jean-Luc Thill d'Fro, ob mir eis net grad esou vill Gedanke maache sollten, wéi mir de Fridde bewahre kënnen.
Matbestëmme fir jiddereen 20.10.2026
Alt erëm huet d'OECD-Ëmfro 2026 iwwert d'Vertrauen an di ëffentlech Institutiounen ënnerstrach, dass den Ausschloss vu bal der Hallschent vun alle Residenten aus dem demokrateschen a legislative Prozess eng reell Gefor fir d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg duerstellt. E Fräie Mikro vum Laura Zuccoli.
Beschützt den Internationale Strofgeriichtshaff 15.10.2026
Gegrënnt fir schlëmmste Verbriechen net ongestroft ze loossen, ass den internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag duerch rezent Sanktiounen vun den USA a senger Existenz bedreet. Et brauch eng ferm Reaktioun fir dëser Attack op dat internationaalt Recht ze begéinen. E Fräie Mikro vum Frank Wies.
Eng Fuerschungsuniversitéit ouni Doktoranden? 13.10.2026
An der Summervakanz ass e Gesetz a Kraaft getrueden, deem seng Konsequenzen elo eréischt op der Uni Lëtzebuerg bekannt goufen. De Michel Pauly, fréiere Geschichtsprofesser op där Uni, mécht sech zum Sproochrouer vu senge Kolleegen, déi d’Welt net méi verstinn.
Feministesch Bildung fir all Mënsch 08.10.2026
Virun enger Woch huet d'ASBL Ask for Angela an der Stad eng Marche organiséiert fir gewaltfräi Stroossen a fir en ëffentleche Raum an dem och Fraen sech sécher fille kënnen. Op social media konnt een duerno eng sëlleg Commentairen zur Aktioun liesen. Nieft Solidaritéit a Versteesdemech gouf och ëmmer erëm ënnerstrach, dass d'Ursaach fir dës Onsécherheet am ëffentleche Raum eigentlech klo...
Drëtte Joresdag vun der Hamas-Attack op Israel 06.10.2026
Muer ass den terroristeschen Ugrëff vun der Hamas op Israel dräi Joer hier. Ronn 1.200 Leit goufen an Israel ëmbruecht, iwwer 250 anerer goufen als Geisele geholl a an d'Gazasträif entféiert. Dësen Ugrëff huet de Gaza-Krich ausgeléist. Och wann zënter Oktober zejoert e Waffestëllstand gëllt, ginn et nach ëmmer déidlech Attacken. An d‘Situatiounen an der Gazasträif an am Westjordanland ass dra...
Preventioun oder Bervormundung 01.10.2026
Fir an der Preventioun virunzekommen, sief an der Gesondheets- oder Sécherheetspolitik, muss de Staat Decisiounen huelen, déi op den éischte Bléck net ëmmer ganz populär sinn. All Changement ass am Ufank mol suspekt an ëmstridden. Kuckt een awer mam Recul, wéi gréisser Moossnamen an der Gesellschaft herno ganz natierlech ugeholl ginn, mierkt een, datt déi vill Opreegung net néideg gewiescht wier....
Wann déi moralesch Ekonomie verletzt gëtt 29.09.2026
Anscheinend solle mer nees méi liesen. Den Denis Scuto recommandéiert de Regierungsmemberen a sengem Fräie Mikro d'Lektür vun de Schrëften vum Historiker Edward Thompson zur moralescher Ekonomie fir sozial Bewegungen a Wielerverhalen an a ronderëm Lëtzebuerg besser ze verstoen.
Wéi vill Fräiheet verdréit den Himmel? 24.09.2026
Mir kënnen de Loftraum iwwerwaachen, Dronen detektéieren, nei Systemer installéieren an nach méi streng Reegele maachen. Mee absolut Sécherheet wäert et net ginn. Well um Enn vun all techneschem System steet nach ëmmer e Mënsch, deen decidéiert, wat e mécht – oder léisst. An all nei Méiglechkeet bréngt och nei Verantwortung mat sech – dozou e fräie Mikro vum Jean-Luc Thill
Wéi eng Gerechtegkeet fir d’Affer vun Verbriechen géint d’Mënschlechkeet? 22.09.2026
D’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International huet e Rapport publizéiert iwert déi bluddeg Repressiounen am Iran 2022 bei de Manifestatiounen nom Doud vum Zhina Mahsa Amini. Hei gin nët nëmmen d’Affer gewürdegt, mee och Täter a politesch Responsabel mam Numm genannt. Dat werft d’Fro op, wou hinnen kéint de Prozess gemach gin.
PISA als Spigelbild vun der Gesellschaft 17.09.2026
Pünktlech zu der neier Schoulrentrée huet d’PISA-Studie ërem däitlech Schwächen an eisem Léiersystem opgedeckt. Dass dat keng Lëtzebuerger Spezialitéit ass, mä och eis Nopeschlänner trëfft, dierft nëmmen e schwaachen Trouscht sinn. De Problem geet awer iwer d’Schoul eraus.
Rentrée: Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem 15.09.2026
Haut fänkt dat neit Schouljoer un. Fir vill Kanner an Elteren eng Erausfuerderung. Bildungsberichter ënnersträichen ëmmer erëm, datt Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg ganz fréi virausbestëmmt sinn an dat haaptsächlech aus Grënn, déi am familiären, sozialen a sproochlechen Ëmfeld vun de Kanner ze siche sinn. Wat leeft schif? A firwat geléngt et eis net, fir de Schoulsystem méi gerecht ze maachen? Dat...
Social-Media-Verbuet fir Jonker: Gutt gemengt, mee keng wierklech Léisung 14.07.2026
Am Fräie Mikro kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, aus humanistescher Siicht op de wuessenden Drock Jonker ënner 16 Joer aus de Soziale Medien auszespären. Hien luet an dës Iddi kritesch ze préifen, unhand vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser a vun de Kannerrechter, a freet sech, ob de Schutz vun de Jonke wierklech heesche muss, datt een d’Dieren zoumécht.
75 Joer Genfer Flüchtlingskonventioun 09.07.2026
Déi international Communautéit feiert deemnächst mat enger Rei Evenementer de 75. Anniversaire vun der Genfer Flüchtlingskonventioun vun 1951, ënner anerem um Stéchdatum vum 28. Juli zu Genf am Palais des Nations. Gläichzäiteg bedrot d'EU mat hirem neien Asyl- a Migratiounspakt zentral Protektiounsmechanisme vun där Konventioun. E Grond fir den Historiker Denis Scuto un dëse Meilesteen am Ber...
Ferm Kritik u Klimapolitik 07.07.2026
A Frankräich huet déi nächst Canicule ugefaangen an och zu Lëtzebuerg soll et och den nächsten Deeg nees gutt waarm ginn. D’Politik diskutéiert wéi een am beschten op d’Hëtzt reagéiere soll a schafft u Plan-canicullen. De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum stellt am Fräie Mikro fest, datt d’Politik d’Urgence vu Moossname géint d’Klima- a Biodiversitéiskris nach net...
Welcome in Europe! 02.07.2026
Send them back! Mat deem Gejäiz huet de rietse Block am Europaparlament de Vott iwwer de Reglement Retour gefeiert. Vill ONGe verurteelen dëst Reglement als dat geféierlechst Anti-Migratiounsinstrument an der rezenter Geschicht vun der Europäescher Unioun. Dohannert stécht eng Logik vu Friemefeindlechkeet, Sécherheetswan, iwwerdriwwenen Zwangsmoossnamen a Mëssuechtung vun de Grond- a Mënscherechte...
Rekordtemperaturen zu Lëtzebuerg 30.06.2026
Déi lescht Deeg hu ganz Europa ënner enger aussergewéinlecher Hëtztwell gelidden. Rekordtemperature goufen och zu Lëtzebuerg gemooss. Wat bedeiten dës Rekorder? Sinn et Ausnamen, en Zeeche vum Klimawandel oder en Deel vun natierleche Klimazyklen? A wat bedeit dat ganz konkreet fir eis Schoulen? Dozou e Fräie Mikro vum Philosoph Jean-Luc Thill.
Beschleunegen - awer wouhi soll d'Rees goen? 18.06.2026
Lescht Woch war Lëtzebuerg den Zentrum vum europäeschen Tech-Universum: Den Nexus-Sommet huet d'Luxexpo gefëllt - mat anscheinend méi wéi zéngdausend Visiteuren aus iwwer fofzeg Länner - alles ënner dem Banner “Accelerating AI and Tech for a Better Tomorrow". Am Fräie Mikro freet de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, wouhin dës Beschleunegung eis eigentlech féiere soll.
Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz 16.06.2026
Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem Fräie Mikro hei geheie mir schonn e Bléck no vir op d’Rentrée. Vun Hierscht u mussen d'Schüler:innen zu Lëtzebuerg nämlech méi laang an d’Schoul goen. D'Schoulflicht gëtt vu 16 op 18 Joer erhéicht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncéiert...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice