woxx

Am Bistro mat der woxx

News LB ↓ Episoade: 112

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.radioara.org

Autor

woxx

Categorie

News

Site-ul podcastului

www.radioara.org

Cel mai nou episod

20 nov. 2026

Unde asculți?

Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curând

Podcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor

Descarcă din Google Play Instalează gratuit Android 10 mil.+ descărcări · nota 4,7+ iOS în curând

Episoade

Wéi Lëtzebuerg mat sougenannter kënschtlecher Intelligenz d’Klima rette wëll 20.11.2026

Dës Woch war d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei. D‘Nuechten zu Antalaya si laang, wéi een och dorunner gesäit, datt den Espresso–Stand esou laang opbléift, wéi d‘Verhandlunge lafen. Am Podcast schwätze mir kuerz iwwert d‘Stëmmung op der COP, mä virun allem iwwert d‘Roll vu Lëtzebuerg. Den Ëm...

Exklusiv woxx-Recherche zur russescher Kueleminn mat Lien op Lëtzebuerg 30.10.2026

Als lëtzebuergesch Journalistin zu enger russescher Kueleminn recherchéieren, dat ass net esou alldeeglech. D‘Minn vun Arshanovsky, eng vun deene gréisste Kueleminnen a Russland an als „carbon bomb” klassifizéiert, huet ee Lien mat Lëtzebuerg. Zanter 2022 gëtt et westlech Sanktioune géint Russland, déi och d‘Kuel betreffen. D‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui huet do...

Wisou d’KI net wäert d’Weltherrschaft iwwerhuelen 23.10.2026

An deene leschte Wochen a Méint gouf et vill Schlagzeilen an Diskussioune ronderëm „rogue AI“, déi angeblech deemnächst schonn sech zu enger „Superintelligenz“ entwéckelen an d’Weltherrschaft iwwerhuele kéint. Tatsächlech huet sech Software, déi op engem grousse Sproochemodell baséiert, de Computernetzwierk vun enger aner Firma infiltréiert. Dëse Virfall ass grouss mediatiséiert ginn an huet...

Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg? 16.10.2026

Dëst Joer ass déi fënneft Editioun vun de Woche vun der mentaler Gesondheet. Do sti vill Themen un, engt vun deene wichtegst ass d’Prekaritéit. Et gëtt nämlech ee staarke Lien tëscht Aarmut, Prekaritéit a mentaler Gesondheet. D’Psycholog*innen Hédi Ben Malek an Amélie Zeimet, déi fir d’Unitéit Psy vun Hëllef um Terrain schaffen, sinn Expert*innen op dësem Gebitt. D’woxx-Jou...

Den Tabu ëm d’Menopause briechen 02.10.2026

D’Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d’medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch Informatiounen. Mä et ginn ONGen, déi versichen, den Tabu ze briechen, esou zum Beispill „Lëtz Menopause“. D’woxx-Journal...

Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden? 25.09.2026

34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe g...

Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? 18.09.2026

Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumve...

Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass 11.09.2026

Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rent...

Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet 04.09.2026

Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn...

Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  28.08.2026

Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir m...

Um Tour mam Dynamobile 31.07.2026

Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou...

D’Enn vu Filmland 24.07.2026

An enger Woch maachen d‘Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D‘Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen an erzielt am Podcast dem María Elorza Saralegui, wéi grouss de Verloscht fir d‘Lëtzebuerger Filmindustrie ass, wisou Filmla...

Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha 17.07.2026

Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D’Resultater vun der Studien hunn iwwerdeems d’Erwaardungen net erfëllt. An dem Educatiounsminister Claude Meisch gëtt e Mangel vun Transparenz virgeworf. Am Po...

Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen? 10.07.2026

Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d’Appell zu Paräis huet d’Strof fir d’Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen virgeworf ginn ass a wéi sech d’Urteel op déi franséisch Presidentewale wäert auswierken. Dobäi gi mir och op Parallellen zu...

Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung? 03.07.2026

Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d’Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d’Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet relativ gutt: Obwuel vill Industrienatiounen hir Gelder gestrach hunn, wëll de Grand-Duché weiderhi vill Sue fir d’K...

KI an Aarbecht 19.06.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. “KI geet d’Aarbechtswelt revolutionéieren” heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d’Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi “Pro-Tech” an “Pro-KI” ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech am Aarbe...

Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg? 12.06.2026

Haut um Freiden ass den Asyl- a Migratiounspakt vun der EU a Kraaft getrueden. Esou just nach mat Zäit goufen déi entspriechend Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Op Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, kommen domadder eng ganz Rëtsch Nodeeler duer, obwuel et och e puer punktuell Verbesserunge gëtt. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui wat sech konkret ännert...

Blutspende: Anhaltende Diskriminierung 05.06.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben, um Vollblut spenden zu dürfen – eine Regelung, die sic...

KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand? 29.05.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d’Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d’Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D’Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin geschwat, deen als ee vun den éischte...

Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ? 22.05.2026

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, retour sur le discours sur l’état de la nation prononcé par le Premier ministre Luc Frieden le 19 mai. Entre appels répétés à la cohésion et au « vivre-ensemble », annonces sociales et fiscales, et silences éloquents sur les fina...

Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll 15.05.2026

Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale Strukturen net eens ginn, oder guer net emol an dëse System kommen, zum Beispill well si sech schummen. Och de Phänomen, datt beispillsweis Le...

Klimagipfel zu Santa Marta 08.05.2026

Am Bistro mat der Woxx Klimagipfel zu Santa Marta All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem...

Wéi Russland vum Irankrich profitéiert 30.04.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast sch...

Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd 24.04.2026

Am Bistro mat der Woxx Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d’Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, krite...

Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d’Patronat seet 17.04.2026

All Joer mécht d‘Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce finanzéiert ass, ee Rapport iwwert déi wirtschaftlech Lag vum Land. Si gesäit éischter schwaarz fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie: Net genuch Wuesstem, net genuch Produktivitéit – an iwwerhaapt géif et ze vill Paperassen a Prozedure ginn. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi vill vum dem Rapport fir bor Mënz ze huelen as...

Ascultă podcastul Am Bistro mat der woxx în Replaio

Radio și podcasturi într-o singură aplicație - gratuit și fără înregistrare. Instaleaz-o azi și nu rata lansarea

Descarcă din Google Play

Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice