Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Elteren an hir Kanner – ee staarkt Team – de Podcast vun der Eltereschoul, an deem Där villes gewuer gitt, iwwert d’Zesummeliewen an der Famill, d’Entwécklung vun de Kanner a wat si brauche fir stark, jonk Erwuessener ze ginn. Kanner erzéien ass duerch d’Entwécklungen an eiser Gesellschaft ëmmer méi komplex an eng grouss Erausfuerderung fir d’Eltere ginn. Tëschent de beruffleche Flichten an dem Liewen an der Famill, jongléieren d’Elteren fir hiren Alldag sou gutt wéi méiglech ze meeschteren. D’Eltereschoul gëtt an dësem Podcast Informatiounen ronderem déi wichtegst Aspekter vun där flotter Auf...
Não deixe de visitar o site do podcast e apoiar quem o produz: www.kannerschlass.lu
Autor
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Categoria
Site do podcast
Último episódio
7 de jul de 2023
Onde ouvir?
Podcasts no app Replaio Radio Em breveOs podcasts estão chegando ao app. Instale agora e seja o primeiro a descobrir um jeito totalmente novo de curtir podcasts
Episódios
Ee staarkt Team Episod 11 - et gëtt een net als Grousseltere gebuer 07.07.2023 40:03
An der 11. Episod vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d’Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvol...
Ee staarkt Team: Episod 10 - Geschwëster 27.04.2023 50:38
Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädag...
Ee staarkt Team Episod 9 - Manner Stress am Familljenalldag 30.01.2023 50:21
Manner Stress am Familljenalldag D’Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d’Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an...
E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ? 06.12.2022 1:41:47
La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode! Discussion avec Eliza Smierzchalska Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l’éducation et le statut de l’enfant ? Comment ce responsable d’un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l’enfant autonome ? Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu’est-ce qui...
E staarkt Team Episod 8 - De Burn-out parental verstoen 13.10.2022 44:55
An dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass. Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen? Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d’Elteren a fir d’Kanner. D’Tania He...
E staarkt Team Episod 7 - Schlof Këndche schlof 27.06.2022 35:28
De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d’Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kan...
Ee staarkt Team Episod 6 - Ech kann dat schon eleng 02.05.2022 22:38
Eltere vu klenge Kanner stelle sech ëmmer erëm d’Fro, wéini muss mäi Kand wat kënnen a wat ass, wann et dann eppes nach net sou gutt fäerdeg bréngt? Äntwerten op dës Froen an nach villes méi, héiert Dir lo an engem Gespréich tëschent dem Jeannine Schumann an dem Ana Luisa Carrilho vun der Eltereschoul. De Podcast dréint sech ëm folgend Punkten: Wat heescht dann eigentlech Autonomie? Wéini muss mäi...
Ee staarkt Team Episod 5 - Pubertéit ass... 16.02.2022 38:28
Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiung. D’Haapttheeme sinn: D’Gehier vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behal...
Ee staarkt Team Episod 4 - A wann et dann awer mol schwiereg ass.... 03.12.2021 41:03
An dëser Episod kucke mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kënnt, wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung, wéi ee sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Eltere sinn an Erzéiung mat enger Faarwepalett ze dinn? - Wéi kënne systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi...
Ee staarkt Team Episod 3 - Modern Erzéiung 27.10.2021 28:50
An dëser Episod gidd Der gewuer wat d’Elteren a Kanner mat enger Sportsekipp an hirem Coach ze dinn hunn. Mir kucken eis d'Grondiddien an Prinzipië vun enger "moderner" Erzéiung un Dëst erwaart iech am 3. Episod: - Wat huet sech an der Covidzäit fir d'Eltereschoul an hirer Aarbecht verännert? - Besoinë vun eisn Kanner fir staark Erwuessener ze ginn - Wat huet Erzéiung mat enger Sportsekipp an hire...
E staarkt Team Episod 2 - Et gëtt een net als Eltere gebuer 29.09.2021 28:31
An eiser zweeter Episod schwätze mer doriwwer wéi d'Eltereschoul ob d'Iddi komm ass e Cours fir d'Maternitéen ze organiséieren a wéi dëse Cours ofleeft. Mir ënnerhalen eis iwwer d'Erausfuerderung fird' Famill an awer och fir d'Koppel, déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast agi sinn: - Firwat sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Theema Erzéi...
Ee staarkt Team Episod 1 - D'Eltereschoul stellt sech vir 09.07.2021 22:18
Am éischten Deel geet et ënner anerem drëms firwat et iwwerhaapt eng Eltereschoul gëtt, an ob et dann iwwerhaapt wichteg ass Kanner ze erzéien. An dëser Episod gin mer ob folgend Froen an: - Wéi ass d'Eltereschoul 2002 entstanen? - Geet Erzéiung net einfach esou? - Wou kann een d'Eltereschoul iwerall fannen? - Wéi schaffe mir an der Eltereschoul? - Wéi gesäit d'Eltereschoul Erzéiung? Ob all dës Fr...
Podcasts parecidos
O Replaio não é o publicador dos podcasts; os nomes dos programas, as capas e o áudio pertencem aos seus autores e são distribuídos por feeds RSS públicos