Shade
SPIRITUALITEIT riicht eraus
Deen éischten an eenzegen lëtzebuerger Podcast iwwer Spiritualitéit. Spiritualitéit, wou Licht und Liebe dee selwechten Waert hun wéi Schied, Zefriddenheet, Rou, Nuecht, Yin a Yang. Esoterik, déi buedemstänneg betruecht gëtt an déi och e kriteschen Bléck op den Fakt zouléisst, firwat së oft nët escht geholl gëttEn Podcast deen weist, wéi alles verbonnen ass an wéi vill Saachen, déi nët sichtbar sinn, trotzdem an eiser Welt interagéieren.-------------------Fir Froen en Feedback kënnt Der mëch gären kontaktéieren:https://www.facebook.com/groups/metacompass
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Pädagogie 12.06.2024 16:36
Dass Pädagogie schonn säit laangem iwwerliewt ass, gëtt oft nët ugeschwat. Hei e klengen Tour duerch d'Themen wéi Pädagogie an Andragogie an e Kand weder wéi en Erwuessenen ze behandelen, nach fir en Idiot ze halen
Theorie vs Praxis 10.06.2024 13:21
Leider erliewen ech emmer mol erem Leit, déi mengen, si géifen sëch an engem Thema auskennen, well se Bicher driwwer gelies hun. Hei well ech drop opmierksam maachen, dass et nët duer geet "Professor" ze spillen, mee wéi wichteg et ass, déi Saachen, déi een liest och Schratt fir Schratt auszeprobéieren, fir eegen Erfahrungen ze maachen.
Bewosstsäinserweiterung 08.06.2024 11:12
E klengen Tour zum Thema un sëch, mat engem kritesche Bléck op de Gebrauch vun spirituellen bewosstsäinserweidernd Drogen an der hieren Mëssbrauch an eisen Gebitter
Pentagramm 05.06.2024 11:48
Leider fënnt een och zum Pentagramm oft New-Age-Informatiounen, déi näischt méi mat dem Ursprong ze dinn hunn, och wann et oft mat der Packung "Uraalt Wëssen" verkaf gëtt. Hei mol e klengen Ableck, wat et domat wierklech op sech huet.
Magie 02.06.2024 20:26
An dësem Podcast gräifen ech d'Thema Magie méi allgemeng un.
Klengt Vollek 31.05.2024 15:09
Hei geet et mer nach manner drëm, détailléiert iwwert déi verschidden Wiesen ze schwetzen, mee eisen allgemengen Bléck eng Kéier ze betruechten.
Kollektivt Ennerbewosstsäin 29.05.2024 15:37
Hei eng Erklärung, firwat eis Gesellschaft funktionéiert wéi se funktonéiert, an inwéifern mer drun schaffe kënnen, fir dass dat kollektivt Ennerbewosstsäin an eng aner Richtung zitt.
Materiellt and Geld 26.05.2024 20:30
Ganz oft gëtt et sou duergestallt, dass Geld an dat Materiellt an enger spiritueller Welt näischt verluer hunn. Inwéifern allerdengs bedeit dat just, einfach eng Schwëngung ze bekämpfen.
3 x Retour 24.05.2024 18:44
Dass Guddes wéi Schlechtes 3x op een zereckkommen ass eng Ausso, déi et säit Wicca gëtt. Inwéifern dës en reliéisen Doguma ass, an inwéifern et trotzdem nët duergeet ze soen 'ech glewen nët drunn, also geschitt et nët' erkläeren ech an dësem Podcast.
Reiki 21.05.2024 22:19
Wou sin mat der Zäit d'Fehler an der Technik an der Ethik vun Reiki an Reikianer opgetaucht, déi ech nët nëmme selwer hunn misse materliewen mee och am Austausch mat Leit, déi Reiki krouten oder et gemeet hunn, erkläert krut
4 Säiten vun enger Noriicht 19.05.2024 13:21
Besonnesch bei wichtegen Noriichten ass et wichteg, verschidden Punkten ze beuechten, fir dass mer eisen Deel dovun maachen, dass mer richteg verstanen ginn. Allerdéngs vermettelt den Grousdeel vun denen Leit, déi Informatiounen um Internet verbreeden den Androck, wéi wann just deen, deen nolauschtert, responsabel wier, de Message richteg ze verstoen.
Reesen 17.05.2024 28:22
Iwwer d'Joren huet sëch d' Définitioun vun den spirituellen Reesen geännert an och hei well ech en Tour maachen, fir d'Ennerscheeder ze erklären awer och weider Aspekter, wourop een oppasse kann, méi kloer ze maachen.
Weiblech Spiritualitéit 14.05.2024 28:16
Déi beschten Aart a Weis ze gesinn, an wat fir eng Richtung eppes lafe waert erkennt een, wann een d'Geschicht vun der Mënschheet allgemeng an Betruecht zitt. Dat maachen ech hei zum Thema vun der heuteger soi-disant weiblecher Spiritualitéit, déi all Dag weider Auswüchs dreift déi an Extremer eragräift déi sech vun Sekten nët méi ënnerscheet. Bedenkt emmer, wann den Pendel wäit an eng Richtung ge...
Individualitéit vs Identitéit 12.05.2024 10:55
An eiser Gesellschaft gëtt Identitéit an dat mat aneren Saachen identesch ze sinn, extrem gepushed. Ech wëll hei drop agoen fir ze weisen, inwéifern do Saachen verwiesselt ginn.
Walk-Ins 10.05.2024 16:39
Walkin ass e Wuert, dat sëch an der New-Age-Esoterik jorelaang gehalen huet, an ech mengen, de Grond, firwat ech em nët méi begéint sinn läit einfach drun, dass ech mech aus der Szene zimmlech erausgezunn hunn. Allerdéngs ass déi nei Form dovun an eiser heuteger Trans-Gesellschaft ze fannen, wou Leit sëch als Déieren identifizéieren. Hei eng kleng Reess duerch dëst Thema
Inkarnéiert Engelen 07.05.2024 15:06
Doreen Virtue huet dee Gedanken vun inkarnéierten Engelen an villen Käpp festgesat an an der New-Age-Esoterik ass et leider haut nach Programm, dass e Leidenswee domat erklärt gëtt. Hei e puer Usäz, dass een dat Thema och aaneschtes kucke kann.
Aura flicken oder heelen 05.05.2024 20:35
Oft héiert een dovun, dass energetesch Heeleren Lächer an der Aura flicken. Ech wëll hei op d'Responsabilitéit vun engem selwer agoen, an d'Thema erweideren, an soumat och d'Iddi vum Schutz nach eng Kéier opgräifen.
Dämonen 03.05.2024 21:13
Och hei wëll ech en Tour maachen duerch dës Welt, fir drop hinzeweisen, wéi oft eppes vun Mënschen définéiert gëtt, wat villäicht eng ganz aner Saach ass. Ech ginn lo hei nët op d'Thema Schutz an, wëll just de Bléck op Dämonen erweideren
En Tour duerch d'Thema vum Doud 30.04.2024 38:00
D'Thema vum Doud an vum Liewen duerno ass ze grouss, fir et an ee Podcast ze brengen. Ech probéieren hei, den Tour allgemeng ze maachen, an sinn natierlech offen, weiderhin Froen dozou ze beäntweren an Iech weider Aspekter zu den 'aneren' Ebenen an zu der Reinkarnatioun ze ginn. Zéckt w.e.g. ¨mech dowéinst ze kontaktéieren.
Hexenwonn 28.04.2024 26:43
Wat huet et mat denen Themen op sëch
Generatiounstrauma 25.04.2024 24:22
En Tour duerch d'Welt vun den Traumata bis zum Ursprong hin
Modernt Heedentum 23.04.2024 10:14
Wann Heeden erem zereck zur Natur wëllen... an dat um Internet erklären ;)
Taiji 20.04.2024 11:06
Wat et mat Yin a Yang wierklech op sëch huet
Chrëschtlech Hexen 18.04.2024 9:12
Wat hannerläit der Iddi,onbedingt um Chrëschtentum an um Hexentum gläichzäiteg wëllen festzehalen.
Kraaftdéieren 15.04.2024 18:03
En aneren Bléck of Kraaft and Totemdéieren
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.