Speakeasy
Speakeasy Podcast
Fir all Är philosophesch Froen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Kommunismus - Praxis 01.06.2018 23:36
Deel 2 vun 4 aus eiser Rei iwwert Kommunismus. Des Kéier iwwerfléien déi verschidden konkret Ëmsetzungsversich vun den kommunisteschen Ideeën. Diskussiounspartner: Christophe Schmit. .
Kommunismus - Théorie 27.05.2018 14:38
Wat ass Kommunismus? Wei eng Ideeën an Konzepter verstoppen sech dohannert? Mir iwwerfléien déi wichtegst Gedanken an dësem éischten Deel aus enger Serie vun 4 Podcasts. Gespréichspartner: Christophe Schmit
D'Schëff vum Theseus an den Problem vun der duebeler Identitéit 05.05.2018 15:45
All Saach ass eppes...oder kann se net vläicht och méi wei eppes sinn. Oder kennen net vläicht verschidden Saachen dat selwecht sinn? Fannt et raus bei eiser Diskussioun vun "aneren" Problem zum Schëff vum Theseus. Diskussiounspartner: François Wirion
D’Schëff vum Theseus an den Problem vun der Identitéit 13.04.2018 12:49
Wat mëscht mech aus? Oder Iech? An wouhier weess ech, dass ech nach ëmmer ech sinn, och wann ech 10 Joer méi aal sinn wei ech virun 10 Joer war? Klengt abstrakt? Ass et och! D'Fro vun der Identitéit ass eng ganz aal, an mir ginn eis emol ukucken, wat dohannert stécht! Schiff ahoi! Diskussiounspartner: François Wirion
Doudesstrof - D'Argumenter 25.02.2018 21:40
Déel 2 vun eiser Épisode zur Doudesstrof, an desem Déel kucke mer eis dei verschidden Argumenter pro a contra un, an diskuteieren, op et eng eendeiteg Positioun gett. Diskussiounpartner: De François Wirion
Doudesstroof - En kuerzen Iwerbleck 25.02.2018 9:56
d'Doudesstrof - Déel 1 En kuerzen Iwerbleck iwert d'Geschicht vun der Doudesstrof an desem eischten Déel. D'Argumenter analyseieren mer an Déel 2. Diskussiounspartner haut: de François Wirion
Kilonova - kosmescht Gold! 25.12.2017 27:38
Den leschten Podcast fir 2017 - an den 20. fir den Speakeasy! En Planéit aus Gold - ni méi schaffen goen! Wou, wei, wat? Eng Diskussioun doriwwer, wei mer erausfonnt hunn, dass et déi "Äerd aus Gold" gëtt, wou se ass, asw. Oder, méi seriö: Wat kenne mer aus enger Kilonova leieren! Diskussiounspartner: Den Robert
As Nationalsozialismus eng Alternative? 14.12.2017 35:35
Wielen goen? Sech fir Politik interesseieren? Biergerpflichten? Wahlprogrammer! Puh...ustrengend! Do muss een jo aus dem Canapé opstoen an d'Gehier anschalten! Mais et gëtt Alternativen, z. B. Totalitarismus. Dofir diskuteieren mer haut, op Nationalsozialismus net besser wär ewei eng libéral Démokratie. Fräiheet, Gläichheet a Verantwortung oder Diktatur, Faschismus an Krich? (opgepasst: Sarkasmus!...
Eng Welt ouni Religioun? 09.10.2017 35:06
No eisem leschten Podcast iwwert Atheismus, haut eng Reflexioun doriwwer, wei eng Welt ouni Relioun géif ausgesinn. Dobäi diskutéiere mer och, ob dat iwwerhaapt méiglech wär (Relioun gëtt et a ville Formen, souguer ouni Gottheeten dran) oder wënschenswäert. Vill Spaass beim Lauschteren! Diskussiounspartner: De Franz
As Atheismus e Glawen? 23.09.2017 20:11
Di eng mengen, Atheismus wär keng Form vun Glawen, well Atheisten eben NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Di aner mengen, Atheismus wär wei all aneren Glawen, well Atheisten NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Wat da lo? As eppes dohannert, oder handelt sech just em Wuertspillereien? Diskussiounspartner: De Franz
As Philosophie doud? 06.09.2017 33:30
No enger klenger Summerpaus - bumm - direkt déi grouss Fro: Wat soll Philosophie iwwerhaapt nach? Gett een dovun glécklech, räich, beléift oder schéin (d'Äntwert as natierlech selbstverständlech!)? Geet et och ouni? Eng kleng Diskussioun aus dem Krisemanagement-Center vum Speakeasy. Diskussiounspartner haut: Pascale
Prison fier de Batman? 22.07.2017 49:35
En hellt d'Gesetz a seng eegen Hänn, an kämpft (anscheinend) géint d'Kriminalitéit. Mais as hien wierklech een vun deenen Gudden? Gehéiert een, deen sou handelt, net hannert Gitteren? Gespreichspartner: de Max an de Franz
Ghostbusters - Si Fraen die besser Männer? 07.07.2017 1:26:36
Firwat gëtt et ëmmer mei Film-Remakes, an deenen déi männlech Personnagen duerch weiblecher ersat ginn? Zeitgeist? Feminismus? Opportunismus? Eng Diskussioun zu där Fro, an nach vill aneren Saachen. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infoe iwwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35
Superjhemp retörns - Director's Cut 23.06.2017 1:04:03
2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi laang Versioun vum Interview, wou mer iwwert d'Plagen vun der Normandie, südamerikaneschen Kaffi, mais awer och Kachkéis an de Superjhemp schwätzen. Et gëtt och déi kuerz Versioun vum Interview - just mam Thema Superjhemp-Film. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjh...
Superjhemp retörns - Interview mam Régisseur 23.06.2017 29:24
2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi kuerz Versioun vum Interview, wou et just em de Film geet. Et gëtt och d'Directors-Cut-Versioun vum Interview, wou nach ganz vill aaner Sachen ugeschwat gin Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: http://www.podcasts.com/...
Fleisch ist mein Gemüse 10.06.2017 46:02
Iessen d'Vegetarier der Nahrung vun den Fleeschfrësser net d'Nahrung ewech? Oder as den Fleeschkonsum iwwerhaapt net mei ze rechtfäerdegen? Wat bedeit dat iwwerhaapt, e Liewen ouni Fleeschkonsum? Eng Diskussioun mat enger Veganerin iwwert Fier- an Nodeeler vun Vegetarismus an Veganismus. Diskussiounspartneren haut: d'Pascale & en surprise-guest
E Besuch am Jurassic Park - (k)eng gudd Idée? 29.05.2017 14:59
Dinosaurier gett et net mei an der Natur...mais vläit keint een se eng Keier klonen. Dat schengt awer vill Leit ze steieren, well et onnatierlech as. As dat wierklech e gudden Grond, op engem Rett um T-Rex ze verzichten? Diskussiounspartner: de Franz
Machiavelli - Eierlech Herrscher? 22.05.2017 17:23
It's good to be bad, oder net? All Mensch mengt emmer, et wär sou gudd, gudd ze sin. Mais as et net grad de Contraire? Sin Ligener net dei besser Herrscher? Diskussiounspartner: de Franz
Zäitréesen 12.04.2017 24:32
Dier hudd en Dinosaurier am Reckspigel? Dier schloft nemme kuerz op ärem Canapé an, an schon sin e puer Stonnen vergaangen? Vläit hudd dier jo eng Zäitrées gemach! Oder as dat onmeiglech? Diskussiounspartner haut: den Mario
Pastafarianism - jo oder nee? 26.03.2017 35:48
Eng Diskussioun iwert Pastafarianismus - wat as et, weisou gett et et, an kenne mer haut nach emmer Spaghetti iessen? Diskussiounspartner: de Franz
Gett et Aliens? 06.03.2017 21:41
Haut stelle mer eis d'Fro, op mer eleng am Universum sinn, oder op et och aner (intelligent) Liewensformen op aneren Planéiten gëtt. Diskussiounspartner: de Franz Hei d'Links zu den Punkten, dei mer am Podcast uschwätzen: Drake Equation https://en.wikipedia.org/wiki/Drake_equation Dyson Sphere https://en.wikipedia.org/wiki/Dyson_sphere Tabby's Star https://en.wikipedia.org/wiki/KIC_8462852
Framing - Eng Froo vun der Perspective 17.02.2017 14:04
Framing & den Framing effect - eng Diskussioun iwwert Bléckwénkelen an hiren Afloss op eist Denken Diskussiounspartner: de Max
Einhörner - real... oder real? 13.02.2017 11:21
Eis eischt Zuhörer-Fro: "Gett et Einhörner?" Diskussiounspartner: de Franz
As et ok, en Nazi ze schloen? - Deel 2 - D'Diskussioun 09.02.2017 31:05
Eng Diskussioun zur aktueller Fro, ob et ok ass, en Nazi an d'Gesicht ze schloen. Am (dësem) zweeten Deel diskutéiere mer doriwwer, firwat déi Fro sech haut iwwerhaapt stellt, a wat dat iwwert eis Gesellschaft ausseet. Diskussiounspartner: de Franz
As et ok, en Nazi ze schloen? - Deel 1 - D'Argumenter 09.02.2017 26:11
Eng Diskussioun zur aktueller Fro, ob et ok ass, en Nazi an d'Gesicht ze schloen. Am (dësem) éischten Deel kucke mer eis d'Argumenter un, an am zweeten Deel diskutéiere mer doriwwer, firwat déi Fro sech haut iwwerhaapt stellt, a wat dat iwwert eis Gesellschaft ausseet. Diskussiounspartner: de Franz
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.