RTL Télé Lëtzebuerg
PISA de Wëssensmagazin
Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Shootingstar Holz, 10/02/2019 Video 10.02.2019 27:59
Firwat den Naturproduit an ëmmer méi Beräicher staark gefrot ass
Déi zwee Nei!, 16/12/2018 Video 16.12.2018 29:58
No engem Joer a Betrib huele mer Iech mat an d’Kulisse vum Tram a Funiculaire Wéi funktionéiert eng vu de kierzte Standseelbunnen op der Welt? Wee schafft alles do? Wéi gëtt d’Seel kontrolléiert? A wat hu se wann et awer giff räissen? Beim Tram gesi mer firwat dee regelméisseg Sand op d’Schinne street. Op puer Plaze kleng fetteg Lächer an de Schinne sinn. A firwat d’Uewerleitung am Zick Zack verle...
Déck Loft!?, 11/11/2018 Video 11.11.2018 27:44
D’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg a wéi Ofgasen eis schuede kënnen. Et gesäit een se net. Mee se ass ëmmer do. Am Pisa kucke mir wéi propper oder knaschteg eis Loft ass. Wéi d’Schuedstoffer an d’Loft kommen. Op et schiedlech ass wann een an den Ofgase Sport mécht. An op een erausfënnt wou een ass wann een d’Plaz just um Geroch erkenne muss.
Wéi di Wëll duerch Lëtzebuerg, 30/09/2018 Video 30.09.2018 31:08
Queesch duerch Lëtzebuerg trëppelen. An dat just duerch Bëscher, iwwer Felder a Wisen. Geet dat? Wéi zersidelt ass eist Land? A kann een déi 70 Kilomter an zwee Deeg packen? Wéi di wëll duerch Lëtzebuerg. Am grousse Pisa-Summer-Challenge kommen den Olivier Catani a Mister Science rëm un hir Grenzen.
Lëtzebuerg ënner Waasser, 08/07/2018 Video 08.07.2018 28:21
Firwat an der Lescht sou dacks Staarkreen gefall ass a wéi Land a Leit sech dogéint schütze kënnen.
Modernen Akerbau, 10/06/2018 Video 10.06.2018 29:12
Roboter um Feld, Soja-Comeback an zu Lëtzebuerg an e Rise-Gras aus Asien. De Bauer fiert mat sengem Trakter iwwer d’Feld. Peekt d’Steierrad awer net un. Den Trakter fiert vum selwen. Bal op den Zantimeter genee seng Reien of. Am Pisa iwwer Zukunft vun der Landwirtschaft. Fuerscher wëllen de Soja op Lëtzebuerg bréngen, ouni Dünger. Si mussen d’Wuerzelen duerfir mat enger Bakterie impfen. De Mister...
Digital Medezin, 06/05/2018 Video 06.05.2018 29:01
Wéi d’Digitaliséierung och eis Liewenserwaardung verlängere soll.
De Fluchafen - Eng Welt fir sech!, 08/04/2018 Video 08.04.2018 27:52
Mir huelen Iech mat op Plazen déi een als Passagéier net gesäit.
Blot Gold – Ouni Waasser kee Liewen, 04/03/2018 Video 04.03.2018 28:15
Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren? Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Scie...
Faszinatioun Fotografie, 11/02/2018 Video 11.02.2018 26:43
Eng Rees duerch bal 200 Joer Geschicht vun der Fotografie Nach ni hu mir esou vill Fotoen gemaach wéi haut. Déi éischt Foto gouf viru knapp 200 Joer “geknipst”. Am Pisa huele mer Iech mat duerch d’Geschicht vun der Fotografie. Weisen wéi opwenneg et fréier wor, wann ee eng Foto maachen wollt. Erklären wéi ee seng Fotoen stockéiere muss, datt ee se méiglechst laang hale kann. A weisen, datt et beim...
Zauberwelt Luucht, 21/01/2018 Video 21.01.2018 27:55
Luucht-Experimenter déi een un d’Staune bréngen a wéi d’Liicht eise Kierper positiv an negativ beaflosse kann. Ouni Luucht, kee Liewen. Grad elo an der däischterer Zäit vum Joer brénge mir am Pisa e bësse Liicht an den Alldag. Weise wéi verschidde Raim ganz anescht wierken, jee nodeem wéi se beliicht sinn. A wéi eng Beliichtungsfeeler een net maache soll. Ze vill Luucht ass och net gutt. Duerch Li...
Chantier 3.0, 26/11/2017 Video 26.11.2017 26:44
Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert. Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi e...
Schong voller Féiss, 22/10/2017 Video 22.10.2017 26:47
Wéi eng Schong fir eis am beschte sinn a wat eis Féiss sou besonnesch mécht. Eist ganzt Gewiicht an alles wat mir droen, laascht op eise Féiss a Schong. Am Pisa weise mir wéi mer duerch e perfekt Zesummespillt vun eise Schanken am Fouss stoe bleiwen, wéi d’Féiss sech am Laf vun der Zäit aus Platt- an Huelféiss verwandelen. De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech mat plakege Féiss iwwer...
Pedalo Challenge, 24/09/2017 Video 24.09.2017 26:54
Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel! Wéi all Summer stellen sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’W...
200 Joer Vëlo, 02/07/2017 Video 02.07.2017 29:12
Geschicht, Mechanik an d’Grenzerfahrung Tour de France. Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucken mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d’Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucken wéi vill a wat d’Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen. A wéi d’Technik vun de Vëloen sech iwwer d’Jorzé...
Séisst Gold vun der Natur, 11/06/2017 Video 11.06.2017 29:02
Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen. Et si mat déi faszinant s Liewewiesen déi et ginn. D’Beie produzéieren awer net just Hunneg. Si bestäuben och d’Planzen. A vill vun deem wat mir iessen géif et ouni d’Bestäubung vun de Beien net ginn. Am Pisa gi mer méi gewuer iwwert des faszinant Déieren. Wéi se liewen, firwat se fir d’Mënschen sou wichteg sinn a w...
Kajak-Challenge, 14/05/2017 Video 14.05.2017 52:07
Emol queesch duerch d’Land. Mam Kajak iwwer d’Sauer. Vu Maartel eriwwer op Rouspert. Dem Olivier Catani an de Mister Science wëllen déi 108 Kilometer an dräi Deeg packen. Am éischte Pisa vun der neier Saison huelen si Iech mat op eng eemoleg Expeditioun. Et geet ënner ëmgefale Beem erduerch. Ganz no laanscht pickegen Drot. An eng Dose geféierlech Waasserfäll erof. Dobäi erliewe si de Floss aus eng...
Faszinatioun Physik, 30/04/2017 Video 30.04.2017 27:44
Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert. Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weise mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen a bis haut net wëssen firw...
Typesch Mann, Typesch Fraa, 02/04/2017 Video 02.04.2017 27:41
Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn! Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto type...
Kee Stress W.E.G., 05/03/2017 Video 05.03.2017 31:13
Wéi ee Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien. Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche...
Pimp my Food, 08/01/2017 Video 08.01.2017 31:13
Tricken vun der Liewensmëttelindustrie. Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert e...
Geheimnisvolle Biergbau, 27/11/2016 Video 27.11.2016 28:42
Vum ale Kofferschatz zu Stolzebuerg iwwer vergiesse Dolomit-Galerien op der Musel bis bei de moderne Space Mining. Space Mining ass zanter puer Méint dat Thema an der lëtzebuerger Économie. Wéi eng Space Mining Entreprisen komme bei eis an d’Land? Wat maachen si hei? A wéi realistesch ass Space Mining iwwerhaapt? Se si bal 8 Meter héich a gi wäit iwwer 100 Meter déif an de Bierg eran. Déi verlooss...
Öko-Logesch, 23/10/2016 Video 23.10.2016 28:35
Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn. Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lüftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen mee nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Ele...
Kläranlag Mënsch, 03/07/2016 Video 03.07.2016 27:57
Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung. Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. F...
PISA - SUPER-SCHLAU DÉIEREN!, 19/06/2016 Video 19.06.2016 28:56
Vill Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. Déieren fille keng Emotiounen a kënne keng Problemer léisen. Déi Erkenntnis ass scho laang widderluecht. Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. E Reiher zum Beispill benotzt Brout als Köder fir e Fësch ze fänken! Papageien léisen eng Aufgab un där souguer kleng Kanner sech d’Zänn ausbäissen. An et gëtt ee Schimpans dee kann eppes dat fir ei...
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.