RTL Télé Lëtzebuerg
PISA de Wëssensmagazin
Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Zaldoten am Blutt, 31/01/2021 Video 31.01.2021 25:41
Wéi d’Immunsystem eis um Liewen hält. Mir erklären mat engem Futtballmatch wéi eist Immunsystem funktionéiert. Wéi eng verschidde wäiss Bluttkierpercher hu mer a wéi eng mécht wat. De Mister Science sicht säin Impfpass. E wëll erausfannen géint wéi eng Krankheeten en immun ass. A mat engem klenge Kachcours weisen mer wat bei der RNA-Impfung géint de Coronavirus genee an eisen Zelle geschitt.
Wiederextremer a Klimawandel, 29/11/2020 Video 29.11.2020 26:16
Wéi eist Wieder sech verännert a wat de Klimawandel domat ze dinn huet Iwwerschwemmungen, Tornado an ee Rekordsummer nom aneren. Am Pisa froe mir no wéi eng vun dëse Wiederextremer mam Klimawandel zesummen hänken. De Mister Science erkläert d’Roll vum CO2 an der Klimadiskussioun. A mir léieren en Ingenieur kennen, dee d’Wieder mat Internet-Satellitte viraussoe wëll.
Stress fir Strooss a Chauffer, 25/10/2020 Video 25.10.2020 26:34
Iwwer belaaschte Stroossen a generften Automobilisten Ëmmer just rout, oder? Mir erkläre wéi d’Verkéiersluuchte geschalt ginn. An et mat der Grénger Well net esou einfach ass. Mir klammen an d’Kanalisatioun vun den Autobunne erof. Fir erauszefannen wou d’Waasser hileeft wann et reent. A kucken op se an de wäisse Strécher laanscht d’Fuerbunn wierklech Glaspäerele verschaffen. De Mister Science erkl...
Expeditioun am Fiels, 27/09/2020 Video 27.09.2020 26:49
Op Entdeckungsrees an där spektakuläersten Hiel vu Lëtzebuerg Den Olivier Catani a Mister Science seelen sech an d’Ste Barbe erof. Wéi opwenneg ass de Wee duerch déi grouss Hiel? Wéi ass dës ënnerierdesch Welt entstanen? Wéi eng Déieren iwwerliewe hei am Däischteren? A wat mécht des ënnerierdesch Welt esou besonnesch?
Alles op de Grill, 05/07/2020 Video 05.07.2020 27:48
Wat ee wësse soll wann d’Grillparty net zum Flop soll ginn Fleesch, Fësch, Geméiss. Um Grill schmaacht dat alles besser. Oder? Mir vergläiche Gaz- a Kuelegrill a weisen op wat ee beim Grillen oppasse muss. Mat dësem Kuelemeiler erkläre mer wéi een Holz a Kuele verwandelt. A mir teste fënnef verschidde Methoden fir erauszefannnen wéi een déi Kuelen am beschten ufänke soll. Mir maache puer Lager-Fei...
Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren, 14/06/2020 Video 14.06.2020 28:44
Wéi Viren eist Liewen negativ a positiv beaflossen. De Coronavirus bestëmmt weider eist Liewen. Am Pisa erkläre mir wéi Viren sech an eisen Zelle breet maachen. Firwat net all Virus eis krank mécht. Wéi d’Immunsystem géint Infektioune kämpft. A wat geschéie muss dass ee rëm op e richtege Festival ka goen. Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren.
Wanterblues!, 06/05/2020 Video 06.05.2020 2:32
Firwat ass et am Summer méi laang hell wéi am Wanter?
Wollek um Glas!, 01/05/2020 Video 01.05.2020 3:44
Firwat beschléit e kaalt Glas wann et waarm dobaussen ass?
Cafeine Boost, 29/04/2020 Video 29.04.2020 3:20
Firwat hält Kaffi waakreg?
Aua - Blo Plaz, 24/04/2020 Video 24.04.2020 3:31
Firwat kritt een eng blo Plaz?
Grëff zu de Stären!, 22/04/2020 Video 22.04.2020 3:10
Wéi héich ass den Himmel?
Verwandlung um Kiischtebam!, 17/04/2020 Video 17.04.2020 3:28
Wéi Bléie sech a Kiischte verwandelen!
Rätsel um Reewaasssertank, 11/04/2020 Video 11.04.2020 3:15
Firwat bleiwe schwéier Schëffer iwwer Waasser?
Melanin-Prabbeli, 10/04/2020 Video 10.04.2020 2:37
Firwat gëtt een an der Sonn brong?
Äis, 08/04/2020 Video 08.04.2020 2:53
Firwat gëtt Waasser fest wann et fréiert?
Schwéier Maschinnen op de Schinnen, 08/03/2020 Video 08.03.2020 27:22
Hannert de Kulissen vun der Eisebunn, wat een als Voyageur net gesäit. Op wat muss de Mécanicien vir an der Lokomotiv alles oppassen. Firwat ginn et Retarden. Wat geschitt am Stellwierk. A wéi laang brauch en Zuch bei maximaler Vitesse fir un d’Stoen ze kommen. Mir maachen eng Noutbremsung.
Den Auto vun der Zukunft – Nohalteg a sécher?, 09/02/2020 Video 09.02.2020 26:21
Wéi d’Technologien vu Moteur a Sécherheet sech ëmmer weider entwéckelen. Et ka sou séier goen. Am Pisa teste mir wéi séier ee mam Auto d‘Kontroll verléiert. Gesi wéini ABS an Airbag erfonnt goufen a wéi clever d’Autoen an Zukunft wäerte sinn. Vläit fuere mer jo och iergendwann mat Waasserstoff. E Fuerscher zu Lëtzebuerg wëll ee Wee fannen wéi een dee Sprit och kann emweltfrëndlech produzéieren. Ma...
Eis Kroun aus Hoer, 19/01/2020 Video 19.01.2020 29:09
Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden. Mir weisen wéi d’Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark...
10 Joer Pisa – De grousse Réckbléck, 08/12/2019 Video 08.12.2019 29:49
10 Joer staunen an entdecken. De Pisa feiert ronne Gebuertsdag. Mat engem Réckbléck op déi beschte Momenter aus engem Joerzéngt Wëssensmagazin. Ee Joerzéngt Aventuren, Adrenalin a Staunen. De Pisa feiert 10 Joer. Dat sinn iwwer 130 Sendungen. Mir feieren de ronne Gebuertsdag an teste mat engem Quiz, wat hänke bliwwen ass.
Déi faszinant Welt vun de Champignonen, 10/11/2019 Video 10.11.2019 27:32
Obwuel een déi meescht net iesse soll. Vill Leit net frou si mat deenen déi iesse kann, Champignone spillen eng ganz wichteg Roll an eisem Liewen. Ouni Champignone géifen eis Bëscher am doudegen Holz a Blieder erstécken. Am Pisa weise mer wéi d’Pilzer alles zersetzen. Gi gewuer wourunner een erkenne kann wéi eng gëfteg sinn. Waren an enger grousser ënnerierdescher Champignon s Ziichterei. Gesinn f...
Zréck an d’Steenzäit, 06/10/2019 Video 06.10.2019 27:46
Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d’Liewe virun 8.000 Joer. Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D’Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit. Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit. Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Li...
Aventure an de Stären, 30/06/2019 Video 30.06.2019 30:29
Weltall-Missiounen aus de leschte 50 Joer a wéi eng Roll Lëtzebuerg bei neien Expeditioune spillt
Merci Buedem, 02/06/2019 Video 02.06.2019 28:12
Et ass e reegelrechte Schatz op deem mir liewen Op der Musel baggere se ee vun de leschte Buedemschätz vum Land of. Mir weise firwat dee sou wichteg fir eis ass a wéi se de Muselsand vum Kisel trennen. Fuerscher wëllen de Buedem fruchtbar maachen. Ouni kënschtlechen Dünger. Si verwandelen duerfir d’Reschter vun Drauwen a Kompost. An de Mister Science wullt sech an eent vun de leschte Mouere vu Lët...
Digitaliséierung, 05/05/2019 Video 05.05.2019 31:16
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Eist Lëtzebuergescht, 24/03/2019 Video 24.03.2019 28:26
Vun Onsem Däitsch bei Eist Lëtzebuergescht
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.