Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#34 Dee mat de Snowflakes 14.09.2020 1:09:04
TRIGGER-WARNUNG: Leit mat Angscht viru Musek a Gesang sollten dës Episod iwwersprangen. Haut geet et ënner anerem em dem Jill séng nei Karriär dem Yannick säin Tommi-Schmitt-Trauma an e Sandwich-Lidd. Mir sinn och elo de Pressekonferenzpodcast an diskutéieren aktuell Gender-Kontroversen. Plus: Ironie-Sireenen, Vëlofuerer mat Alu-Helm, d'Cher, de Louis de Funès a woke Sitcom-Tipps.
#33 Dee mat der Vakanz 29.08.2020 54:35
Mir paken eis Wallis a mir huele matt... d'Von Nassaus op de Kanaren, Mendes-Flashbacks an Dschungelcamp-würdeg Backpack-Trips. Mat am Gepäck sinn och e gewëssene Granzlevel wéinst Vakanzemangel (ee vun eis) an de Versuch, eng national Institutioun ze bestiechen (deen aneren) souwéi déi schlëmmste Matratzen an déi schéinst Aussiichten.
#32 Dee mam Summerlach 2.0 15.08.2020 53:16
Et ass nach ëmmer August a nawell leeft iwwerhaapt näischt. Dofir gëtt et haut en erfrëschende Cocktail aus e bëssen 80er, Maccaroni am Dëppen, enger gudder Prise Koks, e puer Ohrwürmer, geféierlechem nostalgeschen Iessen an enger Grëtz Trash-TV. Enjoy chilled!
#31 Dee mam Summerlach 05.08.2020 1:00:08
Den August ass dëst Joer zwar héichsummerlech, mee nach méi ereignislos wéi soss. Dir braucht Beschäftegung? Say no more! Mir hu Brochlandungen am Fernsee an an der Zeitung fir iech, de neisten Dior-Parfum, eist Lieblingsalpaka, e Kaddo vum Beyoncé, Psychoterror a Realitéitsverloscht. Also alles wéi ëmmer. #crèmtiechan #dotärMaskun #maachtengPaus
#3O Dee mam Drëssegsten 18.07.2020 1:11:46
Endlech aus der Datz eraus: PAUS. feiert seng 30(st Episod)!!! Dofir hu mir eis eng national TV-Koryphäe invitéiert, déi hire Besuch ab der éischter Minutt bereit huet. Mir schwätzen iwwer Hollänner, Schëllerpolster an Immobilien. Stréckt iech un fir e Galopp duerch d’Film- a Fernsehlandschaft mat Autosaccidenter, Verwirrungen em d’“Sunlicht“-Affär a ville knusprege Geschichten.
#29 Dee mam Horoskop 11.07.2020 1:14:06
Don't call it a comeback! D'Yolanda an d'Miss Costa Rica si frou, endlech erëm do ze sinn a liewenswichteg Froen ze klären: Wéi eng T-Shirten huet de Keeleclub Nidderfeelen? Si Swarovski-Figuren en Zeechen vu Selbsthass? Wéi geet et dem Brad Pitt? Enner aanerem geet et och em houfreg léiend Zwillingen a komplett onemotional Kriibsen, plus Krawallbürsten a Leit, déi ze extra fir all Stärenzeeche si...
#28 Dee mat Mammendag 14.06.2020 50:49
Eng Episod voller Special Effects (alias technesche Probleemer a buerende Noperen) a Mammen vun allen Zorten. Eng vun hinnen kritt esouguer de „Gëllene Nerv“ vun eis iwwerreecht. Och nach dobäi sinn d’ Liewensretter vun Esch, d’ Mammegeräisch par excellence an eng Portioun Onwëssen zu „Game of Thrones“. PLUS: Weieng TV-Mamm déi legendäerst Frisur huet a mat wéi enger de Yannick sech besonnesch ver...
#27 #BLM 05.06.2020 1:20:14
#27 #BLM by Jill & Yannick
#26 Dee mat der Première 15.05.2020 1:06:40
An dëser Episod gi just déi wichteg Froe gestallt: Gëtt et zu Ibiza e Studenterabatt? Wéi oft kann d’Jill „domm Kou“ an enger Sendung soen? Wat sinn dem Yannick seng lescht Wierder um Sterbebett? Ass Thon eigentlech Poulet? An enger spezieller Episod fir déi vun der Coronakriis gebeutelt Primaner 2020 gëtt et zwar KENG sexy Strandstories, dofir awer Lloret-Geschichten, de „Faust“ an 10 Sekonnen a...
#25 Dee mat den Urban Legends 02.05.2020 1:10:53
Mir si rëm back together (wann och just virtuell)! Dës Kéier gëtt doriwwer debattéiert, wat iwwerhaapt eng Urban Legend ass an ënner anerem iwwer den Utopolis, Läichen a Männer aus der Atert geschwat. Dobäi gëtt et nach déng Kolleegen, déi soss ni Schäiss erzielen, Penibeles vum Tennis an dem Yannick säi Verwandtschaftsverhältnis zu engem däitsche Rocker.
#24 Dee mat den Challenges 18.04.2020 1:15:47
An Zäiten ewéi dësen verdreiwen sech d'Leit nach méi ewéi soss d'Zäit mat Challenges an ähnlëche Geschichten. Mir opferen eis op a probéieren der e puer fir iech aus. Enner anerem këmmere mir eis nach em essentiell Themen ewéi Polizisten op TikTok a Lieblingsmemes. PLUS: latäinamerikanesch Feierdeeg, traumatesch Besich beim Schouldokter a firwat de Yannick onbedéngt beim Marie Antoinette sengem Do...
#23 Dee mam YouTube 05.04.2020 1:13:08
Haut schwelge mir an Erënnerungen un déi gutt al YouTube-Zäiten a këmmeren eis em essentiell Froen wéi "Ass Tik Tok de neie YouTube?", "Ween der Däiwel ass d'Kombucha-Girl?" a natierlech "Ass Boomerang Tik Tok?" Mir hunn YouTube-Quarantän-Tipps mat schlampeger Animatioun, chauvinistesche Rapper a Beauty-Gurus mat iwwerrannte Mammen – PLUS d'Netflix-Must-Views fir iech an är ganz Mischpoke. Ausserd...
#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha 26.03.2020 6:30
#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha by Jill & Yannick
#22 Social Distancing Spezialepisod 22.03.2020 52:37
Eeeeeh....cuarentena... ay! Mir sollen, respektiv DÄERFEN doheem bleiwen a probéieren dowéinst, per Videochat sozial ze sinn. Et ginn ënner anerem folgend Froen beäntwert: Ass de Yannick schold un der Schwéngspescht a Spuenien? Wéi vill 90er ass ze vill fir e Quarantäne-Outfit? PLUS: technesch Probleemer, Podcast-Gossip, Ieselen, Beschäftegungstipps an e puer Gaaschtoptrëtter. Stay safe, stay insi...
#21 Dee mam Self Care 15.03.2020 1:08:48
Well e gewëssene Virus der vill vun eis zu enger Paus (pun intended) zwéngt a fir d'Saach nach méi schlëmm ze maachen, gëtt et haut e Spezialepisod mat Buzzfeed, Beverly Hills an Dehnübungen. Ob géint d'Langweil oder den aktuell nach méi stressegen Aarbechtsalldag, we got your back ++ WARNING: Et gëtt iwwerduerchschnëttlech vill gesongen. ++ P.S. : Merci all deenen, déi weiderhin am Gesondheetssec...
#20 Dee mat den Drag Queens 07.03.2020 1:21:24
Oh yes she better do! Entertainment, Popkultur, Konscht, politescht Statement... Drag ass méi ewéi Männer a Fraekleeder. Haut gëtt et e gratis Crashkuer an donieft këmmere mir eis och em Bodyguards, Sexismus an den onsympatheschste Podcaster.
#19 Dee mat der Fuesent 22.02.2020 54:17
Haut geet et em d'Föös, déi 5. Joreszäit, de Fasching an de Karneval. Wéi eng Verwirrungen ee mat Schwanecostumer a rosa Joggingen kann ausléisen, firwat zu Köln Doudelueden ronderëmgedroe ginn a wéi eng Zuchfaart ee kann zur Bei maachen, gitt dir wéi ëmmer just hei gewuer.
#18 Dee mam Doud 08.02.2020 1:15:29
De Januar war onendlech laang, mir ware krank an d'Welt steet virum Ënnergang. Dofir ass et elo eriwwer mam Spaass. Mir klären, wéi ee sëch am Lineheart zu Doud blaméiert an ob de Rumpelstilzchen a Wieklechkeet d'Beyoncé ass. #RIP #jesuisPaus.
#17 Dee mat der Digitaliséierung 18.01.2020 1:03:03
En Episod tëscht Jamba-Monatspaket, Exhibitionismus a Pappen op Facebook.
#16 Dee mam leschten Episode 01.01.2020 1:27:29
#16 Dee mam leschten Episode by Jill & Yannick
#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special 25.12.2019 1:35:48
#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special by Jill & Yannick
#15 Dee mam Christmas-Shopping 14.12.2019 52:09
Mir investigéiere knallhaart a sozialkritesch, wéi de Lëtzebuerger sech an der Adventszäit behëlt. Realitéit: Mir lästeren a jugéieren an engem Akafszenter, schwätzen iwwer Prostitutioun an terroriséieren zwou Fraen. Vill Spaass mat der éischter "On Tour"-Folleg vu PAUS!
#14 Dee mam Kino 30.11.2019 1:01:03
Adventszäit a Besënnlechkeet? Ugh, as if! Hei ginn et people living their best Kino-life. Ënner anerem dobäi sinn d'lëtzebuergescht Britney Spears, den Ice Cube an der Kannerdisco an den Inspector Gadget beim Nacho-Stand.
#13 Dee mam "cliffhanger" 17.11.2019 3:24
Mir entschëllegen eis fir deen technesche Problem. Eise Podcast hat decidéiert sech selwer ze "cliffhangen". Dofir hunn mer eng kleng Iwwerraschung fir iech an en neien Episode eropgelueden, wou just déi lescht dräi Minutte vum "Pet Peeve" Episode feelen. Vill Spaass mam wuel kierzten Episode, deen der op Paus wäert héieren!
#12 Dee mam "Pet Peeve" 16.11.2019 1:00:58
Och an dësem Episod schwätze mir erëm iwwer Themen, déi d'Welt beweegen: Wat ass eigentlech e Pet Peeve, wei éng däitsch TV-Perséinlechkeet brauch elo DRINGEND eng Paus a wat der Däiwel ass aus eisem Facebook-News Feed ginn?
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.