Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#84 Dee mat der MDMA-Therapie 23.10.2022 46:10
Haut gëtt et eng kleng Iwwerraschungsepisod: We say a little prayer a probéieren eng 4. Kéier, fir iech mat Mënscheverstand an der Mendes-Affaire 2.0 duerch de Sonnden ze guidéieren! E bësse "Sophies Welt", en Touch "Belle Epoque" an en Hauch TMI vum ORL. Et gëtt mam ZLS um Buchstaw geridden an zu Miersch gedanzt, e Knigge zum Frühstück giess an iwwer Smacks debattéiert. Opgepasst: Et gëtt onverhä...
#83 Dee mat der Mental Health Week 16.10.2022 1:06:54
World Mental Health DAY? Net mat eis! Mir expandéieren d'Konzept a maachen eng Woch fir iech draus... Blondinnen, Place to be Bambësch an de Bon Iver um Ballermann – nom Motto "It's not you, it's them" coacht de perséinleche Problempodcast iech mat enger extra héijer Alliteratiounsquote duerch dës ongemittlech Zäiten. D' Dream Sugar Pop Kardashian, pornösen Top Gun an e Glas Negroni (Spagliato) si...
#82 Dee mat der Ukënnegung 02.10.2022 1:15:01
Haut gëtt et "deepgrënneg", wëll de Feierkrop ënnert de Podcasts nees ënnerwee ass, fir psychologeschen a gastronomesche Verschwierungstheorien op de Fong ze goen. Op der Flucht virun der Schampespolice befaasse mir eis mat den Destiny's Child vun der Musel, mat Saumons Paschtéitercher a mat de Mean Girls aus der Chamber. Ween nach keen Hierschtblues huet, kritt en hei gratis: Traumatesches vum Sc...
#81 Dee mam Fiederwäissen ab halwer 10 18.09.2022 1:14:43
De Summer ass eriwwer an är Disneyprinzessinnen sinn erëm am Jumm! Mat Verkéier bis zum Verloscht vum Liewenswëllen, enger Meerjungfrau bei der Darts-WM an engem offiziellen Hochzäitslidder-Verbuet crashe mir der Queen hiert Begriefnis a schwätzen iwwer Aszendenten. Dir wëllt wëssen, géint wien de Yannick d'Jill ab nächster Kéier antauscht a wisou en Escape-Room en Trennungsgrond ka sinn? Da sidd...
#80 Dee (bal) mat der Fouer 04.09.2022 1:17:28
Är wilde Mäuse kommen haut mat enger gudder kaler Cola Light (oder Zerrro?!) em den Eck gejauft a behandelen delikat Themen ewéi Age-Shaming beim Leo an Tattooshaming zu Lëtzebuerg. Op der Polemik-Schëffschaukel gi Bicher rezenséiert, Ierfschaften a Steierproblemer beschwat a franséisch Rap-Karriären geplangt. Genial Geschäftsiddien, e bësse Gebuertsdag an eng Grëtz Woodstock stinn och um Sonndes-...
#79 Dei mam Schlëssel am Gesiicht 03.09.2022 11:08
Die große Italien-Spezial-Folge
#78 Dee mam Claire Luxlait 20.08.2022 1:15:43
Mir sinn haut am Puddingdeel vun der Aachtchen ënnerwee... Frësch aus dem Killrayon ginn et bodenlose Boomer-Beef, eng vill ze spéit Entschëllegung an e gudde Riecher fir Reality-Shows. On top hu mir 100% lokal Molkerei-Mythen, because it's gonna be a Luxlait summer! Ier de Yannick zum Jesus gëtt (wahlweis och zum Rihanna oder Joy Hoffmann) an d'Jill sech dem psychedelesche Surfrock widmet, test s...
#77 Dee mam "Liberté, Egalité, Beyoncé" 15.08.2022 1:25:44
Let's hit the club... oder den E-Lake. An der grousser Steißbein-Spezialfolge ginn et depriméierend Promi-News an Erweckungserlierfnisser zu London... Oh well! Et gëtt och nees ganz musikalesch mam Toni Braxton vun de Security-Leit, dem Patti LaBelle vun de Rollschung an dem Grace Jones. Mir sinn nach méi hopelessly devoted to ZLS ewéi soss an expandéieren äre Vocabulaire. Et gëtt och nees gewinnt...
#76 Dee mam Ballermann-Fame 30.07.2022 1:19:48
"Äddi, Salut an Ciao... mir fueren op de Stau." Net mat eis! Jidderee mëscht Paus – ausser mir (oh, the irony). Genéisst déi läscht Podcastfolgen, ier sech eis nei Alter Egos mam Atze Schröder an d'Oofgrënn vum Megapark verabschiden. Virdrun gi net nëmmen mir alles fir iech, mee och de René, d'Sophie Passiv-Aggressiv an d'Sheila an de Pol/Kevin. An eisem Club Med gëtt an der Dusch gekrasch, mam Go...
#75 Dee mat oder ouni Pride 17.07.2022 1:27:09
Willkommen, bienvenue, welcome! Ass et nach Pech oder scho Brujeria? Haut gëtt et e Pride-Special, deen anescht ass, ewéi geduecht. Et gëtt fléissend Spuenesch, "dei Aal vun haut", Drag Queen Witzer an d'Rocky Horror Hippo Show. D'queer vibes sinn dës Kéier esou staark, dass d'Jill Popstar-Wife gëtt an de Yannick ni méi heem wëll. De Podcast géint de niddrege Bluttdrock bréngt iech #justiceforWill...
#74 Dee mam gringe Koks 21.06.2022 1:17:01
E schéine Bonjour vun der Calabasas Këppchen! Är anonym Influencer ASBL ass haut prett fir gegrillte Barbien, bottomless Mimosas an eng Kippchen am Fliger. Um heißen Stuhl ginn et dës Kéier viral Däitscher, d'Waffen-SS an d'Stacie Orrico. Mir si prett fir Konschtperformances vum Peppa Pig an hunn erstaunlech vill Sonnebrëller am Gepäck. Scheitert mat eis um Transport Public a strike a pose fir en...
#73 Dee mam Dora the Plagiat-Explorer 05.06.2022 1:21:42
Paroles, paroles, paroles... Haut gëtt extra vill geschwat – a mir hunn eis nach kuerzgefaasst. D'Totschlagargument ënnert de Podcasts huet fir iech KENG "Stranger Things"-Spoiler, dofir awer e Sproochfeeler, Copy/Paste zu Stroossen an e bësse Breitmann. An dëser Episod schléisse sëch ganz vill Kreesser an de Claude François ass och dobäi. Op der Dagesuednung stinn ënner anerem d'zweet Fréijoer vu...
#72 Dee mam Trixie op der gayest place in the world 24.05.2022 1:12:14
Frësch aus dem Hotelszëmmer kritt dir haut e mini "Paus. on tour" mat engem opreegende Meet & Greet. Maacht iech waarm fir eng Ronn Dirty Dancing mam Harry an Gendergaga mam Gisela. Sidd dir prett fir de Sardellen-DJ, de BWLer Yannick an eng Liebeserklärung un d'belsch Haaptstad? Mir hunn niewt sproochlechen hate crimes och d'Kiwi, d'Toni an de Rüdiger mat dobäi. Ass Diddeleng eigentlech Transsilv...
#71 Dee mam lëtzebuergesche Coachella 08.05.2022 1:04:43
Haut gëtt eng ganz speziell Episod – frësch zerwéiert vun der éischter Ausgab vum Messtival! Sidd (quasi) live dobäi, wéi är léifsten Woo Girls op der Bün braddelen an d'Gäscht irritéieren, déi einfach a Rou en Thüringer iesse wollten. Ass Reckeng op der Mess d'Mailand vu Lëtzebuerg? Gëtt et an Zukunft e neit nervegt Instrument an eisem Podcast? A komme mir eisem Rap-Dram vläicht e Stéck méi no? N...
#70 Dee mam Klappen zu Capri 30.04.2022 1:12:16
Haut gëtt et eng Episod voller Froen: Wat ass de Code de la Posch? Wat maache Punks beim Louis Vuitton? A firwat ass de Yannick en Hond? Mir zerwéieren iech d'Macht der Magie, Baccarat Rouge fir d'Vollek a Mormonen. Dotëscht nach e bësse Rapp a Klapp viru Geriicht, de Sales-Lentz, deen Teenie-Dreem ruinéiert, elle Männer a Speck am Internet.
#69 Dee mam chrëschtleche Féiwerdram 16.04.2022 1:17:58
Um Ouschtersonndeg ersti mir fir iech op a brénge Coachella-Vibes, Bärlauch-Petzien a skandinavesch Verwirrungen. Mir hunn den Ende, de Ronni an d'Kitty fir iech verstoppt a schenken iech Visa-Probleemer, e Fussballerdrama an en TikTok-Trend aus den 2000er. Mat am Ouschternascht sinn haut och medial Kontroversen an natierlech de Jesus himself.
#68 Dee mam Flipper 27.03.2022 1:02:30
Um Bretzelsonnden schéngt d'Sonn an d'gëlle Klacken lauden... Leent iech zeréck a genéisst "The Sound of David", "Jenny and Marc in Love" an "The Thing about Bridget Jones". Mir liwweren iech e gudde Grond fir op Lamadeleine, reesen zeréck an der Zäit a philosophéieren iwwer Bao-Buns. Och d'Minions, d'Medizinnerkartell an Moudecomebacks aus der Hell si mat dobäi. Dir wëllt är Arachnophobia e bësse...
#67 Dee mat den Ankahdjahmz 06.03.2022 1:10:38
++ Trotz den aktuellen Ereegnisser hu mir eis dozou decidéiert, weiderhin Episoden opzehuelen, well fir eis Oflenkung eng gutt Aart a Weis ass, mat deem ëmzegoen, wat grad alles an der Welt geschitt. Falls iech also net no dommem Gebraddels ass, ignoréiert eis einfach.++ Gréissewahnsinneg Männer ruinéieren d'Welt an alles geet d'Baach an. Nieft Gedanken zur aktueller Situatioun am Zesummenhang mat...
#66 Dee mat de groe Wolleken um Lëtzebuerger Podcasthimmel 12.02.2022 1:03:55
Wake me up before you gay gay! Är Neandertaler mat Mikro si koffeinéiert and ready to investigate. D'Däumeline, de Lippi, e puer personal favorites an dem Vicky Krieps seng Schwëster sinn haut mat am Boot. Mir raumen mat de wëllste Gerüchter op: Wunnt de Yannick eigentlech zu Versailles? Gëtt et Drama am nationale Podcast-Game? A grënnt Paus. vläicht deemnächst seng eege Werbeagence? Huelt d'Ringl...
#65 Dee mam Tutu op der Q8 31.01.2022 1:08:36
New Year, New Paus: D'Enfant Terrible aus der Lëtzebuerger Podcastszeen ass nees do an huet e Makeover am Gepäck! Mat dobäi hu mir eng Panoplie vu wichtege Leit – ënner anerem den Heinz, de Max Concorde, d'Heidi a seng Boys, d'Fabienne, dee mam Brëll, den Dino an de Mr. Curtain Bangs. Maacht iech prett fir Logo-Mobbing, Bartreng-Mysteries a genetesche Corona. D'wichteg Froen vun der Woch sinn ënne...
#64 Dee mam Joresréckbléck 2021 31.12.2021 1:05:35
D'Joer ass gelaf, Omicron huet d'Welt am Greff an d'Influencer si nach ëmmer zu Dubai. De Luke ass nees do, d'Emily nervt zu Paräis an de Yannick ass de Peter Kloeppel. Et huet kee behaapt, et géing schéi ginn! Mir liwweren iech e Potpourri of "tone deaf" an e puer perséinlech Favoritten. En plus ginn et Netflix-Tipps fir Silvester an Neijoerschdag en extra Best Of als Kiischt um Kuch vum Wansinn,...
Dier 24 30.12.2021 9:41
Dier 24 by Jill & Yannick
Dier 23 23.12.2021 9:41
Dier 23 by Jill & Yannick
Dier 22 22.12.2021 6:26
Dier 22 by Jill & Yannick
Dier 21 21.12.2021 4:14
Dier 21 by Jill & Yannick
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.