FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Mäin Element
E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Author
FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Category
Podcast website
Latest episode
Jul 7, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Mäin Element - Raphaël Kies 10.08.2022 30:26
Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an...
Mäin Element - Guy Fagherazzi 19.06.2022 29:49
An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp...
Mäin Element - Bianca Nalbandian 25.05.2022 31:04
An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Probl...
Mäin Element - Hugo Parlier 15.04.2022 34:28
Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellu...
Mäin Element - Anne-Catherine Guio 12.03.2022 30:36
An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass,...
Mäin Element - Habiba Abubaker 31.12.2021 30:27
An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erzielt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben...
Mäin Element - Phillip Dale 10.12.2021 29:51
Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt...
Mäin Element - Annika Lutz 02.11.2021 31:35
Fir dësen Episod ass de Max an den 3D-Scanner geklommen. Dee steet nämlech um Campus Belval bei der Psychologin a Fuerscherin Annika Lutz a kënnt am Kader vun hire Fuerschunge mam mënschleche Gehier an Zesummenhang mat Iessstéierungen an den Asaz. D’Wëssenschaft ass fir d’Annika eng Liewensastellung, déi och beim Reitsport fir si laang eng wichteg Roll gespillt huet.
Mäin Element - Djamila Aouada 13.09.2021 29:40
An dësem Episod vu „Mäin Element“ geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwert d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi präsent d'Thema Feminismus haut an der Wëssenschaft ass.
Mäin Element - Paul Wilmes 23.07.2021 33:04
Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber w...
Mäin Element - Laurent Pfister 28.06.2021 30:36
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschu...
Mäin Element - Stéphane Bordas 25.05.2021 29:14
De Professer Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%. Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun...
Mäin Element - Anne Grünewald 21.04.2021 30:05
D'Professer Anne Grünewald an hiert Team fuersche mat Hëllef vu Mytochondrien un der Parkinson-Erkrankung. De Wee an d'Fuerschung huet scho fréi ugefaangen – an der Schoul, duerch déi richteg Proff an der Bio. An dësem Episod geet et ëm e Liewen am Déngscht vun der Wëssenschaft: Vu glécklechen Zoufäll zu Stockholm iwwer mësslonge Virstellungsgespréicher, nei Erkenntnisser an England bis hin zur Ën...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.