Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Author
Charel Krier, Julie Gerard
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 21, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
23 - Jeffrey Dahmer 08.06.2021 1:16:26
An dëser Episode beschäftege mir eis mam Fall Jeffrey Dahmer, ee vun de bekanntsten a schlëmmste Seriemäerder aus den USA.
22 - Wa Kanner morden... 26.05.2021 47:18
1957 kennt dat klengt Mary Bell op d'Welt, en klengt onschëllegt Kand, dat keng Léift kritt. Dëst huet Auswierkungen déi an d Onbeschreiflechst sech auswierken. Wat genau do geschitt ass fann dir an eisen neien Episode Raus.
21 - Gypsy Rose 11.05.2021 43:36
D'Gypsy ass en jonkt Meedchen dat zanter senger Kandheet gehäit ass. D'Gypsy ass schwéier krank an d'Liewe leet him a senger Mamm ëmmer méi Steng an de Wee. Am Joer 2015 ännert sech alles, bis eng traureg d'Wourecht un Dagesliicht trëtt.
20 - De Ruhr-Kannibal 28.04.2021 51:37
Am Juni 1976 huet d Police zu Duisburg eng grausam Entdeckung gemaach. Sie sinn op d'Spuere vun engem Seriemäerder gestouss deen 20 Joer laang onentdeckt gebliwwe war.
19 - Mord am U-Boot 14.04.2021 44:24
Am August 2017 huet den dänesche Constructeur déi schwedesch Journalistin op säin U-Boot ageluede fir en Interview. Den Dag drop taucht d U-Boot rëm op mee vun der Journalistin feelt all Spuer. Wat ass do virgefall?
18 - JonBenét Ramsey 31.03.2021 52:30
Chrëschtdag 1996, een Dag un deem ee mat der Famill zesummen ass an eng schéin Zäit verbréngt. Sou sollt et och bei der Famill Ramsey sinn. Bis de Moie vum 26. Dezember. D' JonBenét ass verschwonnen an en Erpresserbréif gouf fonnt. Mee wat stécht hannert dem Ganzen?
17 - Down the Hill 31.03.2021 48:58
Den 13. Februar 2017 sinn d' Abby (14) an d' Libby (13) zu Delphi op d' Monon High Bridge gaange fir Fotoen ze maachen. Do sinn si och ukomm, mee wéi de Papp si sollt ofhuelen, sinn d'Meedercher net opgetaucht. Den Dag drop goufen déi zwee dout opfonnt. Deen eenzegen Hiweis op Dot ass en Video deen d'Libby mat Snapchat opgeholl huet.
16 - Natascha Kampusch 31.03.2021 42:33
Natascha Kampusch gouf 1998 um Wee fir an d' Schoul entféiert a bis 2006 gefaange gehalen.
15 - Mini Special 31.03.2021 14:29
Als Entschiedegung fir eis Verspéidung, kritt dir hei en klengen Special mat Theorien an Froen.
14 - Devils Pass (Djatlow) 31.03.2021 1:22:46
Op mysteriéis Aart a Weis sinn néng Wanderer 1959 am Russeschen Uralgebierg ëm d' Liewe komm.
13 - Ed Kemper 31.03.2021 1:02:41
An dëser Episod geet et em ee vun de bekanntste Seriemäerder iwwerhaapt, den Ed Kemper. D´Julie huet sech getraut en Fall ze wiele vun dem de Charel vill weess.
12 - Quiz an Diskussioun 31.03.2021 1:30:32
An dëser Episod hunn mir kee Fall. D' Lisi ass rëm mat dobäi, mir maachen ee klenge Quiz a mir diskutéieren e bëssen iwwert True Crime.
11 - Isdal 31.03.2021 37:48
Ee Proff ass mat sengen 2 Meedercher wanderen, op eemol fannen si d' Läich vun enger onbekannter Fra. Wat ass mat hier geschitt?
10 - D' Läich am Waassertank (Elisa Lam) 31.03.2021 53:22
Am Joer 2013 ass eng kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen. E puer Deeg nom Verschwanne kloen d'Gäscht vum Hotel, datt eppes mam Waasser net stemmt. Wat ass do geschitt?
9 - D. B. Cooper 31.03.2021 1:10:20
Ee Mann huet 1971 ënnert dem Numm Dan Cooper en Fliger entféiert, 200'000$ akasséiert an ass aus dem Fliger gesprongen. Dëse Fall ass ënnert dem Numm D.B. Cooper bekannt ginn.
8 - Alcatraz 31.03.2021 28:57
Dréi Prisonéier ass 1962 d' Flucht vun Alcatraz gelongen. Ween dat war a wei se dat gemaach hunn, ginn dir an dëser Episod gewuer.
7 - Slenderman 31.03.2021 54:00
Dréi 12-Järeg Frëndinnen aus den USA hunn 2014 fir Schlagzeile gesuergt. Hiert Verbriechen huet mat der urbaner Legend vum Slenderman ze dinn. Wat ass do genau geschitt a wei eng Roll spillt de Slenderman?
6 - Russian Dollmaker (Anatoly Moskvin) 31.03.2021 48:05
Beim Duerchsiche vum russesche Staatsbierger Anatoly Moskvin sengem Appartement gouf eng grausam Entdeckung gemaach. Fonnt ginn goufen 29 mumifizéiert Läichen, dorënner 26 Kannerläichen.
5 - Frauke Liebs 31.03.2021 1:03:58
Zu Paderborn ass 2006 dat 20 Joer aalt Frauke Liebs verschwonnen, nodeems et mat enger Frëndin an engem Irish Pub en Match vun der Fussball-WM gekuckt huet. Déi folgend Deeg kommen ëmmer rëm SMSen an Uriff vum Frauke, mee Geneeës seet et ni. Am Oktober 2006 fënnt een dann d' Läich vum Frauke.
4 - Jack the Ripper 31.03.2021 2:20:51
1888 war d´ Zäit vum bekanntste Seriemäerder deen et gëtt... de JACK THE RIPPER.
3 - Lars Mittank 31.03.2021 48:35
Juni 2014, d' WM a Brasilien ass voll amgaangen an den 28 järege Lars Mittank ass mat Kolleegen a Bulgarien um Goldstrand an der Vakanz. Alles verleeft sou wéi et geplangt war... bis den Owend virun der Heemrees.
2 - Das Horrorhaus von Höxter 31.03.2021 50:19
Zu Höxter an Däitschland ass 2016 een Haus an d'Schlagzeile komm, well do iwwert d'Jore verschidde Frae festgehalen a schwéier mësshandelt goufen. An mindestens zwee Fäll hunn dës Mësshandlungen zum Dout gefouert. Dëst Haus krut an de Medien den Numm "Horrorhaus von Höxter".
1 - BTK 31.03.2021 1:20:53
An den 1970er Joren huet zu Wichita de BTK-Killer mat senger Mordserie ugefaangen. Déi Mordserie ass 30 Joer laang net opgekläert ginn.
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.