AQUEN
Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
„Loscht op Handwierk – Hannert dem Mikro“ ass de Podcast, deen d'Leit hannert dem Handwierk an de Fokus setzt. An all Episod léiere mir d'Mënsche kennen, déi hannert dem Handwierk stinn – mat hire perséinleche Geschichten, hirem Engagement a mat hirer Léift fir de Beruff. Eng Initiativ vum Pilotprojet Loscht op Handwierk , ënnerstëtzt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Chambre des Métiers.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 8 - Anne Leser, Zahntechnikerin 13.05.2026 13:25
In dieser Episode von „Loscht op Handwierk” lernen wir Anne Leser kennen. Sie ist selbstständige Zahntechnikerin bei Perla Dentics in Düdelingen. Ihre Ausbildung sowie die Meisterausbildung absolvierte sie in Deutschland, bevor sie sich im Jahr 2008 in Luxemburg selbstständig machte. Bereits in der 11. Klasse stand Anne vor der Entscheidung, ob sie studieren oder einen handwerklichen Beruf erlerne...
Episod 7 - Dana Stratmann, Optikerin an Hörgerätspezialistin 29.04.2026 12:48
An dëser Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech d’ Dana Stratmann vir. Si schafft als Optikerin an Hörgerätspezialistin bei Breuer – die Brille & Hörzentrum zu Gréiwemaacher. D’Dana hat schonn als Kand de Wonsch, en Handwierksberuff ze léieren. Am Ufank huet si dovu gedreemt, Néiesch ze ginn, mee no engem Stage huet si gemierkt, datt dat zwar e flotten Hobby ass, awer net de richtege Be...
Episod 6 - Mike Van der Goot, Coiffeur 08.04.2026 16:04
An dëser Episod vu Loscht op Handwierk léiere mir de Mike Van der Goot kennen. Als selbstännege Coiffeur féiert hien zënter 2022 säin eegene Betrib. Hien erzielt, wéi hien duerch Ausprobéieren a perséinlech Erfarungen seng Léift fir de Beruff entdeckt huet an sech schonn a jonke Jore selbstänneg gemaach huet.
Episod 5 - Christian Thoma, Kach 25.03.2026 15:49
An dëser Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech de Christian Thoma vir. Hien ass Kach an zënter 2004 selbstänneg. Zesumme mat senger Fra a senger Zwillingsschwëster féiert hien e Familljebetrib "Bei den Zwillingen" zu Jonglënster um Golf. De Christian erzielt, wéi seng Passioun fir d’Kachen an der Hotelschoul entstanen ass a wéi wichteg den Ekippegeescht an der Kichen ass. Hien er...
Episod 4 - Mathias Treinen, Mécatronicien 11.03.2026 16:38
An dëser Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech de Mathias Treinen vir. Hien ass Mécatronicien a schafft zënter dräi Joer bei Merbag SA. De Mathias huet verschidde Studien ausprobéiert, mee séier gemierkt, datt dëse Wee net bei hie passt. Dofir huet hien sech am Handwierk ëmorientéiert an ass senger Leidenschaft fir Autoen a Motoen nogaangen. Haut gehéiert hien zu deene Glécklechen, déi hir...
Episod 3 - Johanna de Santis, costume designer 25.02.2026 16:49
In this episode of Loscht op Handwierk, we meet Johanna de Santis . She is an independent costume designer, seamstress and maker who runs her own small studio, Atelier Spatz. Jo talks about her career change: after working as an economist for several years, she decided to pursue a new path after having children. She explains what motivated her to choose a creative, craft-based profession and how t...
Episod 2 - Remy Peters, Bäcker-Pâtissier 12.02.2026 19:33
An dëser zweeter Episod vu Loscht op Handwierk léiere mir de Remy Peters kennen. Als Bäcker-Pâtissier féiert hien zu Waasserbëlleg zesumme mat senger Fra hir eege Bäckerei. De Remy war schonn ëmmer kreativ an huet sech fréi fir d’ Handwierk begeeschtert. Duerch ee prägende Stage huet hie scho mat 14 Joer erkannt, datt de Wee vum Bäcker genee dee richtege fir hien ass.
Episod 1 - Charly Krau, Schräiner 28.01.2026 16:20
An dëser éischter Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech de Charly Krau vir. Hien ass Schräinermeeschter a féiert zënter fënnef Joer säin eegene Betrib zu Lëtzebuerg. De Charly erzielt, wéi seng Leidenschaft fir d’ Handwierk schonn an der Kandheet entstanen ass a firwat de Beruff vum Schräiner fir hie vill méi ass wéi nëmmen Holz ze verschaffen.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.