Kameidi

Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast

Music LB ↓ 152 episodes

The finest metal Podcast in Luxembourgest. 2020Reaction Videos 📽Podcast 🎙Interviews 🎤Reviews 📚Everything you need to start your Metal Journey! Our Episodes are spoken in either Luxembourgish, English, German or French

Author

Kameidi

Category

Music

Podcast website

linktr.ee

Latest episode

Dec 24, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

52. Kaffi's Paus: BLANKET HILL 15.10.2022

Ons Kaffi's Konversatiounen gi weider, des kéier mat dobäi den David vun der Hardcore Band BLANKET HILL, mir schwätzen iwwert Bandgeschicht, iwwert Cringe Momenter, den famousen Kopleschter Metalfestival an fokusséieren ons op hiren neien Album The Courage of Hopelessness deen deemnächst d'Liicht vun der Welt erblécke wäert.

51. Metal ass ons Musek 24.09.2022

Et ass erëm sou weit, Kaméidi ass zeréck, oder war villäicht och ni ganz fort. Op alle Fall, hunn rezent Evenementer eis dozou bruecht erëm zréck ze kommen. Eis Lëtzebuerger Metalheads déi an der Läscht op Social Media ënnerwee waren an de Sproch "Metal ass keng Musek" héieren hunn, wëssen vun wat mer schwätzen. Wat mir doriwwer denken an wat mer alles an deenen leschten Méint gemaach an gelauscht...

50. Our Favorite Bass Players 09.07.2022

Mir hunn eis virgeholl iwert eis favorite Musiker am Metal ze diskutéieren, an fänken mat engen Instrument un wat leider vill ze oft vergiess an och ënnerschat gëtt an zwa de Bass/Bassist. Wéi eng bekannt an och manner bekannt Musiker mer do op eiser Lëscht hunn fannt der hei.

49. Uncovered: Cradle of Filth 26.06.2022

Vun fillen gehaasst, vun fillen vergëttert, déi brittesch Titanen vun Cradle of Filth kenne ob eng stolz Carrière zeréck kucken wou sou munches ze bidden huet. Lauschtert bis eran wann der méi wësse wëllt.

48. Categorising Genres, a constant argument about personal opinions 11.06.2022

Wei dir wësst diskutéiere mir gären iwwer Musek, iwwert wat mer fleit nach léiwer schwätzen sinn déi verschidde Genren déi mir an der metallescher Musek erëm fannen, an wisou mir esou gären doriwwer schwätzen gitt dir hei gewuer

47. Uncovered: Blind Guardian 28.05.2022

Haut zéien mer eis déi wuel bekanntsten dätsch Power Metal Band op d'Long. Blind Guardian sinn bei Villen beléift an hunn och schonn eng beträchtlech Karriär hannert sech, an vill vun hiren Albumen suergen och schonn fir Discusiounen. Wat mir doriwwer denken an ze soen hunn, fann der hei.

46. #Let's talk: NU Metal 14.05.2022

Mir hunn se all matgemaach, the early 2000's hat eng ganz spezifesch Genre Saach un d'Dagesliicht bruecht, den Nü Metal

45. Artworks - Of Record Covers and Album Artworks- 30.04.2022

Et sinn der Kreativitéit keng grenze gesat, och net bei Metal Alben, ob Surreal, expressionistesch, klassesch, bluddeg, brutal oder dezent et gëtt vun allem wann mer eis Artwork an Coveren aus der Metalwelt ukucken. An genau dat hu mer gemaach!

44. Kaffi's Paus: PLEASING 16.04.2022

Dass ech groussen Unhänger vun Post-Musek sinn ass mëttlerweil keen Geheimnis méi, mee kéint et sinn dat ech zum Fanboy vun enger ganz bestemmter Band mutéieren? Absolut jo! -Gilles Kaméidi hat d'Jongen vun Pleasing agelueden an sinn mat Witz an charm an eng emotional an melancholesch Diskussiouns Ronn gestart. Lauschtert bis eran.

43. Uncovered: Behemoth 02.04.2022

Als Extreme Metal Band gehéieren se mat zu deenen Bekanntsten am Metal Business. Mir schwätzen haut iwwer Behemoth, eng Band iwwert déi schonn bal jiddereen seng Meenung huet an mat hirem kontroversen Frontmann Nergal och fir vill Gespréichsstoff suergt. Mir hunn eis dat ganzt ënnert Lupp geholl an wat dobäi raus komm ass, fann der hei.

42. The Highs and Lows of Record Labels 26.03.2022

Enn Plattendeal kann eppes Feines sinn mee et ass och net ëmmer alles sou einfach wei et op deen éischten Bléck wierkt. Responsabilitéiten, Deadlinen, Interviews etc. mussen agehale gin an kennen eng Band gutt wei och negativ beaflossen

41. Kaffi's Paus: GHOST NOISE 12.03.2022

Et war een absolutten Pleséier mat den Jongen vun Ghost Noise ze quatschen an bessen an déi melancholesch Post-hardcore Welt ze tauchen. Wat genau Ghost Noise fir Musek mëscht an wat et an Zukunft vun hinne gëtt fann dir hei.

40. Video Games and Metal 19.02.2022

Des grondverschidden Saachen sinn méi no verbonnen wei et ob den éischte bléck wierkt, taucht mat ons an déi fantastesch Video Game Welt an an entdeckt déi metallesch Aspekter vun der Game Welt.

39. Le Metal à la Française 05.02.2022

Ici on parle fançais, an dat metallesch! Mir kucken an déi franséisch Metall Scene bis eran an diskutéieren wat Frankräich alles un haardem ze bidden huet. Lauschtert bis eran!

38. Uncovered: Metallica 22.01.2022

Se brauchen keng Introduktioun, se hunn genuch opweises, ganz fill Guddes, leider och ganz fill kontroverse Saachen, mir hunn ons eng vun den Big 4 rausgekroopt an bëssen méi genau gekuckt wisou Metallica, oder eben wisou keen Metallica.

37. Kaffi's Paus: MINDPATROL 08.01.2022

Kaméidi ass och nees 2022 um Start, an mir fänken direkt un mat enger vun eisen Kaffi's Pausen. Des kéier hun mer den Luc an den Yann vun Mindpatrol dobäi an et gëtt nees vill diskutéiert, iwwer hier Geschicht, hiren leschten Album, Literatur an nach vill méi. Wat genau fann der hei.

36. The Best of 2021 27.12.2021

D'Joer ass seu gudd wei eriwwer, villes ass geschitt, vill Musek, vill nei Entdeckungen seu wei iwwerraschend Comeback's. Mir hunn ons iwwert ons lieblings Alben vun 2021 ënnerhalen, kommt an lauschtert bis eran an entdeckt och dier eppes neits.

35. #Let's talk: Folk Metal, Folk Tales & Pagan Legends 11.12.2021

Mir fueren weider mat eisen Genre Episoden, des Kéier zéien mer eis den Volk Metal op d'Long. E-Guitaren, Bass an Drums kenne mer alleguer, mee hei kommen dann och nach Dréiuergel, Duddelsak, Violin an nach ganz aner ausgefaalen Instrumenter an d'Spill. Wat et do alles ze wëssen kennt, fannt der hei.

34. The Non-Metal Stuff pt.1 27.11.2021

Och wann mer alleguer hei Metalheads sinn an gär doriwwer philosophéieren, huet jiddereen vun eis och aner Musek oder Kënschtler abseits vum Metal déi gär gelauschtert ginn. De Gilles an de Pit weisen iech wat si dann nach sou alles lauschteren, vleit ass jo eppes dobäi wat der selwer gär hutt? Vill Spaass beim lauschteren!

33. Kaméidi feat. The Metal Inspector: Hidden Gems of the Year 13.11.2021

Wei dir wësst, philosophéiere mer enorm gären, nach méi flott ass et wann mer een Gaascht hunn deen genau sou gären matschwätzt. Mir hunn ons den Metal Inspector agelueden an iwwert ons grouss Momenter vum Metalleschen Joer 2021 geschwat

32. Band Merch 30.10.2021

All Metalhead kennt et oder besetzt et och. Egal ob T-Shirten, Hoodies, Kappen oder Patches... Awer et ginn och nach méi ausgefalen Merch. Wat genau an ob d'Welt dat braucht fannt der hei.

31. Uncovered: Opeth 16.10.2021

An et geet weider mat eisen Uncovered Episoden. Dës Kéier diskutéieren mer iwwer Opeth, eng Band déi schonn vill Verwandlungen an hirer Karriär hannert sech hunn.  Wat genau gitt der alles hei gewuer.

30. A Year has passed 02.10.2021

Happy Birthday Kaméidi, Jo richteg, dir musst ons schonn een ganzt Joer laang erdroen an mir kucken zeréck ob fill Guddes an och komplizéiert Zäiten

29. Our funeral Songs 18.09.2021

Freier oder spéider gin mer all dohin, d Fro wou mir ons stellen ass wat fir eng Abschiedlidder mir gäre géingen héieren

28. Japan's finest 04.09.2021

Japan ass net dat éischt Land un wat een denkt wann een vun Metal schwätzt. Mee wéi och an eisem klengen Land gëtt et och do eng Zeen. Mir als Japan Nerds fillen eis verflicht dem op den Grond ze goen an kucken dat et do alles ze entdecken gëtt an wéi dat mat hirer Kultur zesummen hänkt. Vill Spaass

Listen to the Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.